Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik
International Kultur Neiegkeeten

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik

De faschisteschen Diktaturnostalgiker aus Brasilien wëll eng radikal Rentereform. Aarbechter

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen
International Kultur Neiegkeeten

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Ugangs Oktober huet eng Lëtzebuerger Delegatioun mat der Gesondheetsministesch eng

Webserie W. – Immense Succès op internationalem Niveau!
International Kultur Neiegkeeten

Webserie W. – Immense Succès op internationalem Niveau!

Fir d’Lëtzebuerger Webserie W. geet et weiderhin steil biergop. Nom

RAMMSTEIN – Neie Stoff mat der Single „Radio“!

RAMMSTEIN – Neie Stoff mat der Single „Radio“!

Ee weidere Video vun der däitscher Band RAMMSTEIN ass ugekënnegt ginn: Muer de Moien um 11:00 Auer kënnt „Radio“ online! An engem Teaser vun drësseg Sekonne gëtt dës Release feierlech annoncéiert, woubäi si sech e bësse méi zeréck hale wéi beim leschte Video.

Mat Ausschnëtter zu „Deutschland“ huet d’Grupp ronderëm den Till Lindemann scho vir uerdentlech Kritik gesuergt. Hei stoungen si nämlech am gesträifte Pyjama beim Gaalgen a sollten higeriicht ginn. Et hätt ee wuel ze vill un d’NS-Zäit an hir grausam Verbrieche géint d’Judden erënnert, woubäi déi haart Stëmme schnell ausgeschalt gi sinn.

Um 29.Mäerz ass schliisslech de Video ganz erauskomm, an esou huet och een, deen net vill Anung vu Geschicht huet, gemierkt, datt et sech heibäi ëm d’Opgräife vun der GANZER däitscher Vergaangenheet, sou wéi een Abléck an d’Zukunft handelt. An dozou gehéiert nun emol och d’Verbrieche vun den Nationalsozialisten.

Elo sollt een de Radio auspaken!

Beim Teaser vun der neier Single „Radio“ héiert een direkt den typesche Rammstein-Klang eraus. Ze gesinn ass, ganz a schwaarz a wäiss gehalen, ufanks eng Antenne, ier d’Membere schliisslech, ganz am Stil vu fréier, virun engem Keyboard stinn an op ee Punkt virun sech stuerken. Méi kritt de Fan allerdéngs nach net gebueden.

Dës kleng Amuse-Bouche soll Loscht op méi maachen! An dëse „Méi“ kréie mir muer de Moien um 11:00 Auer ze héieren. Stéck fir Stéck gëtt esou d’Geheimnis ëm den neien Album, mam éischter onoriginellen Titel „Rammstein“ gelëft. Um 17. Mee kritt een dann dat neiste Wierk iwwerall ze kafen.

Ze fanne wäerten hei folgend 11 Lidder sinn:

  1. Deutschland
  2. Radio
  3. Zeig Dich
  4. Ausländer
  5. Sex
  6. Puppe
  7. Was ich liebe
  8. Diamant
  9. Weit weg
  10. Tattoo
  11. Hallomann
Ähnlech Sujeten Deutschland, Musék, Radio, Rammstein, Verëffentlechung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel