Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg
https://moien.lu/dating-app-olympics/ fibromyalgia dating

becca gardner dating

No de schrecklechen Onwieder vun 2018, bei deene vill Leit

craigslist hookup reviews
https://moien.lu/dating-app-olympics/ fibromyalgia dating

What the Fakt: Virun 208 Joer war dat éischt Oktoberfest zu München

Den Oktober ass bekannt dofir, datt mir am Dirndl an,

dislike
Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini
https://moien.lu/dating-app-olympics/ fibromyalgia dating

Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini

De populäre Patron vun der rietsextremer Lega Nord an elo

surprise

Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen

Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen

Videospiller hunn et jo net ëmmer einfach. Oft stinn se am Ruff, déi verschiddenst negativ Aspekter an engem ze verstäerken. Mee de Ruff weist nëmmen, datt an dëser Hisiicht nach net genuch gefuerscht ginn ass. D’Martha Fernandez de Henestrosa, wat grad am drëtten Semester vun hirem Master an der Psychologie op der Universitéit Lëtzebuerg ass, huet sech dem Thema ugeholl, wéi d’Spille vu Videospiller d’Akzeptanz vu Vergewaltegungsmythen ka verstäerken. Bei där Geleeënheet hu mir hier e puer Froe gestallt.

Wourëm goung et an der Studie a wat waren d’Resultater?

Martha Fernandez de Henestrosa: D’Studie huet d’Effekter vu sexualiséierter Gewalt a Videospiller op de Spiller hier Akzeptanz vu Vergewaltegungsmythen (eng. Rape Myth Acceptance) ënnersicht. De Begrëff „Rape Myth Acceptance“ bezitt sech op d‘Denkweisen, déi Leit eventuell hunn, déi den Akt vun enger Vergewaltegung erofspillen oder dem Opfer d’Schold zouweisen. Beispiller fir esou Denkweisen sinn „Gesond Frae kënnen sech géint e Vergewalteger wieren, wann se dat wierklech wëllen“, oder „Vill Fraen hunn en onbewosst Verlaangen duerno, vergewaltegt ze ginn”.

D’Participanten vun dëser Studie sinn an zwou Gruppen opgedeelt ginn: entweder spille se eng sexualiséiert weiblech Spillfigur am gewalttätegem Videospill Dead or Alive 5: Last Round op der Playstation 4 oder als eng net sexualiséiert weiblech Spillfigur am selwechte Spill. Am Spill hunn se du missen géint eng computergesteierten männlech Spillfigur fir eng Dauer vun 20 Minutte kämpfen. Iert se spillen hunn d’Participante misse verschidden demographesch Froe beäntweren an hier Spillgewunnechten an hir allgemeng Usiichten zu Genderrollen (z.B. „Hien oder Hatt gëtt Manager an enger grousser Firma“ oder „Hien oder hatt kräischt, wann een seng oder hier Gefiller ze vill verletzt“) uginn. Nom spille vum Spill hunn se dann Froen betreffend der Akzeptanz vu Vergewaltegungsmythe beäntwert.

D’Resultater vun dëser Studie weisen, datt d’Spille vun enger weiblecher Spillfigur an engem gewalthaltegem Videospill net d’Akzeptanz vu Vergewaltegungsmythen gesteigert huet am Verglach zum Spille vun enger net sexualiséierter weiblecher Spillfigur. Allerdéngs, huet d’Spillerfahrung (also: wéi oft a wéi laang spillen d’Participanten üblecherweis Videospiller) interessanterweis eng mi grouss Wichtegkeet: Participanten, déi Videospiller mi oft gespillt hunn, akzeptéieren éischter Vergewaltegungsmythen no de Spillronnen. Wéineg iwwerraschend ass, datt de Participanten hier pre-existent Genderrollen wichteg waren. Participanten, déi traditionell Genderrollen vertrieden, an déi, déi souwisou schonn en héije Akzeptanzniveau fir Vergewaltegungsmythen haten, waren am wahrscheinlechste ënnert deenen, déi des Mythen no der Spillronn ënnerstëtzen.

Firwat hues de Videospiller fir des Studie ausgewielt an net Filmer?

Martha Fernandez de Henestrosa: Fréier Studien hunn ënnersicht, wéi d’Konsuméiere vu Medien, wéi beispillsweis Filmer, dem Zuschauer seng Ënnerstëtzung fir Vergewaltegungsmythen beaflosst. Bis haut hunn awer nëmmen e puer Studien sech op den Effet vu sexuellen a gewalttätegen Contenu a Videospiller op d‘Akzeptanz vu Vergewaltegungsmythen bezunn. Am Géigesaz zur Tëlee a Filmer si Videospiller en interaktive Medium. Dat heescht, datt Spiller selwer d’kausal Initiatoren vun den Evenementer sinn. Dofir wollt ech erausfannen, op a wéi den aktiven Engagement mat sexuellen a gewalthaltegen Inhalter a Videospiller dem Spiller seng Vue op Vergewaltegungen ännert.

War s de vun de Resultater vun denger Studie iwwerrascht?

Martha Fernandez de Henestrosa: Ech war schonn e bësschen iwwerrascht vun de Resultater. Baséierend op der wëssenschaftlecher Literatur an de Resultater vu fréieren Ënnersichungen, hunn ech erwaart, datt Participanten, déi eng sexualiséiert weiblech Spillfigur an engem gewalthaltege Videospill spillen, eng méi héich Akzeptanz fir Vergewaltegungsmythen opweise géifen, wéi déi, di net esou eng Figur spillen. Mee dëst ass net de Fall. Mee et wier vireileg, dovunner auszegoen, datt d’sexualiséiert Gewalt a Videospiller sech net op d‘Akzeptanz vun esou Mythen auswierke géing. Dat läit dorunner, datt sech e puer Interpretatiounen aus de Resultater vun der Studie erginn. Zum Beispill gleewen ech, datt d’onerwaarte Resultat villäicht mam Schwieregkeetsgrad vum Spill zesummen hänkt. Tatsächlech war et esou, datt all 82 Deelhueler de Kampf géint déi männlech Spillfigur gewonnen haten, wou wéinst se gemengt hunn, datt se mat engem staarke weibleche Charakter interagéiert hunn, deen gutt capabel war, fir de männleche Géigner ze dominéieren. Dobäi war et onwichteg, op d’weiblech Figur sexualiséiert gewise ginn ass oder net. De weibleche Charakter deen dominéiert huet dowéinst eventuell méi Gewiicht wéi hiert ausgesinn op d‘Akzeptanz vu Vergewaltegungsmythen an dëst wäerte mer an de nächste Studie mat consideréieren. Et wäert interessant sinn ze gesinn, op d’Spillen vun enger staarker a mächteger weiblecher Figur e géigesätzlechen Afloss op den sexualiséierten a gewalthaltege Setting vum Spill huet.

Wéi huet de Feedback op deng Studie bis elo ausgesinn?

Martha Fernandez de Henestrosa: Am grousse Ganze war de Feedback op d’Studie positiv. D’Participante ware ganz interesséiert beim Sujet an waren och op d’Resultater gespaant. Wéi ech d’Studie op der jäerlecher Konferenz vun der Internaional Communication Association zu San Diego, USA, presentéiert hunn, war de Publikum um Thema interesséiert an huet unerkannt, datt et nach vill ze recherchéiere gëtt, domat mer besser verstoe kënnen, wéi d‘Akzeptanz vu Vergewaltegungsmythen funktionéiert a wéi d’Relatioun zu sexualiséierter Gewalt a Videospiller ausgesäit.

Firwat hues de dech fir Dead or Alive 5: Last Round decidéiert?

Martha Fernandez de Henestrosa: Ech hunn dëst Videospill gewielt, well et souwuel sexuell wéi och gewalthalteg Contenuen huet. Ofgesinn dovunner erméiglech d’Spill de Choix vum Geschlecht vun der Figur, an och d’Ausgesinn. Domat war et méiglech, zwou Gruppe fir d’Experiment ze schafen: d‘sexualiséiert Spillfigur dee just am Bikini ze gesi war an en net sexualiséierte Spillfiguren an engem Kostüm. A punkto Nacktheet hunn sech d’Situatiounen also ënnerscheet.

Ähnlech Sujeten Sexismus, Sexuell Gewalt, Videospiller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel