Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!
Neiegkeeten

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!

Samsa Film ass houfreg matzedeelen, datt de Film „Superjhemp Retörns“

Bessere Marketing fir gudde Wäin
Neiegkeeten

Bessere Marketing fir gudde Wäin

Mat enger méi grousser Konkurrenz, Clienten déi nei oder aner

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous
Neiegkeeten

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous

Och dëst Joer huet d’Diddelenger Gemeng bei der Fête de

Rambazamba fir de Cactus

No ronn 18 Méint Gestreits ginn d‘Cactus-Direktioun an d‘Gewerkschaften elo an déi waarm Phas

Rambazamba fir de Cactus

Gëschter hu sech d‘Gewerkschafte LCGB an OGBL mat de Vertrieder vun der Cactus-Direktioun beim Mediateur zesummefonnt. Et war déi éischt vu wuel ville Sëtzungen, bei deenen et soll zum Kompromëss an Festleeung vum Kollektivvertrag kommen.

Dräi ganzer Stonnen hunn déi zerstridde Fraktiounen d‘Still beim Mediateur waarm gehalen. Dobäi ass leider näischt erauskomm, wéi et den David Angel, Zentral-Sekretär vum OGBL fir den Eenzelhandel, no der Sëtzung erkläert huet. Hien huet awer gemengt, datt et säitens der Direktioun esou eppes wéi e Signal zur Dialogbereetschaft ginn hätt. Wat gemengt ass, huet hien net verroden.

Gëschter Owend jiddefalls hat et nach kee Fortschrëtt ginn a wierklech Erwaardungen un déi nächst Sëtzung am Februar, kann ee fréistens da riichten, wann et am Januar en Dialog mat de Gewerkschafte LCGB an OGBL ginn huet. Gewosst ass den Ament just, datt et zwee Knackpunkte gëtt: d‘Camionschaufferen als qualifizéiert Aarbechter unzëerkennen an all zwee Joer 29 Euro méi an der Pai vun alle Salariéeën.

Aktuell ass am bestoende Kollektivvertrag festgehalen, datt d‘Mataarbechter vum Cactus all dräi Joer 29 Euro an der Pai bäigesat kréien. Wat d‘Camionschauffere betrëfft, esou sollen déi als qualifizéiert Aarbechter agestuuft ginn, wëll si e Camionsführerschäin hunn. Dat gesinn d‘Dammen an d‘Häre mat Héichschouldiplom an engem villfache vum Verdéngscht bekanntlech anescht.

Cactus

Et ass jo awer och eng Frechheet vum Salariat, datt majoritär derzou bäigedroen huet, datt de Cactus 2018 eng 40 Milliounen Euro Profit agesäckelt huet, och e Stéck vum Kuch wëll. Profit, esou eppes geet d‘Foussvollek näischt un, schonn aus Prinzip net. Schliisslech ass den „Här den Här, an de Max soll gefällegst de Max bleiwen“. An de Cactus huet iwwer 4.300 „Maxen“.

Wann een elo net Gewerkschaftler ass a generell deem „aneren“ näischt vergënnt, da kéint ee gewëllt sinn ze argumentéieren, datt d‘Requalifikatioun vun de Camionschaufferen als „qualifizéierten Aarbechter“ bedeit, datt déi méi an der Pai kréien (ouni elo déi 29 Euro unzepaken) wat eng onmoosseg finanziell Belaaschtung fir de Grupp ass. An déi leeschte jo och näischt.

De Problem mat der Iwwerhieflechkeet vun ee puer Wéinegen, um Enn ass all dat Vertrauen, datt de fréiere Familljebetrib iwwer Joerzéngten opgebaut huet fleeten. Datt déi aktuell Direktioun drop päift e vertrauensvollt Verhältnis zu de Mataarbechter ze ënnerhalen ass Riskant, och deenen hir Famillje kafen (nach) am Cactus an. Dat dierften eppes méi wéi 4.300 Cliente sinn an op et wirtschaftlech ass, déi an den Auchan oder den Delhaize ze schécken?

U sech och egal, elo gëtt et emol muer Samschdeg eng éischt Aktioun an dat direkt op dräi Cactus-Standuerter: Um 10 Auer ass Rambazamba zu Käerjeng, um Houwald gëtt am Mëtteg protestéiert an zu Bartreng (am schéine Stär) ass d‘Maniff fir 14 Auer ugekënnegt ginn. Dat wäerten déi vun der Direktioun leider net matkréien. Deenen zouzemudden de Weekend ze schaffe wier gewot…

Ähnlech Sujeten Cactus, Kollektivvertrag, LCGB, Mediateur, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel