Search

You may also like

D’CGFP kënnegt zwou Schlichtungsprozeduren un
International Neiegkeeten

D’CGFP kënnegt zwou Schlichtungsprozeduren un

Aus onerkläerleche Grënn léisst eng Eenegung iwwert déi sektoriell Ofkommessen

TikTok: Déi beschte Verdeedegung ass den Ugrëff
International Neiegkeeten

TikTok: Déi beschte Verdeedegung ass den Ugrëff

Nodeems den US-President Donald Trump Ufank August, déi chinesesch Video-App

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?
International Neiegkeeten

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) leschte

Wann „Si“ sech d‘Welt maache wéi se hinne gefält

Zu Bréissel ass een net vun der Rechtsstaatlechkeet vu gewësse Memberen iwwerzeegt

Wann „Si“ sech d‘Welt maache wéi se hinne gefält

Et klengt erstaunlech an eigentlech ass et och genee dat. No gefillten zwee Joerzéngten huet d‘EU-Kommissioun tatsächlech erausfonnt, datt et bei gewësse Memberlänner Defiziter beim Ëmgang mat der Rechtsstaatlechkeet gëtt. Konkret geet et am Bericht vun den Technokraten ëm: Bulgarien, Kroatien, Polen, Rumänien, Slowakei an Ungarn. Opfälleg: et sinn alles Balkanstaaten…

An hirem alleréischte Bericht zur Rechtsstaatlechkeet iwwerhaapt, verweist d‘Institutioun virun allem op Aschränkunge vun der Justiz an der Press. Dorausser géifen sech zolidd Risiken erginn, besonnesch bezunn op demokratesch Standarden. Mee natierlech gouf méi analyséiert wéi nëmme Justiz a Medien, et gouf sech wierklech e gréisseren Iwwerbléck verschaaft, an et gouf och Zäit.

Interessant am Bericht, déi Bréisseler Technokrate gesinn d‘Covid19-Pandemie an déi dorausser resultéierend Kris(en) als eng Aart „Stresstest“ fir d‘Anhale vun der Rechtsstaatlechkeet. Si sinn, bezunn op gewësse Moossnamen déi eenzel Staaten ergraff hunn, der Meenung datt et der gëtt, déi hei entschidden ze wäit gaange sinn. Dobäi brauchen dës „Länner“ keng Kris fir ze handelen.

Datt a bestëmmte Memberlänner de Medien an der Zivilgesellschaft de Reedel virgeluecht ginn ass an d‘Onofhängegkeet vun der Justiz ënnergruewe gouf, dat war laang virun der Coronaviruskris de Fall. Et brauch ee sech just déi zanter 2015 ugestriefte Justizreform a Polen als Beispill virzehuelen an och wann et ëm „Korruptioun“ geet, ass ee virun allem europäeschen Osten net gutt opgestallt.

Wéi awer soll een elo dëse Rabbelkäpp verständlech maachen, datt si engersäits Deel vun enger grousser Famill sinn, an sech folgerichteg eppes ze behuelen hunn och wann een de Koseng net leide kann, an anersäits ni wierklech eeschthaft géint eben dëse Beholl virgaange sinn? An da soll de Länner jo och nach eng wäitreechend Autonomie a Souveränitéit garantéiert ginn.

Traureg genuch, mee wann et ëm de Goss geet…

Ee vun den Hiewel deen ëmmer „laang genuch“ ass, dat ass de finanziellen Hiewel. Esou soll dann elo d‘Rechtsstaatlechkeet eng droend Roll bei der Vergab vun der EU-Finanzhëllef spillen. Säitens eisen däitschen Noperen – si hu jo den Ament d‘EU-Presidence – soll d‘Ausbezuele vun Hëllefen un d‘Rechtsstaatlechkeet gebonne ginn. Dat féiert natierlech nees zur Veriergerung bei den „Affer“.

Interessant dann och an dësem prezise Kontext: eng Majoritéit vun EU-Länner huet onbeuecht den Dreeungen aus Polen an Ungarn e Verfaren zur Bestrofung vu Verstéiss géint d‘Rechtsstaatlechkeet bannent der europäescher Unioun op de Wee bruecht. Och de Virschlag vun den Däitschen huet déi noutwenneg Ënnerstëtzung kritt, an et kann elo mam EU-Parlament zu Verhandlunge kommen.

Polen an Ungarn weisen drop hin, datt mat hirem Vott wichteg Decisiounen zu laangfristegen EU-Budget blockéiere kéinten, sollt et tatsächlech zu engem Mechanissem bei der Rechtsstaatlechkeet kommen. Op déi zwee d‘Jicken hunn, mat hirem „Veto“ de Konjunkturprogramm am Kontext vun der ekonomescher Reprise ofzeschéissen? Anscheinend schonn, bis ewell goung et sech ëmmer op.

Op där anerer Säit schéngt een es bannent der EU-Kommissioun – an d‘Ënnerstëtzung vun enger grousse Länner-Majoritéit ënnersträicht dat jo och – déck midd ze sinn, datt gewësse Regierunge mengen sech alles erlaben ze dierfen, an dann als wirtschaftlechen Notznéisser aus deem Ganzen ervirginn. Dat ass bis ewell och méiglech, well et fir esou Decisiounen d‘Unanimitéit brauch.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Markus Winkler / unsplash

Annex: Bericht zur Rechtsstaatlechkeet (däitsch Fassung)

Related topics demokratesch Standarden, EU-Kommissioun, Onofhängegkeet vun der Justiz, Pressefräiheet, Rechtsstaatlechkeet, Stresstest
Next post Previous post