Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!

Et ass zwar ee kuriéise Feierdag vun eise franséischen Noperen,

E Krimi schreiwen? Kee Problem!
Meenung Neiegkeeten

E Krimi schreiwen? Kee Problem!

Hutt Dir keng Loscht op e Buch oder e Film?

Police-Übung op der Europaplaz
Meenung Neiegkeeten

Police-Übung op der Europaplaz

D’Police deelt iwwert déi sozial Medien mat, datt et an

Editorial: Mat wéi engem Recht?

Editorial: Mat wéi engem Recht?

Iergendeppes am Land fänkt gehéierlech u schif ze lafen, an ausnamsweis ass net explizitt vun der Covid19-Kris riets, och wann dës der allgemenger Situatioun am Land natierlech net zoudréiglech ass. Virun enger gudder Woch hu mir eis zesumme mat de Gewerkschaften an de Parteien aus der Oppositioun iwwert d‘Privatiséierungsbestriewunge vum Educatiounsminister geiergert, iwwert de Rekrutement aus dem Privatsecteur fir Verwaltunge „gewonnert“. Elo geet dann ëm d‘Police…

Eigentlech ass Lëtzebuerg e Rechtsstaat, an engem Rechtsstaat huet de Staat de „Gewaltmonopol“. Den Asaz vu private Sécherheetsfirmaen am ëffentleche Raum, op fir Gemengen oder direkt de Staat selwer, sinn elo awer och net wierklech nei. Déi sougenannt „Schwaarz Sheriffer“ sollen elo allerdéngs eppes méi wäitreechend Befugnisser kréien, dat besonnesch an eiser liberaler Haaptstad.

déi lénk „stad“ an d‘Piratepartei sinn entspriechend veriergert. Datt déi lénk aus dem Stater Gemengerot, dann och nach net vum Schäfferot, mee iwwert d‘Medie gewuer goufen, datt eng Privat Sécherheetsfirma d‘Police bei hirer Aarbecht am Garer Quartier, wéi och der Uewerstad sollen eng Hand upaken. Si wéissten nawell gären op wéi enger legaler Grondlag dat méiglech ka sinn. Stellt sech d‘Fro, op den Asaz vu private Sécherheetsfirmae vun der Verfassung gedeckt ass?

Am presente Fall geet et dann och drëms, datt d‘Policepatrulle vun Hondsführer, déi hinne vun Entreprisen aus dem Secteur vum Gardiennage zur Verfügung gestallt ginn, solle begleet ginn. Heibäi handelt et sech am allgemengen ëm „Lusch Gesellen“, déi weder eng am Land unerkannte Formatioun noweise kënnen, zudeem d‘Sproch an och d‘Gesetzer éischter net beherrschen…

Interessant och de Fait, datt d‘Demande hei soll vun der Buergermeeschtesch an dem Kolléisch vum Schäfferot ausgaange sinn. Dat konnt/wollt esou kee bestätegen, mee et ass erwisen, datt de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox (déi gréng) dëse Virgank ënnerstëtzt. Dat jo och bezunn op de Kontext, datt hien d‘Fuerderunge vun de Gewerkschaften, déi eng Ausbildung fir de Secteur vum Gardiennage fuerdert, zeréckgewisen huet. Dat wier awer schonn eng Viraussetzung.

Gutt, et ass jo wuel och ersiichtlech, datt weder déi lénk am Gemengerot, nach d‘Piraten an der Chamber genuch politescht Gewiicht opbrénge kënnen, dës wierklech bedenklech Moossnam ze blockéieren oder ze verhënneren. Bleift ze hoffen, datt ee sech bei der Police zumindest iwwerzeegt, datt een hei net mat kriminellen Elementer ze dinn huet. Woubäi… et hëlt ee jo wat ee kritt…

Illustratioun: Et ass wuel richteg datt d‘Justizia blann ass, firwat ëm esou méi wichteg ass, datt d‘Politik an d‘Zivilgesellschaft d‘Ae grouss oppen hält. Et géif och nach interesséieren, wien wéini d‘Verantwortung ze iwwerhuelen huet, wann esou ee „schwaarze Sheriff“ sech eng Bavure leescht. Hei wäerte jo als éischt nees d‘Poliziste mussen de Kapp hinhalen, an un deene feelt et den Ament massiv, well den Job net attraktiv ass. Dat eleiten ass keng Léisung. © Tingey Law Firm / unsplash

Related topics Garer Quartier, Hondsführer, Police, Sécherheetsfirmaen, Stad Lëtzebuerg, Uewerstad, Verfassung
Next post Previous post