Search

You may also like

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!
International Neiegkeeten

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!

An enger Summernuecht den Himmel ze bewonneren ass net nëmme

Coronavirus: Mënschen dobannen, Déieren dobaussen
International Neiegkeeten

Coronavirus: Mënschen dobannen, Déieren dobaussen

Wärend d’Mënschheet eng Aart Stëllstand erlieft, beweist d’Natur weiderhin, wat

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou
International Neiegkeeten

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou

Soubal et mi kal gëtt, héiers de awer wierklech jidderee

D‘Aen net virun der Realitéit verschléissen

D‘Aen net virun der Realitéit verschléissen

Sea-Watch an “Border Violence Monitoring Network” hunn der Mënscherechtskommissioun vun de Vereenten Natiounen e Bericht iwwer déi andauernd Verletzung vum Internationale Pakt iwwer biergerlech a politesch Rechter duerch Malta virgeluecht.

Dëse Bericht kënnt zu dem Schluss, datt trotz der Ratifizéierung vum Internationale Pakt iwwer biergerlech an politesch Rechter déi déi andauernd illegal Réckféierunge vu Flüchtlinge, déi vu malteseschen Autoritéiten oder vun enger Drëttpartei duerchgefouert gëtt, am Widdersproch zu de vëlkerrechtleche Verflichtunge steet.

Hei stellt Sea-Watch fest, datt d’Zesummenaarbecht tëscht der maltesescher Regierung an der libescher Küstewaach eng kloer Verletzung vu Malta senge Verflichtungen ass (Artikel 6 und 7 des ICCPR). Déi libyschen Autoritéite ginn dobäi ënnerstëtzt, Booter aus der maltesescher Sich- a Rettungszon (SAR) ofzefänken, fir se zeréck a Libyen ze schleefen.

Op der Grondlag vu Beweiser, déi vu Sea-Watch, Watch The Med – Alarmtelefon an aneren Organisatioune gesammelt goufen, fuerderen si déi Vereenten Natiounen op, opzeklären:

ob Libyen vun de malteseschen Autoritéiten als “séchert” Land ugesi gëtt; ob déi maltesesch Regierung Schrëtt ënnerholl huet, fir eng vollstänneg, wierksam an onofhängeg Ënnersichung vun dëse Virwërf, datt illegal „Pushbacks“ duerchgefouert ginn, an de Wee ze leeden. (Dës Praxis ass leider net nei)

Zudeem muss gekläert ginn, wéi Malta d’Rechter vun allen Persoune schützt, déi mat hire Booter déi’maltesesch Sich- a Rettungszon erreechen.

Mëttlerweil ginn et an Däitschland iwwer 200 Stied, déi sech zum Sécheren Hafen erkläert hunn a bereet si Mënschen an Nout opzehuelen. Nodeems sech viru méi ewéi 2 Joer den éischte Sécheren Hafe gegrënnt gouf, huet d’Bundeskanzlerin Angela Merkel gëschter déi éischte Kéier mat 20 Uewerbuergermeeschter*innen d’Gespréich gesicht.

Dat zentraalt Mëttelmier fuerdert weiderhi Liewen ouni staatlech SaR-Beméiungen. D’EU Kommissioun investéiert weider 100 Milliounen Euro an Drone fir “d’Grenzkontroll” am Mëttelmier sécherzestellen. Mä et ginn och tragesch Noriichten aus dem Libyen:

Esou hinn zur Stonn op d‘mannst 15 Migrante gi fir dout gehalen, nodeems hiert Boot gëschter virun der Küst vu Sabratha gekentert ass. Fënnef vun dëse Mënsche goufe vu Fëscher gerett an u Land bruecht.

Crimes of Malta

Ee Boot a Séinout gëtt vun der maltesesche Marine scheinbar mat 64 Rettungsweste versuergt an dono eleng gelooss – Malta weist sech eemol méi vu senger onmënschlechster Säit: Aplaz ze retten, verdeelen si nëmme Westen. Esou mussen d’Passagéier nach méi laang op den Doud waarden. Ufanks hues déi maltesesch Marine mol net op Funkgespréicher reagéiert.

De Fliger vu der ONG Sea-Watch #Moonbird gouf de 4. September vun den italieneschen Autoriséierte festgesat. Am September koum dunn den neien Opklärungsfliger #Seabird zum Asaz. Si konnten 8 Missioune fléien, woubäi ongeféier 333 Persounen a Séinout vun hirer Airborne-Crew gesiicht goufen.

Fakten

De Factsheet / Fakte-Blat (eemol de Mount) bitt een detailléierten Abléck an all aktuell Fäll an dokumentéiert déi déidlech Folge vun der europäescher Grenz- an Asylpolitik. ET enthält eng Zesummefaassung vun den Noutfäll, déi am September vun de Besatzungen aus den Opklärungsfligeren observéiert goufen.

Iwwerbléck vun Noutfäll, eidel Booter an doudeg Kierper

Maltesesch Sich-a-Rettungszon (SAR) Zone – 1 Persoun gouf vun der italienescher Küstewaach aus dem Waasser gefëscht an u Land bruecht. Et gëtt geschätzt datt bis zu 28 Persounen hei a Séinout waren.

Libesch Sich-a-Rettungszon (SAR) Zone – 1 Persoun ass méiglecherweis onofhängeg zu Lampedusa, Italien ukomm; 3 Persoune goufe vun der libescher Küstewaach ofgefaangen an zréck a Libyen verschleeft. Geschätzten Zuel vu Persounen a Nout: 305

Dës Missiounen ënnersträichen nach eng Kéier:

Déi déidlech Konsequenze vun der europäescher Migratioun- an Asylpolitik, – déi systematesch Verweigerung vun den europäesche Memberstaaten ze hëllefen, wéi och der libescher Küstewaach d‘Rettungsaktiounen ze iwwerloossen. Och d‘Bedeelegung vun Handelsschëffer u Rettungsaktioune gëtt duerch eng schänterlech Praxis versicht behënnert ze ginn, andeems een dëse Schëffer keen Hafen zouweist.

An dann ass do och nach den ongerechtfäerdegten a systematesche Refus vun den EU-Memberen, hir Verflichtungen ze erfëllen, bezunn op d’Séinoutrettung an hire SAR-Zonen. Dat alles wéist op de Besoin hin, Schëffer am zentrale Mëttelmierraum mat aller Konsequenz anzesetze fir esou Mënscheliewen ze retten. Eng Aarbecht déi d‘EU-Kommissioun den ONGe gläichzäiteg zoumutt, an dës als Kriminell duerstellt.

Realitéit

D‘ONG Sea-Watch, zesumme mat „Border Violence Monitoring Network“ hunn der UN-Mënscherechtskommissioun e Bericht iwwer déi andauernd Verletzung vum Internationale Pakt iwwer biergerlech a politesch Rechter duerch Malta virgeluecht.

Dëse Bericht kënnt zu dem Schluss, datt trotz der Ratifizéierung vum Internationale Pakt iwwer biergerlech a politesch Rechter, déi andauernd illegal Réckféierunge vu Flüchtlingen – déi vu malteseschen Autoritéiten oder „Drëtten“ duerchgefouert ginn – am Widdersproch zu de vëlkerrechtleche Verflichtunge stinn. Doriwwer eraus stellt Sea-Watch fest, datt d’Zesummenaarbecht tëscht der maltesescher Regierung an der sougenannter Küstewuecht eng kloer Verletzung vu bestoenden Ofkommen ass.

Déi libyschen Autoritéite ginn dobäi ënnerstëtzt, Booter aus der maltesescher Sich- a Rettungszon ofzefänken, fir se mat Gewalt zeréck a Libyen ze schleefen. Ee Land an deem nach ëmmer (Bierger)Krich herrscht. Dat widdersprécht alle gültege Reegelen a Gesetzer.

Related topics Asylpolitik, Border Violence Monitoring Network, IOM, Mëttelmier, Migratioun, Sea-Watch, Vereenten Natiounen
Next post Previous post