Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konscht a Natur: wéi alles zesummegehéiert weist eng Expo am Biodiversum
Neiegkeeten

Konscht a Natur: wéi alles zesummegehéiert weist eng Expo am Biodiversum

Um Dënschdegowend war am klenge Krees zu Rëmerschen, am Naturschutzzenter

Dossier Bettel: Eng Staatsaffär!
Neiegkeeten

Dossier Bettel: Eng Staatsaffär!

déi lénk huet Kenntnis iwwert d‘Uerteel vum 28. Mee 2019

Sozial Assisen: De REVIS wier eng „Gutt Saach“ soen se…
Neiegkeeten

Sozial Assisen: De REVIS wier eng „Gutt Saach“ soen se…

D‘Akommes vun der sozialer Aglidderung, kuerz: REVIS genannt, ass zanter

Rapp a Klapp zum Joreswiessel

Wann eis eppes och 2020 net wäert ausgoen, esou sinn dat d‘Idioten an d‘Gewaltbereetschaft

Rapp a Klapp zum Joreswiessel

Kann een d‘Zivilgesellschaft nach a Fro stellen, wann dës am Begrëff ass sech opzeléisen? Eng Fro déi zum neie Joer net wierklech passe wëll, sech awer ugesiichts der ëmmer gréisserer Dommheet a Gewaltbereetschaft vun – sécherlech enger „Minoritéit – duerchaus stelle léist.

An de Policebericht ass net manner erschreckend wéi dee vun de Rettungsdéngschter (CGDIS). A well de Süde säi schlechte Ruff ze verdeedegen huet, sollt een dësem och d‘Primeur zougestoen. Déi sécherlech „spektakuläerst“ Kläpperei gouf et? Richteg zu Féiz an der Industriezon – wou et eigentlech all Weekend rabbelt – wat de Schluss zouléisst, datt d‘Leit wësse firwat se dohinner ginn.

Fir ze feiere sécherlech net, an esou huet Silvester an Brillstrooss zu Féiz wéi en normale Weekend ausgesinn. D‘Police ass op Neijoerschdag um 5 Auer bei en „Etablissement“ geruff ginn, wou sech eng 20 Toperte géifen op d‘Schnëss schloen. Wéi d‘Beamten op der Plaz ukomm sinn, hat sech dat ganzt eppes „berouegt“, mee a Punkto „Schnëssstécker“ hu sech d‘Kontrahenten ausgezeechent.

Interessant hei: dëst „Etablissement“ huet Sécherheetsleit – woubäi de Begrëff an dësem prezise Fall zolidd iwwerstrapazéiert gëtt – déi de Beamten, nodeems si op der Plaz waren, eng Persoun designéiert hunn, déi eng Waff bei sech hat. Eigentlech sollt een dovunner ausgoen, datt esou eppes vun de Sécherheetsleit éischter de Police gemellt, wéi eréischt da wann se op der Plaz ass.

D‘Beamten hu jiddefalls déi „designéiert“ Persoun séier kënne festhalen, an esou de Revolver (Cal. 32) konfiskéieren. Dat huet engem anere Client net gepasst, firwat dësen Topert mat enger Fläsch op d‘Beamte lassgaangen ass. Et ass him leider gelongen engem vun de Poliziste mat der Fauscht an d‘Gesiicht ze schloen, wat him eng extra Portioun Pefferspray zu Neijoerschdag abruecht huet.

Bei esouvill Engagement um fréie Mueren huet misse Verstäerkung geruff ginn – déi engagéiert Sécherheetsleit vum Etablissement hunn dem Schauspill virun der Dier amuséiert nogekuckt – an nodeems nach ee weidere Beamte blesséiert gouf, ass et nees eppes méi roueg ginn. Zwou Persoune goufe verhaft an nach op Neijoerschdag dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Et huet der wuel och nach op aner Plazen am Land op d‘Schnëss ginn, mee och dat eigentlech méi oder wéineger am gewinnten „Ëmfang“. Esou natierlech an der Stad (Gar, Hollerech, Uewerstad, Clausen an och Kierchbierg) mee och zu Rodange an zu Käl. Ob ee mat Preventioun dëser Gewalt kann Här ginn ass net gewosst, mee wann een et esou weider lafe léisst gëtt et Doudeger…

Illustratioun: Envato

Ähnlech Sujeten Féiz, Kläpperei, neijoerschdag, Police, Revolver, Untersuchungsriichter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel