Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

COP25: UN-Weltklimakonferenz um Holzwee
Neiegkeeten

COP25: UN-Weltklimakonferenz um Holzwee

Vill vun den 196 Länner hu sech géint Kompromësser gestallt,

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal
Neiegkeeten

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal

Duerch de Bevëlkerungswuesstem muss an den nächste Joren och de

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz
Neiegkeeten

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz

De Buergermeeschter vun Déifferdeng huet sech eng zolidd Gaffe geleescht,

Reamenagement vum Pont Buchler – D’Aarbechte vum 19. Juli 2020 bis Fréijoer 2021

Reamenagement vum Pont Buchler – D’Aarbechte vum 19. Juli 2020 bis Fréijoer 2021

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt ee beim Reamenagement vum Pont Buchler elo offiziell an déi zweet Phas iwwergeet.

Esou ginn et ab e Sonndeg, den 19. Juli 2020 Ännerungen um Niveau vum Verkéier, déi bis zum Fréijoer 2021 unhalen:

  • D’Bretelle vun der Sortie „Westen“, vun der Rocade zu Bouneweg a Richtung Route de Thionville, ass net méi accessibel;
  • Den Trafic gëtt iwwert d’Penetrante-Süd an iwwert de Rondpoint Gluck, uschléissend iwwert d’Bretelle vun der Sortie „Osten“ a Richtung Penetrante-Süd bis bei d’Route de Thionville ëmgeleet.

Fir de Verkéier um Rullen ze halen, ass op der Penetrante-Süd eng Busspur ageriicht ginn. Och beim ëffentlechen Transport ginn et eng Rei Ännerungen:

  • Linn 29: A Richtung Sennengerbierg via Bouneweg/Cloche d’Or gëtt de Bus nom Arrêt Rocade Quai 2 iwwert d’Rue de Bonnevoie an d’Rue du Cimetère bei den Arrêt Neufchâteau (Bouneweger Lycée Quai 2) ëmgeleet. An déi entgéint gesate Richtung fiert d’Linn hiren normale Wee.

Pont Buchler

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Aarbechten, Chantier, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Pénétrante Sud, Phas 2, Pont Buchler, Reamenagement, Stad Lëtzebuerg, Stroossebauverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel