Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?
Déi sougenannte „Migratiounskris“ an alles wat domatter zesummenhänkt, fänkt u
Déi sougenannte „Migratiounskris“ an alles wat domatter zesummenhänkt, fänkt u
De Sozialversécherungsminister Romain Schneider huet en Dënschdeg, déi fir 2018
Tëscht 2013 an 2019 sinn eng 700.000 Protokoller net bezuelt
Da mengs de du häss alles am Grëff, an da stellen sech deng Kontrollorganer queesch. Fir d‘Ursula von der Leyen, déi nei EU-Kommissiounspresidentin mat liicht konservativem Touch, leeft et nach net esou. Bei enger éischter Iwwerpréiwung duerch de Justizausschoss vum EU-Parlament, sinn déi vu Rumänien an Ungarn virgeschloe Kandidaten, wéinst „Interessekonflikter“ duerchgefall.
Esou huet den Ausschoss gëschter Donneschdeg sech géint d‘Rovana Plumb (Rumänien) gestallt, esou datt si elo net zu den Unhéierungen an de Fachausschëss zougelooss ass. Si wier eigentlech an der „von der Leyen Kommissioun“ virgesinn de Verkéiersressort ze iwwerhuelen. Domm just, datt d‘Rovana Plumb zouginn huet, 170.000 Euro un déi regéierend sozialdemokratesch Partei gespend ze hunn, mat deem hire Wahlkampf sollt finanzéiert ginn. Eng Informatioun déi eppes spéit koum.
Den zweeten am Bond, ass den Ungar Laszlo Trocsanyi (rietsradikal) géint deen et e Virbehalt gëtt. Dem Politiker aus dem Donstkrees vun der rietsradikaler Fidesz vum Ministerpresident Viktor Orban gëtt ënnerstallt, datt seng Bedeelegung un enger Affekoten-Etüd als en Interessekonflikt ze bewäerten ass. De Politiker deen zu kengem ament en Heel aus senger Friemefeindlechkeet an Homophobie mécht, soll fir d‘Noperschafts- an Erweiderungspolitik verantwortlech sinn.
mat indymedia/bru