Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi ee (Fussball)Gott an Däitschland
Neiegkeeten

Wéi ee (Fussball)Gott an Däitschland

Bei eisen däitschen Nopere geet et zügeg am Kontext vun

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!

Et gëtt kee mannerwäertege Beruff. Et gi just Uerteeler vu

E Buergermeeschter muss och no senge Leit kucken!
Neiegkeeten

E Buergermeeschter muss och no senge Leit kucken!

Ganzer eelef Filiale mécht d‘Spuerkeess zou. Se géifen sech net

Chamber: Realistesch Utopie oder utopesch Realitéit?

Eng Aktualitéitsstonn zur Reprise vum Schoulunterrecht, Fräihandelsaccorden a gréng Flexibilitéit wann et drëms geet Wirtschaftsinteresse géint Mënscherechter ofzeweien

Chamber: Realistesch Utopie oder utopesch Realitéit?

Et ass virstellbar, datt sech gëschter am Nomëtteg vill Mënsche virgeholl haten, d‘Sëtzung vun der Chamber zum CETA an dem Partenariat mat Singapur ze verfollegen. Eng einfach Übung dierft et net gewiescht sinn, an un Kritik hat et am Virfeld dozou och net gefeelt. All d‘Gesetzer dozou sinn awer naturgeméiss duerchgeboxt ginn, datt allerdéngs mat Deels ganz frowierdegen Argumenter.

Mee iert een zum Haaptplat iwwergoe kann, muss een emol d‘Zopp ausgeläffelt hunn. D‘Majoritéit hat am Kontext vun der progressiver Reprise vum Schoulunterrecht eng Aktualitéitsstonn ugefrot an de Rapport Gilles Baum (DP), selwer am ziville Liewe „Schoulmeeschter“ huet op de Wäert vun de soziale Kontakter tëscht de Kanner am schouleschen Ëmfeld higewisen an och nach emol betount, datt et wichteg ass, besonnesch fir déi Jonk nees zu normale Verhältnisser zréckzefannen.

Hien huet, wéi och schon den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) an de Syvicol-President Emile Eicher (CSV) festgestallt dat déi granz grouss Majoritéit vun den Enseignanten sech och fir dës Reprise staark gemaach huet, an datt an de Gemengen alles géif ënnerholl ginn, wéi déi gréisst méiglech Sécherheet fir d‘Kanner ze assuréieren. Hien insistéiert zudeem op de Fait, datt et wichteg ass, och am Interesse vun de Schüler aus alle Beräicher, ee proppere Joresofschloss hinzekréien.

Datt een duebel esouvill Enseignanten a Plaz brauch, fir dëse Programm awer just mam néidegsten iwwert d‘Bühn ze kréien, stéiert de liberale Politiker net am geréngsten. Hie bezitt sech op Etüden aus dem Ausland, aus deene soll ervirgoen, datt Kanner sech net géigesäiteg géifen ustiechen, mee hir Infektioun vun den Erwuessenen iwwerdroe kréien. An awer géif d‘Regierung och d‘Suerge vun den Elteren eescht huelen, mee hält sech léiwer un d‘Recommandatioune vun den Experten.

Schoul ass méi wéi ee Recht

Dat mir alleguerte mam Covid19 wäerte liewe mussen a Schoul ganz wichteg ass, datt stellt d‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen net a Fro, ass allerdéngs net begeeschtert, datt d‘Regierung hei d‘Verantwortung un d‘Schoulen an d‘Gemengen iwwerdréit. Si wollt dann och wëssen op wéi enger legaler Basis dës Decisioune fundéieren. Zudeem stellt sech jo hei och d‘Fro un den – net manner wichtege – Aktivitéiten. Sport an/oder Beweegung sinn essentiell fir de gudden Equiliber.

Déi sozialistesch Deputéiert Francine Closener, well erkannt hunn, datt dës Pandemie eis gewisen huet, wéi gutt eise Schoulsystem ass an erënnert drun, datt an d‘Schoul goen och e Mënscherecht ass. Sozial Isolatioun wier schiedlech an d‘Schoul doheem géif déi Erzéiungsberechtegt ganz kloer iwwerfuerderen, och wann et do Ausname gëtt. Et géi sech jo och op dat wesentlecht konzentréiert. Et wier och erkannt ginn datt een d‘Digitaliséierung muss virundreiwen an ausbauen.

