Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

moneysurprise
Lëtzebuerg: Konjunktur weiderhi stabil
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg: Konjunktur weiderhi stabil

De Konjunkturcomité, ënnert der Presidence vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit an

Katastrophaalt Kuerzzäitgediechtnes
International Neiegkeeten

Katastrophaalt Kuerzzäitgediechtnes

Et sollt een unhuelen, datt de Mënsch net ganz esou

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier
International Neiegkeeten

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier

Fir d’Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren informéiert de Minister

Rapp a Klapp am House of Commons

Boris Johnson streidereg awer selbstbewosst fuerdert en Mësstrauensvott an Neiwahlen

Rapp a Klapp am House of Commons

Et war eng kuerz Zwangspaus… zanter gëschter Moie siegéieren déi britesch Parlamentarier nees am House of Commons, an de John Bercow, alias Mr. Speaker, kann nees säin „Order, Ooordeeer“ duerch déi gehellegt Hale verklénge loossen. Oppositioun a Premierminister hunn hir Positioun wéi gewinnt verdeedegt, den Toun war bësseg an den Ausgank erwaardungsgeméiss onbefriddegend.

Während d‘Oppositioun sech weider fir eng esou onméiglech wéi onwahrscheinlech Verlängerung vun der Frist fir de Brexit staark mécht, huet der Queen hire clownesque Pittbull seng Géigner erausgefuerdert andeems hien de Mësstrauensvott an Neiwahle gefuerdert huet. De John Bercow hat entspriechend ze dinn, fir all déi Leidenschaft an Emotiounen am Parlament ze kanaliséieren.

An de BoJo ass – mir hunn dat widderholl ervirgehuewen – alles wéi keen Dabo och wann hien dëst Bild ze fleege schéngt. Streng nom Prinzip: „Ugrëff ass déi beschte Verdeedegung“ huet sech de britesche Premier gëschter Owend am House of Commons nëmme ganz kuerz mam Uerteel vun der Supreme Court opgehalen. Dëst hätt eng falsch Entscheedung an engem politesche Prozess getraff.

HouseD‘Oppositioun hirersäits huet vum Premierminister de Récktrëtt gefuerdert. D‘Jo Swinson, Cheffin vun de LibDems (liberal Demokraten): „Dir musst iech entschëllegen. Wa scho mäi Bouf sech ze entschëllegen huet well hie mam Fussball eng Fënsterscheif ageschoss huet, da muss sech dach ee Premierminister mat Sécherheet dofir entschëllegen d‘Queen an d‘Land belunn a bedrunn ze hunn“.

An den Ian Blackford, Fraktiounschef vun de schotteschen Nationalisten, schléit zou an trëfft dee selwechten Nol: „Entschëllegung ass wuel dat schwéierst Wuert fir e Premierminister. An fir esou een ze zitéieren: Wou d‘Gesetz ophält fänkt d‘Tyrannei un. D‘Tatsaach, datt dëse Premierminister nach ëmmer hei steet, weist eis datt hien nach ëmmer mengt iwwert de Gesetzer ze stoen“.

Impressionnant Gewandheet

Déi engagéiert an emotiounsgelueden Interventioune vun der Oppositioun hunn dem Boris Johnson seng gutt Laun net verduerwen. Hien huet d‘Sozialdemokraten (Labour) déi Liberal (LibDems) an d‘Schotten ausgelaacht. Hie wëll provozéieren, bis op d‘Blutt reizen a fuerdert de Wee fir de Brexit fräi ze ginn oder direkt e Mësstrauensvott géint hien anzebréngen an Neiwahlen zouzeloossen.

Elo schéngt d‘Oppositioun, déi ausser datt si keen Austrëtt aus der europäescher Unioun ouni Accord zouloosse wëll, sech awer net op Neiwahlen aloossen ze wëllen. Och si gesinn duerchaus d‘Méiglechkeet vun enger erneiter Néierlag, wouduerch eigentlech nëmmen de Boris Johnson géif politesch gestäerkt ginn. Zudeem géif d‘Parlament während dem Wahlkampf och net siegéieren.

HouseWéi ee gesäit, et besteet nach ëmmer eng gewësse politesch Pattsituatioun. De Leader vun der Oppositioun, Jeremy Corbyn – dee selwer gäre Premier wier awer och keng brauchbar Alternativ virleeë kann – wier jo dem eegene Gebläers no, och fir Neiwahlen, déi allerdéngs nëmmen dann, wann de Boris Johnson virdrun zu Bréissel d‘Nospillzäit ugefrot an accordéiert kritt huet.

Zu Bréissel ass een es, wat den 31. Oktober ëmmer méi no kënnt, ëmmer méi iwwerdrësseg sech musse mat enger Regierung (an wéi et schéngt och der Oppositioun) ausenanerzesetzen, déi net emol am Usaz formuléiere kann, firwat eng Fristverlängerung ubruecht wier an/oder wei si sech virstelle kënnen, datt nach iergendeen gewëllt wier, dat ganzt nach emol nei ze verhandelen.

mat indymedia/lon

Foto: Aaron Brown

Ähnlech Sujeten BoJo, Boris Johnson, Brexit, Mësstrauensvott, Neiwahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel