Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun
Extravagant an eenzegaarteg, dem Streetart-Kënschtler Banksy säi „Girl with Balloon“,
Extravagant an eenzegaarteg, dem Streetart-Kënschtler Banksy säi „Girl with Balloon“,
[onionbuzz quiz-id=196][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer erëm e Lëtzebuergesch-Test
D’Nordstad ass mat Ettelbréck an Dikrech eng wichteg Achs fir
Elo wou d’Schoulvakanz méi no kënnt, an awer nach zuelräich Aktivitéiten ewechfalen, kéint d’Loscht op e Buch klammen. Ma, all Schüler, deen un enger ëffentlecher oder privater Schoul, déi den nationale Programm duerchhëlt, ugemellt ass, ka vum Räichtum vun read-y profitéieren. Déi iwwer 20.000 Bicher sinn dobäi virun allem op Englesch, Däitsch a Franséisch. Och d’Léierpersonal, d’Direktioun a Bibliothekäre vun de Lycéeën hunn Zougrëff.
Déi digital Bibliothéik ersetzt net d’Lecture am Cours, wouduerch och eng Rëtsch Bicher net um schoulesche Programm baséieren. Virun allem soll et ëm d’Freed um Liesen duerch en einfachen Zougang op d’Jugendliteratur goen.
Et benéidegt een zu aller éischt emol een IAM-Konto. Iwwert d’App Sora (iOS an Android) oder d’Internetsäit ready.script.lu mellt de Schüler sech dann un. Schüler iwwer 14 Joer, déi eng Kart bei der Nationalbibliothéik oder enger anerer ëffentlecher Partnerbibliothéik vun ebooks.lu hunn, kënnen och op d’Material vu read-y zeréckgräifen.
Ab Mëtt Juli wäert d’Offer vu read-y an d’Offer vun ebooks.lu integréiert sinn, wou elo schonn 150.000 elektronesch Bicher waarden gelies ze ginn. Folgend Funktiounen huet read-y:
De Projet read-y ass natierlech erweiderbar, wouduerch reegelméisseg nei Bicher bei d’Offer dobäi kommen. Ab elo wäerten d’Schüler an hire Schoulen duerch Affichen op déi nei Bibliothéik opmierksam gemaach ginn.