Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eurogrupp op der Sich no neiem Leader
Neiegkeeten

Eurogrupp op der Sich no neiem Leader

2004 gouf den Eurogrupp gegrënnt well et ëmmer nees Kaméidi

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz
Neiegkeeten

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz

E Mëttwoch huet den US-President Donald Trump d‘Existenz vun enger

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt
Neiegkeeten

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt

D‘Chamberwahle leien hannert eis, d‘Koalitiounsgespréicher komme virun an esou lues

D’ILNAS rifft FFP2 Nanosilber-Maske vun zeréck

D’ILNAS rifft FFP2 Nanosilber-Maske vun zeréck

D’Lëtzebuerger Qualitéitsportal ILNAS informéiert doriwwer, datt déi antimikrobiell FFP2 Mond-Nuesschutz-Masken aus Stoff vun Nanosilber vum Maart geholl goufen an zeréckgeruff ginn. Et konnt net bewise ginn, datt de Produit d’Ufuerderungen zum Schutz vum Individuum erfëllt an och net onbedéngt virum Covid-19 schützen.

Hei d’Detailer vum Produit:

  • Numm: FFP2 NANOSILBER ANTIMIKROBIELLE MUND-NASENSCHUTZ
  • Produzent: HANVICO
  • Referenz: /
  • EAN-Code: 4260614260160

Clienten, déi dëse Produit kaaft hunn, sollen en net notzen an en am normalen Offall entsuergen. Mam Keesenticket kann ee probéieren d’Käschten zeréckzekréien. Identesch Masken, déi d’Mentioun FFP2 net droen, sinn och net vum Rappell betraff.

Ähnlech Sujeten Covid-19, FFP2-Masken, ILNAS, Rappell, Réckruff, Schutzmasken, Virus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel