Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?
https://moien.lu/google-adsense-on-dating-sites/ hook up vs love

https://moien.lu/tanger-online-dating/

De spuenesche Regierungschef huet um Méindeg déi katalanesch Independantiste gewarnt,

tips for lesbian dating reddit
https://moien.lu/google-adsense-on-dating-sites/ hook up vs love

Däitsch Sozialdemokratie brauch gescheit Käpp

Säit Wochen – fir net vu Méint oder Joen ze

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm
https://moien.lu/google-adsense-on-dating-sites/ hook up vs love

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne

Rakéiten um perseschen Himmel

Och Teheran kuckt no ob d‘Arsenal hiergëtt wat ee sech dovunner versprécht

Rakéiten um perseschen Himmel

Während sech d‘Staats- a Regierungscheffe vun den „industrialiséierten Natiounen“ zu Biarritz mat Handelskricher, Klimanoutstand, Gendergerechtegkeet a villes méi ausenanersetzen, huet Teheran eegenen Aussoen no, eng nei ballistesch Rakéit un de Start bruecht.

De Generol Hossein Salami, Chef vun de Revolutiounsgarden, huet – esou zumindest déi iranesch Noriichtenagence Tasnim – um Samschdeg den erfollegräichen test vun enger ballistescher Rakéit gemellt. „Gëschter war nees een vun den erfollegräichen Deeg fir dës Natioun“, gëtt de Generol zitéiert. Zur Aart a Beschafenheet vun der Rakéit huet säitens de Revolutiounsgarde keng Info ginn.

Gewosst ass awer, datt den Iran eigentlech stänneg un defensiven a strategesche Systemer schrauft, fir seng Verdeedegungskapassitéiten um leschte Stand ze halen. Eng Moossnam déi och am Kontext vun der US-Aussepolitik ze verstoen ass. Säit der Kënnegung vum Atomofkommes an dem rezente Schlagaustausch an der Strooss vun Hormuz, gesäit sech Teheran vu Washington zolidd bedreet.

RakéitenUm Donneschdeg hat Teheran och nach dat selwer entwéckelt neit Loftofwiersystem „Bavar-373“ virgestallt. Et handelt sech bei dësem Betribssystem ëm eng mobil Ofschossbasis, déi mat Rakéite vu grousser Reechwäit ausstafféiert ka ginn. Et géif sech, esou amerikanesch Experten, heibäi ëm een dem russeschen S-300 ähnleche System handelen, méiglecherweis eng Weiderentwécklung.

Westlech Experten erhiewen allerdéngs ëmmer nees Zweiwel un der Funktionalitéit vun de Waffen déi am Iran entwéckelt ginn. Eng gewoten Thees wann ee bedenkt, datt den Iran wéinst de wäitreechende Sanktioune keng Waffen akafe kann, also quasi gezwongen ass eege Systemer ze entwéckelen. An datt d‘Iraner doranner eng gewëssen Expertise kritt hunn, ass onbestridden.

Rakéiten

De russesche S-300 Rakéitesystem

Datt de Regime vun der islamescher Republik och méi oder wéineger gezwongen ass, eege Systemer zur Verdeedegung ze entwéckelen, muss een der US-Aussepolitik zouschreiwen. Den US-President mécht keng Geheimnis draus d‘Ajatollahe stierzen ze wëllen an huet Saudiarabien – den Äerzfeind vum Iran – genuch Krichsmaterial verkaf fir zwee Kricher mam Iran féieren ze kënnen.

mat indymedia/tlv/bgd

Foto: © Iran Military

Ähnlech Sujeten Bavar 373, Iran, Rakéiten, Revolutiounsgarden, S300, Teheran
Nächsten Artikel Virrechten Artikel