Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“
Neiegkeeten

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“

Empfaange gouf de Joseph Muscat den 18. Juli an Hotel

money
OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien
Neiegkeeten

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence
Neiegkeeten

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence

Et war kengem opgefall nach net emol eis – wat

Gesondheetszoustand an der EU: méi Schutz a Präventioun fir ee méi gesond a laangt Liewen

Gesondheetszoustand an der EU: méi Schutz a Präventioun fir ee méi gesond a laangt Liewen

Dës Woch ass de Rapport vun 2018 mam Numm „Health at a Glance: Europe“ (Gesondheet op ee Bléck: Europa) eraus komm. Zesumme mat der Europäescher Kommissioun an der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) konnt festgestallt ginn, datt déi kontinuéierlech Hausse vun der Liewenserwaardung méi lues ginn ass an et staark Ënnerscheeder tëscht de Länner gëtt, wouvu virun allem Mënsche mat engem niddrege Bildungsniveau betraff sinn.

De Rapport baséiert op engem Verglach vun den Analyse vum Gesondheetszoustand vun den EU-Bierger(innen), sou wéi der Leeschtungsfäegkeet vum Gesondheetssystem vun den 28 Memberstaaten a vu fënnef Kandidaten- an dräi EFTA-Länner.

„D’Liewenserwaardung an der EU läit am weltwäite Spëtzefeld, mir dierfen eis awer net op eise Lorbieren ausrouen. Duerch verstäerkt Beméiungen zur Fërderung vun enger gesonder Liewenféierung an fir d’Bekämpfung vu Risikofacteuren, wéi Tubakskonsum oder Beweegungsmangel, kenne vill Liewe gerett ginn. Et ass net ze akzeptéieren, datt mir an der EU all Joer méi wéi 1,2 Millioune Mënsche fréizäiteg verléieren, wann dat duerch eng besser Preventioun vu Krankheeten an eng effizient medezinesch Versuergung verhënnert kéint ginn“, sou de Vytenis Andiukaitis, zoustännege Kommissiounsmember fir Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet.

Am Rapport gëtt awer och dozou opgeruff, déi psychesch Gesondheet ze stäerken a psychesch Krankheeten ze verhënneren, déi net nëmme fir d’Gesellschaft Auswierkungen hunn, mee wou sech och d’Käschten europawäit op iwwer 4 % vum BIP bezifferen. Donieft solle Risikofacteuren, wéi Tubaks- an Alkoholkonsum, sou wéi Adipositas bekämpft, déi virzäitlech Stierflechkeet reduzéiert, den allgemengen Zougang zu Versuergungsleeschtunge sécher gestallt an d’Belaaschtbarkeet vum Gesondheetssystem gestäerkt ginn.

Déi wichtegst Resultater

  • Bis viru kuerzem ass d’Liewenserwaardung nach schnell a kontinuéierlech an allen EU-Länner geklommen. Säit 2011 huet sech des Hausse awer verréngert. Donieft ass d’Liewenserwaardung nach ëmmer zimlech ënnerschiddlech, wat sech net nëmmen op d’Geschlecht, mee och op d’Ofhängegkeet vum sozioekonomesche Status bezitt.
  • Daten aus verschiddene Länner weisen, datt bis zu 20 % vun de Geosndheetsausgaben ee besseren Notze kéinten hunn. Eng Mëschung vun ënnerschiddleche Politikinstrumenter kéint den Ausgabenasaz optiméieren, andeems ee wirtschaftleche Mëttelasaz, beispillsweis bei der Auswiel vu gesondheetstechnologeschen Estimatioune vun de Suitte garantéiert ginn.
  • Am Joer 2015 si méi wéi 84.000 Mënsche wéinst psycheschen Erkrankunge gestuerwen. D’Gesamtkäschte vun esou Krankheete ginn all Joer op méi wéi 600 Milliarden Euro geschat.
  • Bal 40 % vun de Jugendleche ginn un, op mannst ee mol am leschte Mount iwwerméisseg vill Alkohol konsuméiert ze hunn. Zwar hunn d’Mesuren zur Kontroll vum Alkoholkonsum dozou bäigedroen, de gesamten Alkoholkonsum an der EU ze reduzéieren. Trotzdeem ass et nach ëmmer ee grousse Problem am Gesondheetswiesen, souwuel fir Erwuessener, wéi och bei Jugendlechen.
  • Bei engem Menage mat schwaachem Akommes ass et fënnef Mol esou wahrscheinlech, datt de Fleegebedarf net gedeckt ka ginn, wéi bei engem akommesstaarke Menage.

Eng kleng informativ Zesummefaassung fannt Dir HEI. Fir ganz genau Informatiounen an de gesamte Rapport kennt dir HEI laanscht kucken. Méi zum Thema Gesondheetswiesen an der EU fannt Dir um Site.

Ähnlech Sujeten Alkohol, Europa, Gesondheet, Health at a Glance: Europe, Liewenserwaardung, Vytenis Andiukaitis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel