Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Englesch gewënnt an de Schoulen u Beléiftheet
International Kultur Neiegkeeten Stories

Englesch gewënnt an de Schoulen u Beléiftheet

Am Enseignement Secondaire ass et deelweis méiglech, sech seng Sproochen

Resolutiounen zu Venezuela am UN-Sécherheetsrot gescheitert
International Kultur Neiegkeeten Stories

Resolutiounen zu Venezuela am UN-Sécherheetsrot gescheitert

Am UN-Sécherheetsrot hu se sech gëschter nees mam Venezuela beschäftegt,

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz
International Kultur Neiegkeeten Stories

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz

D’Majoritéit vun den Deputéierten am Landwirtschaftsausschoss setzt op d’Landwirtschaftspolitik aus

Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!

Klengt Land, grousse Produit!

Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!
© Ramborn Cider Co.
Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!
Den Adie Kaye bei der Presentatioun fir d'Press© Shari Pleimelding/moien.lu
Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!
D'Cideren laachen een awer och einfach un! © Shari Pleimelding/moien.lu
Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Bei den International Brewing & Cider Awards a Groussbritannien konnt de Cider vun der Lëtzebuerger Entreprise Ramborn Cider Co. mat 5 Medailen aus iwwer 200 Brauereien erausstiechen. Besonnesch fir hire Perry (Béierwäin) an de Farmhouse Dry Cider ass d’Firma mat Gold ausgezeechent sinn, an doriwwer kann ee fir dat kuerzt Bestoe méi wéi houfreg sinn!

Wat soll een nëmmen aus deene villen Äppel a Biere maachen, déi lëtzebuergesch Bongerten ze bidden hunn, an oft einfach um Buedem ongenotzt leie gelooss ginn? Majo Cider! An net nëmmen iergendeen, mee och nach ee vun de Beschte weltwäit! Vir Ramborn Cider Co. – eng Entreprise, déi säit 2014 besteet – ass déi fënneffach Auszeechnung net nëmmen een materielle Gewënn, mee och nach ee Beweis fir de Succès an eng Beräicherung fir d’Zukunft.

Duerch dës Ergänzung an hirer mëttlerweil laanger Lëscht un Éierungen avancéiert d’Sortiment u Craft Ciders a Perrys elo zu weltwäiter Beléiftheet. Natierlech fannen déi Medailen eng gutt Plaz am Trophäeschaf nieft weidere wichtegen Auszeechnungen aus Däitschland, Spuenien, Holland a souguer Australien. Fir awer emol esou räich ausgezeechent ze ginn huet Ramborn sech misse géint 200 Brauereien a Mostereien aus der ganzer Welt duerchsetzen.

Ramborn

Et sinn der direkt fënnef ginn! © Shari Pleimelding/moien.lu

Déi International Brewing & Cider Awards

Vu 50 Jury-Membere sinn iwwer 1000 Béieren a Cideren aus iwwer 50 verschiddene Länner beuerteelt a bewäert ginn. Hei mat enger Auszeechnung Heem ze goen, erweist sech also als immens Éier. D’Entrepreneure selwer konnten et kaum gleewen, mee si konnten sech direkt e puer mol freeë mat:

  • der Gold Medail fir de Perry
  • der Gold Medail fir de Farmhouse Dry Cider
  • der Sëlwer Medail fir de Cascade Hopped Cider
  • d’Bronze Medail fir den Original Medium Dry Cider
  • an d’Bronze Medail fir de Bourbon Barrel Aged Still Cider
Ramborn

© Ramborn Cider Co.

Unerkennung op der ganzer Welt

Bei der Presentatioun huet den Adie Kaye, President an Zoustännege fir d’Produkter an de Marketing vu Ramborn Cider Co., erkläert, datt mëttlerweil Restauranten iwwert de ganze Globus verdeelt un hire Produite Gefale fonnt hu, wann net souguer direkt an den immense Cider verléift waren! Mat tëscht 30 an 350 Storen a Restauranten, déi dat alkoholescht Gedrénks ubidden, kënnen si souwuel Finnland, Groussbritannien, Italien, wéi och Budapest, d’USA an Island an hire Bann zéien.

Besonnesch ervir gehuewe ginn ass den „The Stable“, deen a senge 17 britesche Filialen de Lëtzebuerger Perry um Faass ubitt. De Ross Duncan, Markebotschafter fir Cider am genannte Restaurant, äussert sech zum Gewënn vun der Goldmedaile beim Perry folgendermoossen:

„Hei bei The Stabel versiche mir ëmmer déi neist a bescht Entwécklungen an der Welt vum Cider ze verfollegen a wéi mir op de Ramborn Perry gestouss sinn, hu mir en einfach an eise Bars ubidde missen, doriwwer misste mir net weider nodenken. Den héichqualitative Perry aus Lëtzebuerg sollt a Groussbritannien bekannt gemaach a gefeiert ginn, an datt The Stabel dësen eenzegaartege Cider exklusiv vum Faass an alle 17 Filialen ausschenken dierf, ass wonnerbar!“ Méi Luef kann ee bal net kréien!

Ramborn

Och d’Produktioun vum Cider kann ee sech ukucken © Shari Pleimelding/moien.lu

Zur Geschicht vu Ramborn Cider Co.

D’Geschicht vum Cider geet bis an déi Zäit zeréck, wou de Mënsch ugefaangen huet aus Uebst alkoholescht Gedrénks hierzestellen. Duerch déi zuelräich Bongerten am Grand-Duché ass eist Land mat enger räicher Cider-Vergaangenheet beschenkt, déi leider a Vergiessenheet gerode war. Nodeems awer 3 Frënn sech zesumme gedoen hunn, wollten si einfach testen, wéi den Viz vun den heemeschen Äppel a Biere schmaacht. Schliisslech sinn d’Friichte vun de Beem oft ongenotzt zeréck bliwwen an esou ass dës räich Traditioun nees agefouert ginn.

D’Hierstellung vun hirem Produit ass dobäi ee wichtege Beitrag zur Biodiversitéit. Duerch d’Fleeg vun de Bongerten, déi an der Vergaangenheet immens vernoléissegt gi sinn, fanne vill Insekte Plaz fir ze liewen. A virun allem d’Beie kréie genuch Aarbecht mat der Bestëbsung vun de Bléien.

Och bei der Produktioun gëtt näischt ewech gehäit. D’Offäll aus der Press ginn nämlech an der Biogasanlag weider verwäert. A wie sech freet wouhier den Numm „Ramborn“ kënnt: Et ass eng Kombinatioun aus Rambo – eng vun den 150 verschiddenen Äppelzorten zu Lëtzebuerg – a Born, dem Numm vum Duerf, wou d’Entreprise hire Sëtz huet.

Ramborn

© Shari Pleimelding/moien.lu

Dat muss gefeiert ginn!

Um 1. Juni ass den Internationalen Dag vum Cider. Déi grouss Party zu Born fënnt een Dag méi spéit, also um Sonndeg, den 2 Juni 2019 statt. Vu Moies 11 Auer bis Nomëttes 16 Auer kann een u gratis Touren deelhuelen, d’Produite schmaachen a kafen, bei de Food Trucks eppes géint den Honger maachen a sech einfach un engem flotten Erliefnis, zesumme mat Ramborn Cider Co. Erfreeën.

Wien un deem Dag keng Zäit sollt hunn, dee kann och iwwert hiren Internetsite eng Ufro maachen, fir eng Féierung. Et lount sech op alle Fall!

Ähnlech Sujeten Adie Kaye, Born, Gold, International Brewing & Cider Awards, Paul Jeitz, Ramborn Cider Co., The Stable
Nächsten Artikel Virrechten Artikel