Search

You may also like

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen
International Neiegkeeten

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen

Bei engem Äerdbiewen un der iranesch-tierkescher grenz sinn op mannst

dislike
Editorial: Grad den DSK huet et néideg…
International Neiegkeeten

Editorial: Grad den DSK huet et néideg…

De franséische Sozialist a fréiere Generaldirekter vum Weltwährungsfong (IMF), Dominique

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen
International Neiegkeeten

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen

Mat de fortschreidende Lockerungen hu sech vill als vulnerabel agestuuft

Räicher maache méi Knascht wéi déi Aarm

Räicher maache méi Knascht wéi déi Aarm

Laut der ONG Oxfam, verursaache räich Mënsche méi CO²-Emissioune wéi aarm Mënschen. An engem Bericht huet d‘Entwécklungsorganisatioun nogewise wéi grouss d‘Ënnerscheeder sinn.

Déi räichsten 10% vun der Weltbevëlkerung si fir méi wéi d‘Hallschent vun den CO²-Emissioune verantwortlech an de räichsten 1% verursaacht duebel esouvill klimaschiedlech Emissioune wéi d‘Hallschent vun den äermere Mënschen op der Welt. Oxfam fuerdert den CO²-Verbrauch vun de „Räichen“ anzeschränken, méi an ëffentlech Infrastruktur ze investéieren an d‘Wirtschaft endlech Klimagerecht ëmzegestalten.

Am Rapport vun Oxfam gëtt sech op déi klimapolitesch wichteg Joeren (1990 – 2015) konzentréiert wou sech d‘CO²-Emissioune weltwäit verduebelt hunn. Déi räichsten 10% vun der Weltbevëlkerung (ronn 630 Millioune Mënschen) waren an dësem Zäitraum fir 52% vun dëse klimaschiedlechen Emissioune verantwortlech. De räichste Prozent huet eleng 15% „verbraucht“ wärend déi „aarm“ Hallschent grad emol fir 7% vun den Emissioune verantwortlech ass.

Oxfam fuerdert am Kontext vun der 75. Un-Vollversammlung, datt besonnesch déi méi „räich“ hire CO²-Ausstouss zolidd drossele mussen, wann si eeschthaft eppes géint de Klimawandel ënnerhuele wëllen. Wann allerdéngs schonn den US-President allem Uschäin no dësen „Event“ boykottéiert, dierf ee sech froen, wien de Bericht vun Oxfam interesséiert. Dobäi ass de Klimawandel déi wäit méi grouss Gefor fir d‘Mënschheet, wéi de Covid19.

Illustratioun: © Morning Brew / unsplash

Link: Fënnef Saachen déi een zur Karbon-Ongerechtegkeet wësse sollt

Related topics 75. UN-Vollversammlung, CO²-Emissiounen, Klimawandel, Oxfam
Next post Previous post