Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!
i kissed dating goodbye free read Neiegkeeten

https://moien.lu/retired-military-online-dating/

No der Presentatioun vum Budget, dëse 5. Mäerz, muss festgestallt

lulu dating intelligence
i kissed dating goodbye free read Neiegkeeten

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn

Fir déi jonk Lëtzebuerger Pilotin Zoe Knebler, war de leschte

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun
i kissed dating goodbye free read Neiegkeeten

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

No hirem „Piquet“ an enger éischter Entrevue mam Mediateur um

Institutionaliséiert Rassistesch: d‘Kierch vun England

„Mir hunn der Kierch Béises gedoen, mir hu Gott Béises gedoen, a virun allem hu mir all deene Béises gedoen, déi mir victimiséiert hunn“, esou den Äerzbëschof vu Canterbury

Institutionaliséiert Rassistesch: d‘Kierch vun England

Wann et dee „Gott“ gëtt vun deenen esouvill Leit schwätzen, esou ass virstellbar, datt deen dierft zolidd d‘Flemm mat senger ierdescher Ekipp hunn. Zanter et déi gëtt, verbreeden si Weisheeten a Liewensregelen un déi si sech als éischt net halen, jo net emol duerno orientéieren.

An ëmmer erëm tauche Kierchemänner op, déi voll a ganz dovunner iwwerzeegt sinn, datt et duer geet deen een oder anere Feeler anzegestoen, fir datt hinnen dëse verzie gëtt. Aneren Onrecht dinn, Schued zouzefügen oder Schlëmmeres, misst eigentlech vun der Justiz bestrooft ginn an déi huet keen Afloss op d‘Kierch, zumindest net an dëser Welt. Et geet och ëm den Image vun der Kierch.

Elo huet en Dënschdeg den 11. Februar den Äerzbëschof vu Canterbury – dat ass esou eppes wéi de Poopst fir d‘Anglikaner – bei der Synod vun der englescher Kierch festgestallt, datt säi Betrib „déifgräifend an institutionell rassistesch“ ass. Déi anglikanesch Kierch hätt enorm vill Leed bereet, dat awer ëmmer „onbewosst“ an „ouni Absicht“. Trotzdeem géif hie sech dofir schummen…

Kierch vun England

Wouhier dëse Wandel?

Elo ass et net esou, datt sech d‘Kierch vun England allgemeng fir hir Verbrieche géif entschëllegen. Ganz esou oppe sinn och de Réimer hir Konkurrenten net. Bei dëser „Entschëllegung“ vum Justin Welby, ass et drëms gaangen, déi vun de Kierchemänner gestëmmte Motioun ze validéieren an ze „verëffentlechen“. A wien genee hikuckt, gesäit d‘Marketingstrategie déi sech derhannert verstoppt.

An der Motioun geet et ëm „d‘Entschëllegung fir de bewossten an onbewosste Rassismus dee ville schwaarzen, asiateschen an/oder aner ethnesch Minoritéiten, awer alles Anglikaner, säit 1948 zu deel gi sinn, während déi eigentlech nëmmen op der Sich no enger spiritueller Heemecht waren“, esou de Communiqué vum Äerzbëschof vu Canterbury. Mee firwat dee ganzen Opwand?

Ma grad wéi hir kathoulesch Géigespiller am Vatikan, geet der anglikanescher Kierch d‘Personal fleeten. Esou wierklech attraktiv ass den Job net, an deels muss ee scho bal kriminell Genen hunn, fir iwwerhaapt nach motivéiert matzemaachen. Si ass folglech op genee déi Leit ugewisen, déi si joerzéngtelaang mam Fouss an den Allerwäerteste getrëppelt huet, well déi den Job nach maachen.

Kierch vun England

Den Äerzbëschof vu Canterbury a CEO vun der Kierch vun England, Justin Welby, ass der Usiicht, datt wann ee sech fir Verbriechen einfach entschëllegt, engem och sollt verzie ginn. Woubäi dat Ganzt eigentlech engem ganz aneren Zeck dénge soll. © A. Becket

Vu wat geschwat gëtt

Bei deem ob wat sech den Äerzbëschof Justin Welby – e Personnage mam Charisma vun engem Stater Tramschantier – bezitt, handelt et sech ëm déi sougenannt „Generation Windrush“ (esou genannt wéinst dem éischte Schëff „Empire Windrush“ dat mat den éischte 500 Migranten aus de Kolonien ukomm ass) déi nom 2. Weltkrich gebraucht goufe fir den Empire nees opzeriichten.

Alles an allem sinn eng 500.000 „schwaarzer“ aus den Antillen a Groussbritannien geschéckt ginn (déi mannst dovunner fräiwëlleg) an et schéngt als hätt een sech bei dësen iwwerzeegt, datt si fest am Glawe verankert sinn, also iergendwéi „méi vertrauenswierdeg“ sinn. Just datt wéi déi bis a Groussbritannien ukomm sinn, hunn déi wäiss anglikanesch Paschtéier hinn d‘Participatioun um Gottesdéngscht verweigert. Och soss, mussen d‘Kierchemänner net vill Gutts iwwreg gehat hunn.

Elo awer, wou eigentlech nach just dës Populatioune bereet sinn, hir Aarbechtskraaft engem Club unzebidden, dee si iwwer Generatiounen ewech diskriminéiert an drangsaléiert huet, brauch et de Mea Culpa an d‘Entschëllegung. Besser wier et natierlech Verantwortung fir dës Verbriechen ze iwwerhuelen, mee dat kann ee vun enger Institutioun wéi d‘Kierch elo net och nach verlaangen…

mat indymedia/lon

Opmaacherbild: Andréck vun der Synod vun der anglikanescher Kierch © A. Becket

 

Ähnlech Sujeten Äerzbëschof, Canterburry, Entschëllegung, Generation Windrush, Justin Welby, Kierch vun England, Rassismus, Synod
Nächsten Artikel Virrechten Artikel