Search

You may also like

Zeréck op Lëtzebuerg, esoulaang et nach méiglech ass!
Neiegkeeten

Zeréck op Lëtzebuerg, esoulaang et nach méiglech ass!

Nodeems de Lëtzebuerger Ausseministère gëschter virun onnéidegen Auslandsreesen ofgeroden huet,

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg
Neiegkeeten

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg

Et war dat eloten schonn déi 24. Editioun vum „Luxembourg

De Rassismus als Aktualitéitsstonn an der Chamber
Neiegkeeten

De Rassismus als Aktualitéitsstonn an der Chamber

Rassismus ass eppes wat och an eiser Gesellschaft omnipresent ass.

De Rassismus als Aktualitéitsstonn an der Chamber

De Piraten an der CSV geléngt en Punktlandung, d‘ADR bestätegt ideologesch Ausriichtung

De Rassismus als Aktualitéitsstonn an der Chamber

Rassismus ass eppes wat och an eiser Gesellschaft omnipresent ass. Emol riicht eraus, heiansdo méi subtil, mee ëmmer mam Zil deen „aneren“ ze verletzen. Zanter dem Dout vum Afroamerikaner George Floyd, huet de Rassismus an all senge Formen, ob strukturell oder systemesch, weltwäit fir vill Debatte gesuergt, an esou elo och an der Chamber zu Lëtzebuerg.

De Sven Clement (Piraten) an de Paul Galles (CSV) haten zu dësem Thema, dee vill Emotiounen an prägend Argumentatiounen ervirbruecht huet, eng Aktualitéitsstonn ugefrot. Dat mannst wat een dozou ka soen: „vu fundéiert bis zolidd ausfalend, et ass vun allem eppes gebuede ginn“. Wärend de Paul Galles feststellt datt Lëtzebuerg keng „rassistesch Gesellschaft“ ass, wuel awer sech och mat dësem Thema beschäftege muss, stellt de Sven Clement fest, datt et och hei Alldagsrassismus gëtt.

Et ass, bezunn op den Impakt deen d‘Ermordung vum George Floyd op d‘US-Gesellschaft huet, an dee sech wéi ee Flächebrand och bis Europa ausgebreet huet, sécher noutwenneg, datt ee sech mam Thema beschäftegt, a wéi et de Paul Galles richteg notéiert huet, och déi eege Geschicht op de Leescht hëlt, a sech mam Rôle vum Land zu Zäite vum Kolonialismus (Kongo) befaasst. Méi generell fuerdert hien, datt een de Betraffenen nolauschtert a konkret géint Rassismus virgeet.

Fir de Sven Clement ass et imminent wichteg datt ee sech dem Alldagsrassismus unhëlt, dee jo erwisenermoossen zum strukturelle Rassismus féiert an déi sozial Ongläichheete verstäerkt. Hien huet drop higewisen, datt de Mouvement „Black Lives Matter Lëtzebuerg“ (BLM) mat senger Maniff virun der US-Ambassade besonnesch déi Jonk Leit mobiliséiert huet, an huet dofir och eng Resolutioun abruecht, mat där d‘Fuerderunge vum Mouvement solle legitiméiert ginn.

Och d‘Koalitioun huet eng Resolutioun abruecht, mat där si sech dofir asetzen, datt den CET (Zentrum fir Gläichbehandlung) besser an d‘Entscheedunge betreffend de Kampf géint all Form vun Diskriminatioun soll agebonne ginn. Wärend d‘Resolutioun vun de Piraten an d‘Kommissioun verwise ginn ass, wou sech nach emol mam Wuertlaut wëll befaasst ginn, ass déi vun der Koalitioun mat 56 Stëmmen – d‘ADR war entschidden dergéint – ugeholl. Et huet dann nach 2 Motioune ginn.

De Max Hahn (DP) huet eng gemeinsam Motioun vun der Majoritéit abruecht, mat där d‘Regierung ageluede gëtt, eng Etüd zum Rassismus zu Lëtzebuerg ze erstellen. Dat mam Zil eng koherent Strategie géint de Rassismus ze entwéckelen. Déi ass eestëmmeg ugeholl ginn. De Sven Clement huet nach eng Motioun agereecht, mat där d‘Regierung opgefuerdert ass, eng Bestandsopnam vun den antidiskriminatoresche Politiken ze maachen an en nationalen Aktiounsplang auszeschaffen.

D‘ADR gëtt hirer Gesënnung gerecht

Wa béid Motiounen ugeholl goufen, an déi gefuerdert Etüd bis Enn 2021 soll virleien, esou war den Debat besonnesch duerch d‘Interventioun vum Fernand Kartheiser (ADR) eppes strapazéiert ginn. Esou war dësen der Meenung, datt d‘Ausso „60 Wäisser diskutéieren iwwert de Rassismus“ u sech scho rassistesch ass. Hien huet sech fir déi fräi Meenungsäusserung, de fräie Choix vum Locataire oder Mataarbechter ausgeschwat. Hien huet d‘Chamber opgefuerdert, statt sech Gedanken ëm de Kongo vu „Gëschter“ ze maachen, et besser wier sech mam Kongo vun Haut ze beschäftegen.

Eng Ausso déi sech op d‘Ausbeutung vun de Kanner an de Kobalt-Minne bezitt. Hien huet dann och déi gréng bezichtegt, hir Elektromobilitéit um Réck vun dëser Populatioun auszebauen. A jo, de Kobalt ass eng wichteg Komponent. Hien ënnersträicht dann nach, datt d‘ADR eng antirassistesch Partei ass, déi awer géif weigeren hir Fräiheet dem Kampf géint de Rassismus ze afferen. Hien huet och de Sven Clement frontal ugegraff an Ënnerstellunge geäussert, déi zügeg gekontert goufen.

RassismusDeen huet a senger Conclusioun dann awer emol aleedend festgestallt, datt mir Lëtzebuerger déi grouss Diversitéit vum Land ëmmer mat vill Opwand – op an Tourismusbrochüren oder de Campagne vun der Regierung – no bausse vertrieden, mee et déi faktesch an der Chamber selwer net gëtt. D‘Chamber wier kee representativen Echantillon vun eiser Gesellschaft, mee eng Klass vu Privilegiéierten. Dat wier wuel net hir Schold, mee d‘Chamber ass de Garant vum Zesummeliewen.

Hien huet et sech allerdéngs och net huele gelooss, op dem Kartheiser seng „Attack“ ze äntweren, an dëse gekonnt verbal op d‘Plaz gestallt. Och d‘Interventioune vun der Familljeministesch Corinne Cahen (DP) an der Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) hu sech mat den Aussoe vum ADR-Deputéierte befaasst, an dat ee reege verbalen Austausch zur Folleg. Mat fundéierten Argumenter an enger Rei „Hiweiser“ gouf dem Fernand Kartheiser gekontert. Memorabel ass awer och ee Saz vum David Wagner (déi lénk): „Et ass net evident vu Rassismus ze schwätzen, wann ee wäiss ass“.

Illustratioun: © Benedikt Geyer / unsplash

Related topics Aktualitéitsstonn, Chamber, CSV, Paul Galles, Piraten, Rassismus, Sven Clement
Next post Previous post