Fir d‘Josée Lorsché (déi gréng) déi an hirer Gemeng de Schoulbetrib politesch ze veräntwerten huet ass och op d‘Sozialkompetenzen agaangen an weist drop hinn, datt „Home-Schooling“ fir méi Ongläichheete suergt. Zudeem dierft een den Aspekt vun der haislecher Gewalt an der allsäits bekannter Vernoléissegung vun de Kanner net ausklameren. An der Schoul géif een esou Problemer zäiteg erkennen an et kéinten dann och Mesuren ergraff ginn. Schoul ass Schutz fir d‘Kand.

Gewalt gëtt et net nëmmen doheem

De Fernand Kartheiser (ADR) war sengersäits eppes verwonnert, datt de Rapporter behaapt huet, et wier sech mat allen Acteure concertéiert ginn. Ugesiichts den Awänn vun de Gewerkschaften an den Elterevereenegunge muss et erlaabt sinn d‘Aussoe vum Rapporter ze bezweiwelen. Wat d‘Etüden ugeet, esou gëtt et därer esouvill wéi Meenungen. Zur Gewalt: déi géif et och an der Schoul an do wier een éischter schlecht opgestallt. D‘ADR hätt et begréisst wann een de Choix behalen hätt.

Den David Wagner (déi lénk) stellt d‘Schutzfunktioun vun der Schoul net a Fro a weist drop hin, datt de Confinement d‘Ongläichheeten nach eppes méi siichtbar gemaach huet. Et sollt een dës Reprise notzen, fir sech de Kanner mat Léierschwieregkeete méi geziilt unzehuelen, endlech déi bestoend Infrastrukturproblemer léisen a sech generell de strukturelle Problemer vun eisem net esou performante Schoulsystem zouwennen. Et sollt een d‘Zäit notzen d‘Schoul besser opzestellen.

Fir de Sven Clement vun de Piraten, sinn d‘Suergen déi d‘Elteren zum Ausdrock bruecht hunn ze berécksiichtegen. Hie fuerdert, datt déi duerch de Confinement provozéiert emotional Belaaschtung vun de Kanner muss geholl a gläichzäiteg d‘Sécherheet vun de Schüler an den Enseignante muss assuréiert ginn. Net gekläert ass weiderhin, wéi ee mat de Kanner ëmgeet, bei deenen et am Stot eng vulnerabel Persoun gëtt, an och net gewosst ass, wéi een de Butzen déi nei Reegele well nobréngen.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet sech dann nach emol dro behaapt, datt et ee breede Konsens fir d‘Reprise vum Schoulunterrecht gëtt. Hie weess datt et keen einfache Wee gëtt, well Pedagogie a sozial Distanz passen net zu enaner. Et hätt ee vill Opwand bedriwwe a mat allen – also de Schoulen an de Gewerkschaften – d‘Mesuren ofgestëmmt. Datt d‘Medien an d‘Wëssenschaftler vill Ängschten ugeheizt hunn, an zur schlechter Stëmmung bäigedroen, bedauert de Minister.

Motiounen

D‘Fraktiounspresidentin vun der CSV huet an dësem Kontext eng Motioun ofginn, an där et ëm déi physesch Aktivitéiten am schoulesche Beräich geet. Och gëtt doranner gefuerdert, méiglechst vill, zumindest mat de Butzen an de ganz Jonken, Aktivitéiten dobaussen ze ënnerhuelen. De Minister gesäit an dëser Motioun gutt Usätz, déi een awer an der Komissioun méi am Detail sollt beroden.

An der Motioun vum Sven Clement, ass et drëms gaangen, d‘Elteren ëmfänglech a méiglechst verständlech per Courrier (och e-Mail) iwwert déi ugewannte Bestëmmungen ze informéieren. Zudeem sollt een déi éischt Woch notzen, d‘Schüler mat den neie Reegelen ze familiariséieren. D‘Motioun ass eestëmmeg vun der Chamber ugeholl ginn.

Foto: Den Deputéierte Gilles Baum ass frou datt de Schoulunterrecht nees opgeholl gëtt. © Chambre des Deputés/Flickr

Ähnlech Sujeten Aktualitéitsstonn, Chamber, Claude Meisch, Krautmaart, Reprise, Schoul doheem, Schoulunterecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel