Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stadbriedemes: Konscht an al Miwwele kommen ënnert den Hummer
Kultur Neiegkeeten

Stadbriedemes: Konscht an al Miwwele kommen ënnert den Hummer

Wien op dësem Sonndeg Nomëtteg nach net sollt wësse wat

Vanitas – live fast, never digest
Kultur Neiegkeeten

Vanitas – live fast, never digest

D’Kulturfabrik luet an op een meditatiivt Theaterstéck, ganz am Zeeche

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag
Kultur Neiegkeeten

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um

RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!

RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu
RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Rantanplan zu Saarbrécken © Shari Pleimelding/moien.lu

Vergaangene Sonndeg huet déi Hamburger Ska-Punk Band Rantanplan zu Saarbrécken am Club Garage gespillt. No engem erfollegräichen Tour-Optakt hu si an der Landeshaaptstad vum Saarland den drëtte Concert vum neien Album „Stay Rudel – Stay Rebel“ ginn. Wien dës fantastesch Rocker nach net kennt, wäert se schnell gären hunn an een Interpret méi op der Playlist hunn!

D’Concerte vun de Museker aus der Hafestad Hamburg sinn virun allem an Däitschland immens beléift. D’Jonge rappen een immens mat, et herrscht eng energie-gelueden Atmosphär do wou si optrieden, an dobäi sinn si nach ëmmer esou buedemstänneg, wéi am Ufank vun hirer Karriär. Dobäi sollt een awer wëssen, datt et d’Band Rantanplan, déi hiren Numm vum Lucky Luke sengem Hond hunn, ewell säit bal engem véierels Joerhonnert besteet. Do gëtt et héich Zäit, datt och d’Lëtzebuerger dëse Grupp kenne léieren.

Ëm sou méi frou ware mir, am Virfeld een Interview mat de Museker féieren ze dierfen. Fir hiren neien Album „Stay Rudel – Stay Rebel“ hat d’Band ee Concours organiséiert, bei deem een Hond fir de Cover gesicht gouf. De Choix war grouss, an awer konnt just een gewannen, an dat war an dësem Fall eng Hannoveranerin. D’Resultat kann ee säit dësem Joer da bewonneren. Et schéngt generell, wéi wann de Grupp op den Hond komm wier. Esou ass och den Titel vum Album séier ze erklären: souwuel den Originalsproch „Stay rude, stay rebel“, (Lëtz.: „Bleif onanstänneg, bleif rebellesch“) passt zu 100% zu de Ska-Punker, sou wéi och déi kleng Ännerung am Saz, woubäi si sech op de Rudel, am Sënn vun hirer Band, sou wéi d’Fans bezéien, déi wéi eng grouss Grupp ëmmer zesummen halen.

rantanplan

D’Band ëm den Torben Meissner, den Matbegrënner ass, hat sech virun der Session am Tounstudio an d’Pampa zeréck gezunn, fir hei der Kreativitéit fräie Laf ze loossen a mat Hëllef vun diverse Genossmëttel nei Texter ze schreiwen. Eraus koume ronn 50 Demoen, wou uschléissend déi bescht Wierker ausgewielt gi sinn. Mat de Jore sinn iwwer 170 Lidder opgeholl ginn an awer sinn si a 24 Joer Bandgeschicht sech ëmmer trei bliwwen.

Musek mat heelender Wierkung.

Typesch fir dëse Stil ginn Themen zur Politik, der Gesellschaft, Relioun a Kultur ugeschnidden. A fir d’Museker, déi nieft der Tour een „normaalt“ Aarbechtsliewe féieren, ass den Ausgläich tëschent Normalitéit an musikaleschem Succès enorm wichteg, mat heelendem Effekt. Esou seet de Lead-Sänger a Gittarist Torben Meissner: „Keiner hat gesagt, dass es einfach wäre. Man muss dafür leben und das Häerz muss dafür pulsieren. Ich mache das mit Rantanplan schon 24 Jahre und bin noch nicht müde. Ich brauche das. Das ist der Ausgleich zur Scheiss-Welt. Und das ist immer ein guter Ausgleich..“

Op hirer Tour spillt Rantanplan insgesamt 27 Concerten, an dat bis Abrëll. Natierlech bedeit dat Stress, an awer wëssen d’Jongen aus wéi engem Grond si Musek spillen, soubal d’Bühn betruede gëtt. Reegelméisseg sinn d’Halen ausverkaaft, esou och de Fall zu Saarbrécken.

D’Revolutioun muss gedanzt ginn!

Schonn nom éischte Lidd huet de Buedem vibréiert, Schweess louch an der Loft an de Publikum huet haart matgesongen. De musikalesche Rudel weess, wéi een d’Leit matrappt. A genau dat hu si an iwwer 2 Stonne Concert och all Sekonn gemaach. Mat neien, wéi och ale Lidder hu si d’Fans zum pogen, stagediven an danze bruecht. A well de Sall net allzegrouss war, hunn d’Stage-Diver ebe méi Tier iwwert de Käpp vum Publikum gedréit.

De Batteur huet mat kräftege Beats d’Leit ugedriwwen, d’Posaun – typescht Instrument beim Ska-Punk – huet d’Melodie uginn, déi d’Fans animéiert huet, an de Sänger huet mat Schweess an Häerzblutt de Sall an Extas versat. Do kann een nëmme soen, datt een net ëmmer op Concerte vu weltwäit bekannte Bands goe muss, fir eng phenomenal Stëmmung ze erliewen. Grad hei am klenge Kader huet ee gewise kritt, wat Musek ass!

A wouru mierkt een nach, datt den Torben, Gero, Marlon a Kalle immens buedemstänneg bliwwe sinn? Majo, zum Schluss gouf nach mat de Fans zesumme geschwat a gedronk. An och do maachen si hirem Image nees all Éier, bleiwen sech selwer trei a sinn hirem Publikum immens no. Genau dat ass d’Léift un der Musek, dat ass ee Concert-Erliefniss, do muss een dobäi gewiescht sinn!

A wien elo och gären Deel vum Rudel wär, kritt beispillsweis de 26. Abrëll zu Tréier d’Méiglechkeet mat dobäi ze sinn. Weider Datumer fënnt een op hirem Facebook-Site. Mee denkt drun: bleift rebellesch!

Ähnlech Sujeten Band, Concert, Musék, Rantanplan, Saarbrécken, Ska-Punk, Stay Rudel - Stay Rebel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel