Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tattoos fir de gudden Zweck zu Tréier
International Neiegkeeten

Tattoos fir de gudden Zweck zu Tréier

„Bzzz“: E Geräisch, wat een dëse Weekend zu Tréier am Messepark

Hong Kong Regierung wëll Sécherheetsgesetz riguros ëmsetzen
International Neiegkeeten

Hong Kong Regierung wëll Sécherheetsgesetz riguros ëmsetzen

Den 1. Juli ass déi vu Peking beschlosse „National Security

Venezuela: Dem Juan Guaido seng Mäzenen zécken hiert Arsenal
International Neiegkeeten

Venezuela: Dem Juan Guaido seng Mäzenen zécken hiert Arsenal

Et ass net verwonnerlech, datt sech ëmmer méi Länner hannert

Rechtsstaatlechkeet a Polen: Warschau verdeedegt säi Standpunkt

Rechtsstaatlechkeet a Polen: Warschau verdeedegt säi Standpunkt

En Dënschdeg huet Polen zu Lëtzebuerg virun den europäesche Partner, seng héich kontrovers Reformen erkläert a verdeedegt. Dës Reformen, esou d‘Géigner, géifen d‘Onofhängegkeet vun der Justiz a Fro stellen. Fir enger eemoleger Sanktiounsprozedur ze entkommen, elo d‘Erklärung.

De polnesche Staatssekretär am Ausseministère, Konrad Szymanski, hat sech dann awer no zwou Stonnen „Auditioun“ viru sengen europäeschen Homologen, ganz zefridde gewisen. „Ech mengen datt mir de Virwëtz, wat d‘Reform vun der Justiz betrëfft, vun den EU-Länner konnte befriddegen“, esou de Szymanski géintiwwer polnesche Medien.

„Fir d‘éischte Kéier hate mir e konkreten Debat mat de Memberlänner, déi sech op de Kär vum Sujet bezunn hunn, a sech net der genereller a ganz politescher Diskussioun vun der Kommissioun ugeschloss“, ënnersträicht de Staatssekretär, an äntwert esou op eng „Attack“ vum Vizepresident vun der Bréisseler Exekutive, Frans Timmermans.

Dat kann een och anescht gesinn

„Polen huet eis haut d‘Situatioun esou wei se ass presentéiert. Mee eppes Neies hu mir dann awer net héieren“, esou d‘Siicht vum EU-Kommissär, bei der Pressekonferenz, déi vun der bulgarescher Presidence organiséiert gouf. Et war dann och keng Entscheedung bei der Auditioun virgesinn.

D‘Auditioun „huet eis erlaabt zwou Positiounen ze héieren, dat ganz däitlech an ech sinn iwwerzeegt, datt eis dës Reunioun erméigleche kann, den Dialog ze erliichteren, wat mir eis jo och all wënschen“, esou de Standpunkt vun der bulgarescher Ausseministesch, Ekaterina Zaharieva. Si huet dann och bestätegt, datt sech d‘Minister nach emol gesinn, fir d‘Erklärung ze bewäerten.

Et waren dann och net all d‘Delegatioune vum polnesche Staatssekretär iwwerzeegt. Dat huet deen och agesinn, mee zugläich bedauert, datt „eng Partie Länner et virzéien, hir aggressiv Haltung géint Polen oprecht ze erhalen“. Den däitsche Michel Roth dozou: „Kee wëll Polen blouss stellen, mee mir wëlle wëssen op Polen gewëllt ass d‘Onofhängegkeet vun der Justiz ze erhalen oder net“.

Däitschland a Frankräich sinn sech eens

De Michel Roth, dee Lëtzebuerg nach virun der Auditioun huet misse verloossen, warnt dann awer nach: „Ouni konkret Engagementer, kann d‘Prozedur net ofgebrach ginn“. Et war seng franséisch Kollegin, Nathalie Loiseau, déi dann déi gemeinsam Positioun duergestallt huet.

„Den Dialog dee säit Dezember tëscht der Kommissioun a Polen besteet, huet keng substantiell Fortschrëtter opzeweisen. D‘Suergen am Zesummenhang mat der Justizreform si bliwwen. Wann ee bedenkt, datt bis zum 3. Juli gekläert muss sinn, wéi et mam Pensiounsregimme fir d‘Riichter vum ieweschte Geriichtshaff ausgesäit, dann ass et héich Zäit zu enger Entscheedung ze kommen“.

Et ass dann och tatsächlech esou, datt den 3. Juli e Gesetz zum ieweschte Geriichtshaff (scho gestëmmt a vum polnesche President Andrzej Duda ënnerschriwwen) a Kraaft trëtt. Domatter kann d‘Mandat vun Dosende Riichter, déi méi wéi 65 Joer al sinn, virzäiteg beendegt ginn. Heiranner gesäit d‘EU e Verstouss géint d‘Onofhängegkeet vun der Justiz.

Drastesch Moossname fir eng onglécklech Reform

A well Bréissel e Verstouss erkannt huet, ass Enn Dezember, déi éischt Phas vun der Prozedur no Artikel 7 vum EU-Traité agelaut ginn. Géif Bréissel hei „gain de cause“ erhalen, kéint Polen vun Ofstëmmungen ausgeschloss ginn. Dat wier an der Geschicht vun der EU, eemoleg.

Et war dann och net vu vireran kloer op et zu enger Auditioun komme kéint. Ëmmerhin hunn dann awer nach 15 vun 28 Länner fir eng „Kloerstellung“ säitens Polen gestëmmt. Och dat ee gutt Beispill vir déi grouss Ënnerscheeder déi et an der EU gëtt. Wirtschaftlech Sujete sinn am direkte Verglach verhältnesméisseg liicht ze klären, politesch wëll et einfach net funktionéieren.

Dat ass et wourop Polen seng Wetten ofschléisst. Den Dissens tëscht de Memberstaaten ass dann och tatsächlech gutt fir Warschau, wou een et géif begréissen, wann se zu Bréissel vun der Prozedur géifen Ofstand huelen. „Ech sinn net iwwerzeegt, datt vill Länner et zum Vote wëlle komme loossen“, esou de Szymanski. Woubäi, fir d‘Sanktioun ze erhalen, de Vott eestëmmeg muss sinn.

mat AFP

Foto: De Konrad Szymanski, Staatssekretär am polneschen Ausseministère, huet zu Lëtzebuerg déi polnesch Justizreform verdeedegt. Déi steet an der Kritik, well domatter faktesch d‘Onofhängegkeet vun der Justiz ofgeschaaft gëtt. Elo dréit Bréissel mat Sanktiounen. Déi muss Warschau net fäerten, well esou eng Entscheedung misst „eestëmmeg“ geholl ginn, wat unhand vum Dissens tëscht de Memberlänner ganz kloer onméiglech ass. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten Artikel 7 EU-Traité, Ekaterina Zaharieva, EU, Frans Timmermans, Justizreform, Konrad Szymanski, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel