Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
Money Neiegkeeten

Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa

D‘Zäit vergeet, an et ass och schonn den 3. Parteidag

Dëse Video erkläert, wat Homeopathie wierklech bréngt
Money Neiegkeeten

Dëse Video erkläert, wat Homeopathie wierklech bréngt

Homeopathie ass räichlech ëmstridden. Mee wat bréngt et wierklech? D’Äntwert

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller
Money Neiegkeeten

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller

Et war schonn déi 10. Editioun vun der Gamescom, an

money

Raiffeisen innovéiert mat der Kreatioun vun engem consultative Comité

D‘Bank Raiffeisen iwwerdenkt seng Gouvernance, wouduerch „physesch Clienten sech aktiv un der Gestioun vum Grupp bedeelege kënnen

Raiffeisen innovéiert mat der Kreatioun vun engem consultative Comité

Wéi de Generalsekretär vun der Kooperativ „Bank Raiffeisen“ am Communiqué vum 25. Februar et formuléiert huet, wäert sech d‘Bank mat engem consultative Comité ausstafféieren. Dëse Comité wäert aus engen 20 Persoune bestoen, déi der staarker berufflecher a geographescher Diversitéit vum Land Rechnung droen.

D‘Membere vun dësem Comité ginn ageluede fir sech op enger reegelméisseger Basis mam Verwaltungsrot auszetauschen. De consultative Comité soll dem Verwaltungsrot Impulser ginn, an sech mat dësem iwwert de Feedback vun de lokale Clienten ënnerhalen. Véier Membere vun dësem Comité sollen zudeem kënne vun de Memberen an de Verwaltungsrot gewielt ginn.

Mat dësem Schratt ginn op einfach Aart a Weis, a virun allem op eng transparent Manéier, all d‘Membere vum Grupp Raiffeisen Lëtzebuerg, an d‘Entwécklung agebonnen. Erméiglecht gëtt dat duerch de kooperative Modell vun der Bank. Déi kooperativ Philosophie gesäit eng staark Bedeelegung vu senge Membere vir, dat am Kader vun der demokratescher Gouvernance.

Wann elo dës Memberen sech an d‘Strategie wéi an d‘Entwécklung vun der Bank abréngen, esou hunn si keng ekonomesch Uspréch op den Aktiv. Dëst visionäert Konstrukt, dat virun engen 200 Joer op d‘Bee gestallt ginn ass, garantéiert eng gesond an desinteresséiert Gestioun, an dat mat deem erkläerten Zil d‘Aktivitéite vum Grupp se perenniséieren.

Eng kooperativ Bank huet zudeem net d‘Vocatioun enger kuerzfristeger Rentabilitéit nozelafen, well si net dem Drock vun den Aktionären ausgesat ass, déi héich Dividenden erwaarden. D‘Bank Raiffeisen notzt seng Beneficer vir de reglementéierte Ratio zefriddenzestellen, a säi Wuesstem op laang Siicht ze finanzéieren. An domatter ass de Projet nach net ofgeschloss.

De nächste Schratt gesäit vir, datt d‘Bak Raiffeisen mat sengen 13 regionale Keese wäert fusionéieren, an d‘Gréisst vum Verwaltungsrot reduzéiert. Dat entsprécht dann och der aktueller Tendenz vum europäesche Bankesecteur. Nieft de Representante vun de physesche Persounen, siegéieren am Verwaltungsrot d‘Vertrieder vun de Kooperativen an der POST.

Ganz wichteg ass et hei ervirzehiewen, datt de Projet esou wéi e virgeluecht ginn ass, weder zu engem Verloscht un Aarbechtsplaze féiert, an et och net zur Schléissung vun „Agencen“ kënnt. De Grupp sollt awer gestäerkt aus dësem Projet ervirgoen. Dat mat méi flëssege Prozesser, engem bessere Service fir de Client, enger besserer Gouvernance an am Respekt mat Grënnungskonzept.

Ähnlech Sujeten consultative Comité, Kooperativ, Raiffeisekees, Verwaltungsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel