Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konstruktive Gedankenaustausch mam Lëtzebuerger Bauereverband
https://moien.lu/extreme-sports-dating-site/

Konstruktive Gedankenaustausch mam Lëtzebuerger Bauereverband

Am Kontext vun den traditionellen Empfäng zu Neijoerschdag, huet de

cha am dating
https://moien.lu/extreme-sports-dating-site/

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?

Et ass nach 2017 a bis zu de Chamberwahle sinn

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer
https://moien.lu/extreme-sports-dating-site/

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer

„Wann een ‚d‘Rudder am Grapp‘ huet da sollt ee sech

Rambazamba um Knuedler: Nei, modern an Innovativ, esou muss et sinn

E Schantje bitt seelen e flott Bild, et geet jo och ëm dat „duerno“

Rambazamba um Knuedler: Nei, modern an Innovativ, esou muss et sinn

Et war dann emol déi lescht Taass Kaffi, déi eis fir dëst Joer vum Stater Schäfferot ugebuede ginn ass, an esou kuerz viru Chrëschtdag hu mir eis zesummen der Aktualitéit vun der Haaptstad ugeholl. Et war kuerz rieds vum Budget, dem Knuedler, enger Campagne ronderëm de Bus a wat een iwwert d‘Feierdeeg behäerzege sollt. Zum Ofschloss hu mir e Bléck an de Gebuerteregëster geworf.

Komme mir also fir unzefänken zum Budget fir 2019, deen e Méindeg ouni Gemeckers oder grouss Oppositioun Zoustëmmung erhalen huet. D‘Lydie Polfer (DP) weist an dësem Zesummenhang op déi gutt finanziell Situatioun vun der Haaptstad hin. Si ass de Garant dofir, datt déi vill Projete fir d‘Stad Lëtzebuerg sollte kënne realiséiert ginn. Firwat „kënnen“ ? ma oft hänkt e Projet net vun de Suen of, mee vu Prozeduren an/oder Aarbechtskräfte fir se dann ze realiséieren.

Hei huet d‘Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg dann och eng ganz pertinent Bemierkung gemaach: „et feelt den Entreprisen un de néidege Leit, wat och mam Wuesstem vum Land a senger Wirtschaft verbonnen ass“. Richteg, wou vill Wuesstem ass, an d‘Konjunktur bléid, do gëtt et och entspriechend vill Nofro, déi dann erëm fir Enkpäss suergt. De politesche Wëllen ass awer do.

Knuedler: e mega Schantjen?

2019 gëtt e weideren imposante Chantier an der Stad, an dat souzesoen direkt ënnert der Fënster vun der Buergermeeschtesch. Rieds ass vum Knuedler, dee vu Grondop erneiert gëtt. Fir d‘Awunner an d‘Geschäftsleit, déi duerch d‘Aarbechte mat Behënnerungen ze rechnen hunn, war um Dënschdeg eng Informatiounsversammlung ofgehale ginn, déi groussen Zousproch erhalen hat.

Dëse mega-Chantier gëtt a sechs Phasen opgedeelt. Déi éischt start schonn de 14. Januar 2019 mam Ëmbau vun der grousser Trap déi vun der rue Notre-Dame op de Knuedler féiert (géinteniwwer dem Kaempff-Kohler). Hei kënnt e gréissere Lift hin, deen dann och vum ënneschte Parking-Niveau bis op d‘Plaz erop fiert, wat bis elo net de Fall war, a Leit mat reduzéierter Mobilitéit behënnert huet.

Knuedler

Dës Aarbechte stinn an direkter Verbindung mat de Renovéierungsaarbechte vum Parking Knuedler, déi schonn 2016 ugefaangen hunn. Dës Phas gëtt am Abrëll „ënnerbrach“ an no der Oktave am Juli nees opgeholl. Aner Aktivitéite soll et 2019 keng ginn. Da gëtt sech dem neie Parking ugeholl, dee fir sech zwou Phase beusprocht. Déi éischt betrëfft d‘Extensioun, déi zweet d‘Renovatioun.

Déi éischt Phas hei soll bis de Summer 2021 ofgeschloss sinn. Bei der Renovatioun vum „ale“ Parking gëtt den Accès nei gestalt, d‘Parkplaze gi vun 2,30 op 2,50 Meter verbreet, an et soll dann och e „Leitsystem“ ginn, deen den Automobilist, bis bei déi nächst fräi Parkplaz leet. Uewen – also op der Plaz selwer – gëtt de Chantier am September 2020 nees opgeholl, och an Etappen.

Knuedler

Wëll ee berécksiichtegt, datt et esouwuel kommerziell wéi kulturell op dëser Plaz gëtt, ginn d‘Aarbechten an Zonen agedeelt. Trotzdeem wäert 2020 keng Äispist kënnen installéiert ginn, an 2021 muss de Rock um Knuedler seng Zelter anzwousch anescht opschloen. 2020 an 2021 dierft et och beim Oktavmäertchen eng liicht verännert Organisatioun ginn, awer alles mat Mooss.

