Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?
Stories

D’Regierungsmembere kruten haut vum Gesondheetsminister Étienne Schneider de „Passeport de

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?

Wann et dem Jean-Claude Juncker an der EU-Kommissioun nogeet: Jo!

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit
Stories

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit

Um Sonndeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May versprach, hire

Rassemblement vun de Frënn vun ale Militärgefierer

9. Internationale Meeting CVM Steesel - © Martine de Lagardère/moien.lu

Et war dëst Joer schonn déi néngten Editioun vum internationalen Treffe fir al Militärgefierer, dat zu Steesel vun de „Collectionneurs de Vehicules Militaires“ (CVM) organiséiert gëtt. E flotte Meeting dee wäit dovunner ewech ass de Krich wëllen ze verherrlechen.

De Motto vun de Sammler ass dann och éischter: „Versuerg net d‘Äschen, reech d‘Feier weider“. Mat ronn 60 Memberen ass den CVM Steesel dann och gutt opgestallt. Si hunn esouguer eng „Jugendsektioun“ déi esouwuel interesséiert wéi och engagéiert ass.

An Engagement ass och ugesot. Esou en Treffen organiséiert sech net vum selwen, do ass nieft der Logistik och Ielebou-Ueleg verlaangt. Déi sëlleche Gäscht, déi sech vill ze zielen hunn, wëllen och ee Maufel iessen an e Pättche genéissen. Bei de Gespréicher geet et dann och net nëmmen ëm Anekdoten, mee natierlech ëm den Austausch, wéi sech déi Gefierer dann och erhale loossen.

D‘Gespréich mam President

Fir dann och eppes méi gewuer ze ginn, hu mer eis de President vum CVM, de Marc Heiderscheid gekroopt an dem sympathesche Mann Lächer an de Bauch gefrot. An do si mir da gewuer ginn, datt viru laanger Zäit, déi Treffen nach zu Lëntgen beim Fritz Altmann stattfonnt hunn. Iergendwéi huet sech dat awer net gehalen, an de Marc mat enger klenger Equipe huet alles nei opgebaut.

De President vum CVM Steesel, Marc Heiderscheid, konnt eis villes iwwert den Hannergrond an de Sënn vun esou engem Meeting erzielen. Verherrlecht gëtt de Krich net, d‘Erënnerung gëtt erhalen. Och d‘Gefierer vun „deemools“ sinn en Deel vun der Geschicht – © Martine de Lagardère/moien.lu

Esou koum et datt den CVM Steesel gegrënnt ginn ass, an mat der Ënnerstëtzung vun engem frëndleche Mann, si och all Joers d‘Wiss hannert dem Kulturzentrum dierfe benotzen. E grousse Virdeel, well esou nieft der Kichen, och d‘Hall fir beim schlechte Wieder genotzt ka ginn.

An de Marc huet dann, no bal engem Joerzéngt, och déi eng oder aner Anekdot op Lager. Mir verrode just esouvill: mer hu gutt gelaacht, erzielen awer näischt weider. Well wéi de Marc géif soen: „kann ee kengem erziele soss rifft mir muer nees d‘Police un“.

Gutt Frënn déi ee sech erhält

Wouriwwer de President vum CVM besonnesch houfreg ass, sinn d‘Frënn déi al Joers op e neits op Besuch kommen. Et gëtt der esouguer, déi komme just fir Nuets opzepassen, datt keen Dommheete mécht oder eppes „verluer“ geet. Riets ass hei vu pensionéierte Polizisten déi vu Wellin (B) déi, well jo awer och Waffen um Terrain leien, en A op dat ganz halen.

Zu de Waffe sief awer preziséiert, datt et sech ëm Kopien an/oder entmilitariséiert Geschir handelt, mat deenen net schaarf geschoss ka ginn. Se gesinn awer eben „béis“ genuch aus fir engem Angscht ze maachen, wat definitiv net de But vun esou engem Rassemblement ass.

De But vun esou engem Meeting ass an éischter Linn d‘Erënnerung lieweg ze halen. Eng Aufgab déi ëmsou méi wichteg gëtt, wou d‘Zäitzeie vum zweete Weltkrich lues awer bestëmmt ausstierwen. Elo, gutt 75 Joer no deem gräisslechen Dreiwen, muss alles dru gesat ginn, datt sech esou eppes net widderhëlt.

Et geet ëmmer weider

Mam Bléck op 2018, wou den CVM Steesel da säi Jubiläum feiert, ass de Marc dann och ganz frou, e gutt Versteesdemech mat der Gemeng ze hunn. An de Jean-Pierre „Jempi“ Klein, vun deem ee sollt ausgoen dat hien als Buergermeeschter och erëmgewielt sollt ginn, stäipt de Sammler dann och de Réck. Hie léisst et sech net huelen och perséinlech op d‘Plaz ze kommen, an et kann een erliewen, datt de Jempi mat deem engen an anere potert.

De Buergermeeschter vun der Gemeng Steesel am Gespréich. De Jean-Pierre Klein steet hannert dem CVM a dierft sech och 2018 freeën als Gemengepapp beim Jubiläum derbäi ze sinn – © Martine de Lagardère/moien.lu

De CVM Steesel, dee virun dräi Joer ageluede war bei der Militärparad zum Nationalfeierdag matzefueren, géif sech fir de Jubiläum iwwert de Besuch vum Groussherzog freeën. Dat wier sécherlech motivéierend fir d‘Jugend. Eng Jugend, déi vum Veräin en eegent Gefier gestallt kritt, dat musse restauréieren an ënnerhalen, woubäi se vun den „alen Huesen“ berode ginn. Eenzeg de Bensin mussen se selwer bezuelen.

Also mir hunn ee ganz interessanten Nomëtteg zu Steesel verbruecht. Vill nei Leit kennegeléiert déi zu hirem Hobby stinn an gutt op d‘Saachen oppassen. Flott war och d‘Feststellung, datt sech beim CVM net méi alles nëmmen ëm den zweete Weltkrich handelt. Sécher, d‘Gefier sollt eppes méi al sinn, mee esou laang et säin „Déngscht“ geleescht huet, ass et wëllkomm.

Ähnlech Sujeten CVM, Lëtzebuerg, Military Vehicles, Steesel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel