Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg bereet sech op den haarde Brexit vir
Neiegkeeten

Lëtzebuerg bereet sech op den haarde Brexit vir

Et war den 23. Juni 2016, wou a Groussbritannien d‘Bierger

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt
Neiegkeeten

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt

Um Samschdeg gouf de moderéierte President Hassan Rouhani mat enger däitlecher

D’Strooss ass keng Rennstreck – 3.491 Gesetzesverstéiss a knapp 2 Méint!
Neiegkeeten

D’Strooss ass keng Rennstreck – 3.491 Gesetzesverstéiss a knapp 2 Méint!

Am Kader vun der Campagne D’Strooss ass keng Rennstreck, déi

Camion op der Raschtplaz Trierweiler verbrannt

Camion op der Raschtplaz Trierweiler verbrannt

Um Méindegmuere géint 6 Auer sinn d‘Pompjeeë vum CIS Gréiwemaacher-Mäertert an den Asaz geruff ginn, well op der Raschtplaz um Grenziwwergang vun der A1 (Waasserbëlleg-Trierweiler) op der däitscher ee Camionsunhänger a brand gestanen huet.

Wéi et heescht, soll de Chauffer vum Camion, deen a senger Kabinn geschlof huet, d‘Feier zäiteg bemierkt hunn, firwat hie sech a Sécherheet bréngen an d‘Rettungsdéngschter uruffe konnt. Déi däitsch Pompjeeë waren dann och zimlech fix op der Plaz, hunn awer misse feststellen, datt si deem Feier eleng net géife Meeschter ginn. Si hu Verstäerkung geruff an d‘Lëtzebuerger Kollege vum CIS Gréiwemaacher-Mäertert hu sech op de Wee gemaach.

Raschtplaz

© CISGM

Och déi Lëtzebuerger Pompjeeë ware vun der Intensitéit eppes iwwerrascht. D‘Fracht, déi am Camion op Palette verluede war, huet „gutt“ gebrannt an den éischte Problem dee sech opgedoen huet: et gëtt op der Plaz anscheinend keng Hydranten. Dat huet mat sech bruecht, datt vill Tankween hu missen an den Asaz geruff ginn, fir datt d‘Pompjeeën d‘Situatioun nees ënner Kontroll kréie konnten. Eng ustrengend a geféierlech Missioun.

Dank dem Asaz vum Schaum, haten d‘Pompjeeën dann awer d‘Lag no laangem Gedeessems, am Grëff. Well sech d‘Fracht ëmmer nees nei entzünt huet, hunn d‘Pompjeeën d‘Remorque vum Camion missen „eidel“ maachen, eng Aarbecht déi deels nëmme per Hand gaangen ass. De Bilan: en onwidderrufflech zerstéierte Camionsunhänger mat senger Fracht. Zum Gléck ass et hei awer beim Materialschued bliwwen, a kengem ass e Leed geschitt.

Raschtplaz

© CISGM

Op der Plaz waren déi fräiwëlleg Pompjeeë vu Langsur, Mesenich, Newel a Welschbillig. Och déi Tréierer Beruffspompjeeën hunn hir Kollegen op der Plaz ënnerstëtzt. De CIS Gréiwemaacher-Mäertert, war mat 13 Mann am Asaz. Dank der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht, ass den Asaz zügeg beherrscht ginn.

Foto: © CISGM

Ähnlech Sujeten Beruffspompjeeën Tréier, Camion, CGDIS, CISGM, Freiwillige Feuerwehr, Raschtplaz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel