Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sam Tanson iwwerhëlt kommissaresch de Justizministère
https://moien.lu/questions-to-ask-a-guy-when-you-start-dating/ dating in your late 40's

https://moien.lu/rocket-league-matchmaking-points/

Et ass keng einfach Aufgab an och nach eng Erausfuerderung:

https://moien.lu/drinks-hook-up/
https://moien.lu/questions-to-ask-a-guy-when-you-start-dating/ dating in your late 40's

De Leidelenger Referendum

Geet et de Bierger vun der Gemeng Leideleng no, zumindest

geek
Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen
https://moien.lu/questions-to-ask-a-guy-when-you-start-dating/ dating in your late 40's

Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen

D’Lescht Joer hat Mozilla säin neie Browser Firefox Focus fir

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss

Seoul huet de Moie gemellt, datt Nordkorea zwou Rakéiten an den Himmel geschoss huet. Et ass den Ament nach net gewosst ob et sech heibäi ëm en neien Test handelt, oder et just domadder ze dinn huet, datt Südkorea an d‘USA op e Neits gemeinsam Manöver virun der Grenz ofhalen.

De Kim Jong-Un an de Donald Trump haten sech nach virun e puer Wochen op der koreanescher Demarkatiounslinn d‘Hänn gereecht, an elo dat. De südkoreanesche Verdeedegungsministère huet matgedeelt, dat zwee net identifizéiert Fluchkierper an der Géigend vu Wonsan (nordkoreanesch Ostküst) ofgeschoss goufen. Si wiere 430 Km wäit geflunn an am japanesche Mier „gelant“.

Mat dësem „Test“ verstoussen d‘Nordkoreaner direkt géint eng helle Wull vun UN-Resolutiounen. Et ass Pyongyang jo eigentlech ënnersot ballistesch Rakéiten ze starten. Woubäi et trotz massive Sanktiounen dem „béise Jong“ vu Pyongyang ëmmer nees geléngt der Welt ze weisen, datt et si gëtt a si sech net dem imperialisteschen Diktat vu Washington a senge „Partner“ ënnerwerfe wäerten.

Washington bestëmmt d‘Spillregelen

Nodeems sech dem Donald Trump säin nationale Sécherheetsberoder Jim Bolton gëschter zu Seoul mat der südkoreanescher Ausseministesch, Kang Kyung-Wa, getraff an no der Entrevue géintiwwer de Medie gemengt huet: „Onst Zil ass et, d‘Allianz tëscht den USA a Südkorea ze stäerken. Eng Allianz déi de Fridden an dëser Regioun esou laang oprecht gehalen huet. Ech sinn iwwerzeegt, datt mir et zesumme wäerte packen, déi eis gestallten Erausfuerderungen ze iwwerwannen“.

Gemengt ass d‘Demonstratioun vu Stäerkt géintiwwer Nordkorea. Datt sech elo dat gemeinsamt Manöver vun amerikaneschen a südkoreaneschen Zaldoten eleng als „ofschreckend Moossnam“ géintiwwer Nordkorea soll duerstellen, dat kann een esou net gëlle loossen. Hei gëtt och deenen anere Groussmuechten – China a Russland – verdäitlecht, datt een op all Eventualitéite virbereet ass.

Dat dierften een zu Pyongyang als „Provokatioun“ gedeit hunn, firwat ee gläichermoosse beweise wëll, datt een engem méiglechen Aggressor och eppes entgéint ze stellen huet. Nach virun zwee Deeg hat déi staatlech Noriichtenagence KCNA iwwert d‘Inspektioun vun engem neien U-Boot, duerch de Kim Jong-Un, bericht. Och dat sollt mat de Sanktiounen eigentlech net méiglech sinn.

mat indymedia/sel/fuk

Illustratioun: Envato

Ähnlech Sujeten ballistesch Rakéiten, John Bolton, Kang Kyung-Wa, Kim Jong-Un, Militärmanöver, Nordkorea, Südkorea
Nächsten Artikel Virrechten Artikel