D‘Lydie Polfer, déi fir d‘Virstellung vun dem Schantjen hire Chef de Service matbruecht hat, betount, datt sech bei dësem Projet vill Gedanke gemaach ginn, ass fir den Alldag um Knuedler esou mann wéi néideg op d‘Kopp ze stellen. Wann alles wéi programméiert duerchgefouert gëtt, kann ee mat engem Ofschloss vun den Aarbechten am Mee/Juni 2023 rechnen.

De Comportement am ëffentlechen Transport

Mat der Aart a Weis wéi sech ëmmer méi Leit hautdesdaags behuelen – wou et jo eigentlech besser wier sech „manéierlech“ ze begéinen – ass sech och um Knuedler Gedanke gemaach ginn. Hei an éischter Linn, fir och den ëffentlechen Transport eppes méi attraktiv ze gestalten. Dofir gëtt Enn Dezember d‘Campagne „Gutt Behuelen / Gutt ze wëssen“ bei de städtesche Busser lancéiert.

Eigentlech schued, datt een och haut nach muss drop opmierksam maachen, datt ee sech a Gesellschaft behëlt, a beispillsweis net d‘Féiss op d‘Bänk leet, eelere Mënschen an schwangere Fraen de Privileg vun enger Sëtzplaz léisst, een d‘Leit aus dem Bus erausléisst, iert een eraklëmmt, onnéidegt Gebläers beim telefonéieren ënnerléisst, a seng Musek mat Kopfhörer lauschtert.

Mir wollten an dësem Zesummenhang vun der Buergermeeschtesch wëssen, op et an dësem Kontext och simultan zu Aktiounen/Aktivitéiten an de Schoule kënnt. Et ass leider nach ëmmer esou, datt et elo éischter déi Jugendlech sinn (och wann et eng Minoritéit wier) déi mam „schlechte Beispill“ virginn. Si dierfte bei esou enger Campagne dat gréissten Zilpublikum duerstellen.

De Gedanke wier net verkéiert, erwiedert d‘Lydie Polfer eis Fro, mee als Gemeng hätt elo do keng Moossnamen an/oder Aktivitéite virgesinn. D‘Propose géif awer opgeholl, an un d‘Schoule weider geleet ginn. Vläicht sollt een d‘Gemeng och ermonteren, d‘Informatioun un d‘Jugendhaiser a soss Institutiounen zoukommen ze loossen, déi mat jonke Leit zesummeschaffen.

A wa mir scho bei de Busser sinn, esou notze mir d‘Geleeënheet fir drop opmierksam ze maachen, datt et iwwert d‘Feierdeeg beim Horaire e puer, de Festdeeg ugepasste „Ännerunge“ gëtt. Fir sech gutt virzebereeden an esou schlechten Iwwerraschunge vu vireran aus de Féiss ze goen, kann een nëmme roden, sech um Site vun der Stad Lëtzebuerg kënneg ze maachen. Hei ass alles erkläert.

Iwwert wat nach alles gepotert gouf…

Am Kontext vun de Feierdeeg huet d‘Buergermeeschtesch drun erënnert, datt d‘Gemeng kee Freedefeier organiséiert, a Leit déi sech esou eppes virgeholl hunn, eng Autorisatioun vun der Gemeng brauchen. Ganz Allgemeng gëtt aus enger ganzer Rei u gudde Grënn, vum Asaz vu pyrotechnesche Mëttel ofgeroden. Et dierft allerdéngs schwiereg sinn ze iwwerzeegen…

Op der Front vum „elektresche Vél‘Oh“ leeft alles (zimlech) wéi geplangt. Déi lescht Informatioun beseet, datt aktuell 95% vun de Statioune fäerdeggestallt sinn. Bis Enn Dezember sollt – bis op déi eng oder aner Plaz, déi vun engem Chantier behënnert gëtt – alles operationell sinn. Do dierft dem Schäffe Patrick Goldschmidt direkt e ganze Steebroch vum Häerze gefall sinn.

Aus demographescher Siicht gëtt et och gutt Nouvellen, wëll an de leschte Jore ginn ëmmer méi Kanner an der Stad gebuer. Op den 18 Dezember waren et därer 5.492 (an et dierften der bis 31. Dezember iwwer 5.500 sinn). Déi beléiftste Virnimm bei de Jongen: Gabriel, Liam, Noah a Leo. Bei de Meedercher hu sech duerchgesat: Emma, Sofia, Chloé, Lena a Mia.

Et voilà, esouvill zum leschte Kaffi fir 2018. De Stater Schäfferot huet eis nach gebieden, all es guddes zum Fest an dem Antrëtt an dat neit Joer ze wënschen. Engem Wonsch deem mir mat Häerzen nokommen an deem mir eis an der Redaktioun uschléissen.

Foto: Beim Kaffi e Mëttwoch, stoung de Chantier Knuedler am Mëttelpunkt © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bus, Chantier, City Breakfast, Knuedler, Lydie Polfer, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel