Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Tram: Ännerungen am ëffentlechen Transport!
Kultur Meenung speed dating near godalming https://moien.lu/seymour-duncan-pickup-dating/

cs go unranked matchmaking

Am Kader vun der nächster Etapp bei der Konstruktioun vum

CSV: Keng Festung Europa
Kultur Meenung speed dating near godalming https://moien.lu/seymour-duncan-pickup-dating/

CSV: Keng Festung Europa

Um 7. an 8. November war zu Helsinki de Kongress

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?
Kultur Meenung speed dating near godalming https://moien.lu/seymour-duncan-pickup-dating/

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Bei 1,5°C oder 2°C ass d‘Welt net méi déi selwecht,

money

Rammstein zu Réiser: e käschtespillegt Mega-Evenement?

Rammstein zu Réiser: e käschtespillegt Mega-Evenement?

Wann déi däitsch Rockband „Rammstein“ – benannt no engem Fluchhafen deen sech a gewësser Mooss och duerch e pyrotechneschen Effet eng Renommée gemaach huet – optrëtt, da kommen d‘Leit, egal wat de Spaass kascht. Esou dann och e Samschdeg um Herchesfeld zu Réiser…

Gleeft een den Organisateuren, da waren um Samschdeg eng 19.000 Gäscht op der Wiss, an et soll – esou zumindest déi offiziell Versioun – nëmmen den Ekippe vun der däitscher Bertelsmann Mediegrupp eng Akkreditéierung zougestane gi sinn. Mir hunn eis anescht arrangéiert kritt, an och wann eis Biller en „Amateur-Charakter“ verbiergen, zumindest sinn se authentesch, firwat mir e ganze Koup Leit eng Schëlleg sinn an dësen natierlech e grousse Merci soen.

Et ass wuel net esou, datt mir eis verflicht fillen iwwert e Concert ze beriichten, zu deem mir net zougelooss waren, an wien Rammstein kennt, brauch an dësem Kontext och keng grouss Wieder, d‘Band huet e Ruff, an deem sinn si gerecht ginn. Eigentlech ass domadder – zumindest den artisteschen Deel – och schonn a senger Vollstännegkeet beschriwwen. D‘Fans jiddefalls ware begeeschtert, vun der Musek an vun der wonnerbar orchestréierter Show.

Rammstein

Et soll een awer dierfen iwwert déi Saache schwätzen déi net esou ganz flott waren. Schonn d‘ULC hat am Virfeld monéiert, datt zum Virverkafspräis vun 100 Euro pro Ticket, och nach emol 20 Euro fir de Parking gefuerdert goufen. Gutt dat de Konsumenteschutz am Virfeld näischt vun de Präisser fir d‘Gedrénks an/oder d‘Gebaffs matkritt huet. Mat 4 Euro fir de Softdrink an 7 Euro fir Alkohol, plus de „Vidange“, war et net fir sech an de „Kanelli“ ze joen.

Bei ronn 19.000 verkaaften Ticketen zu 100 Euro, komme mir op en Ëmsaz vun 1,9 Milliounen Euro. Mir si verréckt a ginn dovunner aus datt pro 7 Ticketen e Parking a 20 Euro dierf derzou gerechent ginn, dat géif ronn 27.000 Euro maachen. Bleiwe mir verréckt, a loosst eis einfach behaapten, déi 19.000 Leit hätten nëmmen 1 Softdrink pro Persoun kaf an alleguerten hire Becher zréckginn, géif sech den Ëmsaz hei nach ëmmer op 76.000 Euro belafen.

Rammstein

De vum „den Atelier“ organiséierte Rammstein-Concert huet also ronn 2 Milliounen Euro Ëmsaz mindestens generéiert. Datt Rammstein kee soziale Projet ass, an d‘Jongen inklusiv Roadies (dat sinn déi leit déi dee ganze Schäiss mussen op- an ofriichten) net groussaarteg iwwer Gagen a soss Fraise verhandelen ass och gewosst. Natierlech muss och „den Atelier“ seng Wuere wéi Gedrénks an Iessen, an natierlech och déi vill Hänn, bezuelen. Also eigentlech OK oder?

Et muss ee sech awer froen, wouhinner déi ugewannte Präisser nach féiere wäerten. Zumindest wa gewosst ass, datt déi wou d‘Concerten organiséieren sech es net midd ginn, déi Veranstaltungen als „Verloschtgeschäft“ ze verklären. Gesäit een emol vun diversen „Etablissements Publics“ of déi et wierklech net einfach hunn, an eng finanziell Stäip brauchen, fir och emol „Onbekanntes“ bis „Exotesches“ unzebidden, freet ee sech firwat eng Privatfirma sech dat undeet.

RammsteinDat soll absolut net heeschen dat „den Atelier“ seng Saach net gutt géif maachen, an et dierf een esouguer zoustëmmen, datt si an den Ufanksjoren och laang op der Felg gedréint hunn. Déi Zäite sinn schonn eppes méi laang eriwwer, an och si schaffe strikt profitorientéiert. Zudeem hu si eng gutt Nues fir de Mainstream aus enger anerer Dimensioun. Dat si awer – ausser fir Bertelsmann – kaum bis guer keng Akkreditéierung fir d‘Press erausginn, net déi ganz fein Aart a Weis.

Wann – de Fall gesat et wier tatsächlech esou – ausser engem spezielle Medium, all déi aner vun enger Berichterstattung vun esou engem, jo awer schonn nationalen Event ausgeschloss ginn, da freet ee sech, wéi e Sënn et soll maachen, iwwert d‘Joer ewech hir Concerten unzekënnegen an Hannergrondinformatiounen zu den Artisten ze verschaffen. Gutt als Géigeleeschtung dierf een dann och e Concert lauschtere goen, wouriwwer och nees bericht gëtt.

RammsteinD‘Press „ausspären“ ass besonnesch ëmmer dann, wann een am eegene Management Leit huet déi aus dësem Milieu kommen, eppes problematesch. Vläicht manner fir „den Atelier“ dee seng Presenz an de soziale Medien anscheinend esou gutt ausgebaut huet, datt een op déi aner (mat Ausnamen) verzichte kann, dofir awer sécherlech fir d‘Pressehaiser. Déi couvréiere schliisslech och déi Events, déi „den Atelier“ am Optrag fir de Staat oder Gemeng organiséiert…

Elo wier et awer och verkéiert unzehuelen, datt et hei drëms goe géif „den Atelier“ an e schlecht Liicht ze récken. Dat ass net d‘Absicht, woubäi bei de Präisser déi do ee Samschdeg gefuerdert waren, éischter d‘ULC Recht huet sech ze iergeren. Datt si als Privatfirma entscheeden dierfe wien si wéini wou eraloossen ass hiert gutt Recht, an et kéint ee jo unhuelen datt de Journalisteverband oder de Presserot hei vermëttele sollten. Et bleift awer just beim „unhuele“…

Wichteg: Merci un all déi Geckeg déi eis hir Handyopnamen zougeschéckt hunn, an eis mat hiren Andréck gehollef hunn. E besonnesche Merci un de Christophe Frères deen eis flott Video-Material „gedropboxt“ huet.

Ähnlech Sujeten Den Atelier, Herschesfeld, Rammstein, Rammstein Stadion-Tour, Réiser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel