Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jemen um Rand vum Ënnergang
uber dating app

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

top worldwide dating apps
uber dating app

best cleveland dating site

Se waren net sou faul, wéi se sech et hätte

Editorial: Ofgeschiermt
uber dating app

Editorial: Ofgeschiermt

Ass et Iech och scho virkomm, datt Owes d’An getréint

Raqqa Befreit? Net bis all Zweiwel ausgeraumt ass

Raqqa Befreit? Net bis all Zweiwel ausgeraumt ass

Zwee Deeg nodeems dem Islamesche Staat (IS) seng Héichbuerg Raqqa ofgeholl ginn ass, konnt déi offiziell Befreiung vun der Stad nach net ausgeschwat ginn. D‘Bedreeung duerch „Schléifer“ an déi vill Sprengmëttel déi nach musse fonnt a geraumt ginn, erlaben et nach net den Awunner zréck ze kommen.

D‘SDF (Syresch Demokratesch Miliz) eng Allianz tëscht arabeschen a kurdesche Combattanten, déi vu Washington ënnerstëtzt ginn, siche weider no verstoppten Dschihadisten. Kee Keller oder Tunnel deen ee kéint ausloossen, ze grouss ass d‘Gefor vun engem Uschlag. Ee vun de Leader vun den SDF, Mustefa Bali erkläert: „Wann d‘Minnen an aner Sprengmëttel entschäerft sinn, déi grouss Stroossen nees opgemaach sinn, dann, awer eréischt dann, erkläre mir Raqqa als befreit“.

A Gefeiert gëtt dann trotzdeem. Kurdesch Combattanten déi sech beim emblematesche Kreesverkéier vu al-Naïm afonnt hunn, schéissen an d‘Luucht an danzen op de Rhythmus vun traditioneller Musek. Al-Naïm, dat ass do wou d‘Dschihadiste vum IS de Mënschen de Kapp ofgeschnidden an aner Gräisslechkeete verbrach hunn.

Haut, no all de Joren si mir nees hei. Ech erënnere mech u meng Kandheet a Jugend déi ech hei verbruecht hunn. Ech sinn esou glécklech datt mir endlech nees eis Fräiheet zréck kritt hunn“, esou d‘Clara Raqqa, eng vun de Kommandantinne vun den SDF. An och am Stadion huet de grousse Fändel vun den SDF eng Hauch Befreiung gewisen. Am Hannergrond awer nach Explosiounen an d‘Motosgeräischer vun de Bulldozer déi d‘Trëmmer aus de Stroosse raumen.

Iwwerall Sprengfalen

De Spriecher vun den SDF huet virun engem iwwerstierzte Retour vun den dausenden Awunner gewarnt. D‘Leit sollten net ongeuerdent an d‘Stad gelooss ginn. Iwwerall leie Sprengsätz an och Sprengfale sinn op Schratt an Tratt eng reell Gefor fir Leif a Séil.

Vill Stroossen sinn zur Zäit nach onpasséierbar an kengem Zivilist kann erlaabt ginn sech do opzehalen. Et gëtt hei och nach ëmmer no leschten Dschihadiste gesicht. Am Agang vun der Stad waarden d‘Awunner a versichen d‘Léit vun den SDF z‘iwwerzeegen se an hir Haiser eran ze loossen.

Wou een hikuckt, en Bild vun der Zerstéierung. Kaum en Haus dat keng Ruin wier, Stroossen voller Trëmmer, iwwerall verkuelte Karkasse vun deem wat emol sollten Autoen oder Camionnette gewiescht sinn. Véier Méint huet d‘Schluecht gedauert, véier Méint an deenen d‘Allianz Loftugrëff duerchgefouert huet, keen Dag ouni Bombardement. Et gëtt keng Stad déi esou eppes iwwerstoe kéint, an awer Raqqa ass nach do, entstallt awer do.

An zu Raqqa ass gestuerwe ginn. Op mannst 3.250 Mënschen hunn hei hiert Liewe verluer. 1.130 Zivilisten, wouvunner der 270 Kanner waren, ginn als Affer vum Konflikt gezielt. 2.120 Kämpfer (op béide Säiten) hunn d‘Ausenanersetzung net iwwerstane.

Wat vun der Heemecht bliwwen ass

Haut erënneren ech mech un all déi Verletzt a Verstuerwen déi ech zu Raqqa gesinn hunn (…) D‘Stad ass befreit, mee déi nächst Etapp gëtt nach méi schwéier“ dat notamment fir déi ganz Gesondheetsinfrastrukturen erëm opzeriichten, ënnersträicht d‘Jamila Hami, eng Fräiwëlleg vum kurdesche rouden Hallefmound.

Si soen se wéilte Raqqa nees opriichten. Mee wat wëllen se opriichten?“ freet sech de Ismaïl Khalil, e Kämpfer vun der SDF a selwer Awunner vu Raqqa. „Och an 20 Joer kanns de hei näischt nei opbauen. Déi Stad ass dem Buedem gläich gemaach ginn“ bedauert de Ismaïl.

Gefreet gëtt sech dann awer. Dat besonnesch well mat Raqqa den IS kloer d‘Kampf verluer huet. Säit se 2014 d‘Kontroll vu grousse Gebidder am Irak an a Syrien, mee hire Kalifat ausgeruff haten, konnt net méi esou zouversiichtlech no vir gekuckt ginn.

E Mysterium stellen déi vill auslännesch Dschihadisten duer. Also op mannst déi, wou bis zum Schluss vun der Schluecht bliwwe sinn. Zanter dem Dënschdeg ass nach kee Bild opgetaucht, op deenen een se Doud oder gefaange gesäit. An awer waren se do. „Verschiddener hunn sech erginn, anerer sinn Doud“, bestätegt de Talal Sello, e Spriecher vun den SDF ouni méi Eenzelheeten.

Nach ass de „Krich“ net eriwwer

Laut dem SHRO (Syreschen Observatoire vun de Mënscherechter) hätten sech déi auslännesch Dschihadisten zum groussen Deel erginn. Verschiddener dorënner hätten et virgezunn sech westleche Geheimdéngschter ze erginn. Dozou erkläert den Rami Abdel Rhamane, Direkter vum SHRO: „Et gesäit een déi auslännesch Kämpfer net, wëll se an den Hänn vun de Geheimdéngschter sinn“.

An och de Spriecher vun der internationaler Koalitioun, de Colonel Ryan Dillon schéngt dat esou ze bestätegen. Laut senger Ausso, hätten sech an de leschte 96 Stonne bis 350 Dschihadisten erginn, dorënner „véier“ Auslänner. Zu Festnamen oder Gefaangener déi an d‘Hänn vun de Geheimdéngschter gerode wieren, war näischt gewuer ze ginn.

Mee och wann de Kalifat seng Haaptstad Raqqa verluer huet, am Irak kaum nach existent ass, de Grupp „Islamesche Staat“ gëtt et nach ëmmer. A Syrien kann e wuel nach just vun engem Grapp voll Terroriste schwätzen – besonnesch am Zentrum vum Land an südlech vun Damaskus – sinn se nach net geschloen. Als läscht Gebitt wat dem IS zougerechent ka ginn, gëllt déi syresch Provënz vun Deir Ezzor un der Grenz zum Irak.

mam Maya Gebeily/AFP

Foto: Frae vun den SDF féieren um emblematesche Kreesverkéier vun al-Naïm zu Raqqa d‘Victoire iwwert den Islamesche Staat. © Bulent Kilic/AFP

Ähnlech Sujeten islamesche Staat, Raqqa, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel