Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier
Neiegkeeten

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier

Gëschter Moien um 10:30 Auer ass beim CGDIS ee Feier

Mat 25 Joer, ass den Eric Thill de jéngste Bezierkspresident an der DP
Neiegkeeten

Mat 25 Joer, ass den Eric Thill de jéngste Bezierkspresident an der DP

D‘DP-Norden huet mam Eric Thill e neie President. Um Regionalkongress

Wann s du hei 9 Froe richteg beäntwers, kéints de grad sou gutt Touristeguide an der Stad ginn!
Neiegkeeten

Wann s du hei 9 Froe richteg beäntwers, kéints de grad sou gutt Touristeguide an der Stad ginn!

Eis Stad entwéckelt sech ëmmer méi zum Touristemagnéit! Dat läit

De Rechnungshaff huet sech d‘Pirate gekroopt

Um Krautmaart hunn déi Deputéiert sech eestëmmeg – also mat de Piraten - fir d‘Saisie vum Parquet am Kontext vun der Parteiefinanzéierung ausgeschwat

De Rechnungshaff huet sech d‘Pirate gekroopt

Am Bericht vum Rechnungshaff mat Bezuch op d‘Parteiefinanzéierung, géif et ee spezielle Kapitel, dee sech nëmme mat der Piratepartei beschäftegt. Et geet ëm „gratis Reklamm“ an eng Spend vun engem Member, déi sech net un déi üblech Prozedure vun der Comptabilitéit soll gehalen hunn.

Mat eppes méi geneeëm Hikucke stellt sech eraus, datt hannert der Reklamm déi an engem Magazin am Ost-Bezierk erschéngen ass, d‘Piraten ni eng Rechnung kritt hunn, firwat dës Pub als eng Spend an Natura vun enger moralescher Persoun betruecht gëtt, wat duerch d‘Parteifinanzéierungsgesetz awer strikt verbueden ass. An esou huet sech dann elo och de Parquet dësem Dossier ugeholl.

Bei de Pirate geet een dëse Mëssel awer mat Zouversiicht un. Si haten den Auditeure schrëftlech erkläert wat et domatter op sech huet. Esou hätt ee wuel vun dëser Reklamm „profitéiert“ mee et gouf keng Méiglechkeet d‘Publikatioun dovunner ze verhënneren, vu datt esou eng Publikatioun weder vun den zoustännegen Instanzen autoriséiert oder iwwerhaapt diskutéiert gi wier.

Si war op emol do, an op dëse „Kaddo“ vum Verlagshaus hätt d‘Partei eegenen Aussoen no gäre verzicht. Zudeem hätten si esou enger Publikatioun net zougestëmmt, well et Contraire zu de gültege Gesetzer wier. Mat anere Wierder: béid Deputéiert vun der politescher Sensibilitéit hunn e fräit Gewëssen. Si haten näischt gefrot, konnten et net verhënneren a veruerteele selwer de Fait.

Kontraproduktive Kandidat suergt fir Kappzerbrieches

Wann ee sollt dierfen unhuelen, datt deen uewe genannte „Fauxpas“ mat enger zolitter Verwarnung an enger erdréiglecher Geldstrof sollt ze kläre sinn, esou gëtt et do nach eng „Spend“ vun engem Parteimember a Kandidat, déi net esou liicht wäert vum Dësch ze wësche sinn. Tatsächlech, esou de Rapport huet den Daniel Frères en „Don en Nature“ gemaach, wat alt nees e Verstouss duerstellt.

A wat ass da geschitt? Ma de Kandidat Daniel Frères huet schlicht an ergräifend déi Rechnungen, déi sech op „seng“ Campagne als Kandidat fir d‘Chamberwahle bezunn hunn (ëmmerhin an enger Héicht vun 30.772 Euro) aus der eegener Täsch bezuelt. An dat ass esou och an der Comptabilitéit vun de Pirate verbucht ginn, wou dëse Montant dann als Don säitens dem Kandidat notéiert gouf.

Mee genee do hu si sech d‘Féiss am Teppech verfaangen: richteg hätt et misse sinn, datt d‘Partei dem Daniel Frères seng Rechnunge rembourséiert an dann eréischt hätt de Kandidat dës Suen dierfen als Don un d‘Piratepartei iwwerweisen. Kléngt komplizéiert? Ass et schlussendlech och, well de Rechnungshaff consideréiert, datt et hei och nees eng Spend an Natura ass.

Déi wier dann och nach net bei der Berechnung vum Grenzwäert vu 75% berécksiichtegt ginn, esou wéi dat eigentlech vum Gesetz virgesinn ass. Doranner ass festgehalen, datt d‘Dotatioun net dierf iwwert déi 75% vun de globale Recette vun der zentraler Parteistruktur, erausgoen. Wann awer dëse Montant net comptabiliséiert ka ginn, ergëtt sech e Prozentsaz vu 86,6, an dat geet jo guer net.

Wierklech vill Interpretatiounsspillraum gëtt et net

Woubäi, wann d‘Uewergrenz vu 75% net respektéiert ginn ass, gëtt een net direkt erschoss, mee et wäert mussen d‘Differenz zréckbezuelen. Dat awer ass eng Entscheedung déi nëmmen de Premier Xavier Bettel treffe kann. Zudeem hunn d‘Piraten eng differenzéiert Opfaassung vum Gesetz a sinn hirersäits der Meenung, datt dësen Don duerchaus de legale Kader géif respektéieren.

Si bezéien sech do op de Passus am Gesetz an deem als Spend unerkannt gëtt „all fräiwëllegen Akt deen drop ofziilt enger Partei e spezifeschen ekonomeschen Avantage zouzegestoen“. Zudeem géif d‘Gesetz net virgesinn, dat Spenden an Natura net kënnen an d‘Berechnung vum Grenzwäert vun de 75% abezu ginn. Woubäi sech mat dëser komplexer Matière d‘Juriste wäerte beschäftegen.

„Jamais deux sans trois“ seet den Heckefransous… an dat trëfft och op d‘Piraten zou. Esou bemängelt de Rechnungshaff, datt Dokumenter feelen, wat vun der Partei hirer Fiduciaire ukräiden. Ob den „Äntwerten“ vun de Pirate vum Rechnungshaff esou ugeholl ginn, wat de Parquet zur Reklamm seet a wéi de Premierminister entscheet, dat muss een elo ofwaarden…

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamber, Parquet, Parteiefinanzéierung, Piratepartei, Rechnungshaff, Spenden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel