Search

You may also like

Den T-Rex appelléiert un d’Lëtzebuerger Parlament
Neiegkeeten

Den T-Rex appelléiert un d’Lëtzebuerger Parlament

En 2,5 Meter héijen Tyrannosaurus Rex huet d’Deputéiert um Wee

Déi Stater Sozialisten an d‘Fondatioun Robert Krieps éieren de Menn Dahm
Neiegkeeten

Déi Stater Sozialisten an d‘Fondatioun Robert Krieps éieren de Menn Dahm

Zesumme mat Vertrieder vun de Gaasperecher Veräiner, hunn de Franz

CNL – Ee YouTube-Channel fir Literatur
Neiegkeeten

CNL – Ee YouTube-Channel fir Literatur

De Jo Lendle, Hanser-Editeur, huet et gesot: „Zeit für Bilderbücher,

Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)

Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéiert, datt am Kader vum Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt de Stroossebelag erneiert gëtt. D’Aarbechten dauere vu Samschdes, de 25. Juli 2020 géint 22:00 Auer bis Méindes, den 27. Juli 2020 géint 5:00 Auer.

Esou kënnt et zu folgenden Ännerungen fir de Verkéier:

Vu Samschdes, de 25. Juli géint 22:00 Auer bis Sonndes, de 26. Juli 2020 géint 11:00 Auer:

  • Spärung vun der Rue Chimay tëscht dem Boulevard Franklin D. Roosevelt an der Rue Notre-Dame;
  • Spärung vun der Rue de l’Ancienne Athénée tëscht der Rue Notre-Dame an dem Boulevard Franklin D. Roosevelt.

Vu Samschds, de 25. Juli 2020 géint 22:00 Auer bis Méindes, de 27. Juli 2020 géint 5:00 Auer:

  • Spärung vum Boulevard Franklin D. Roosevelt tëscht der Rue Philippe II an dem Pont Viaduc;
  • Spärung vun der Rue du Marché-aux-Herbes tëscht der Rue de l’Eau an der Rue du St Esprit;
  • Spärung vun der Rue du St Esprit tëscht der Rue du Marché-aux-Herbes an dem Boulevard Franklin D. Roosevelt.

Upassungen beim ëffentlechen Transport

  • Linnen 5, 6, 13, 15, 21 an 28 a Richtung Monterey: Ëmleedung ab dem Viaduc iwwert den Tunnel René Konen (St Esprit) an de Boulevard Royal a Richtung Monterey. Den Arrêt F.D. Roosevelt Quai 1 entfält;
  • Linnen 1/125, 2, 3, 4, 9, 10, 11, 14, 16, 18 an 30 a Richtung Hamilius: Ëmleedung ab dem Viaduc, iwwert den Tunnel René Konen (St Esprit), de Boulevard Royal, d’Avenue Marie-Thérèse, de Boulevard Prince Henri an d’Avenue Monterey bei de Boulevard Royal a Richtung Arrêt Hamilius Quai 1. Den Arrêt F.D. Roosevelt Quai 1 entfält;
  • Linnen 1/125, 2, 4, 9, 10, 11, 14, 16, 18, 21 an 28 a Gare: Ëmleedung ab dem Boulevard Royal iwwert d’Avenue de la Liberté, d’Rue Origer an d’Avenue de la Gare a Richtung Gare. Den Arrêt F.D. Roosevelt Quai 2 entfält;
  • Linnen 3, 5, 6, 15 an 30 a Richtung Place Wallis: Ëmleedung ab dem Boulevard Royal iwwert d’Avenue de la Liberté an d’Rue Origer bei d’Place Wallis. Den Arrêt F.D. Roosevelt Quai 2 entfält.

Boulevard Franklin D. Roosevelt

Den Zirkuslatiounsservice këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Verständnis an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Boulevard Franklin D. Roosevelt, Bus, Chantier, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Reamenagement, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Trafic
Next post Previous post