Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi lescht Sëtzung vum Regierungsrot iert et an d‘Vakanz geet
Neiegkeeten

Déi lescht Sëtzung vum Regierungsrot iert et an d‘Vakanz geet

„Entspaant an Zefridden“, esou d‘Ambiance bei der leschter Sëtzung vum

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“
Neiegkeeten

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“

Bei der Entrevue tëscht dem Emmanuel Macron an dem Recep

Stock-Car: Tornado-Hamm gëtt der Favoritteroll gerecht
Neiegkeeten

Stock-Car: Tornado-Hamm gëtt der Favoritteroll gerecht

Et war wuel kee „summerlecht“ Wieder de leschte Sonndeg, mee

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen

De Rapport RELIS 2018 bestätegt d'Tendenz zum Réckgang beim Konsum, den Infektiounen an den Doudesfäll

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen

 

Den nationale Rapport zu den Drogen an der Ofhängegkeet am Grand-Duché (RELIS 2018) verdäitlecht den illegale Gebrauch an Trafic vun Drogen, souwéi der Ofhängegkeet op nationalem Niveau.

Zu Lëtzebuerg kann een eng Tendenz zum Réckgang vum Konsum vun héich geféierlechen an illegalen Droge feststellen. Kuckt een déi neisten Donnéen kann een dovunner ausgoen, datt am Grand-Duché d’Persounenunzuel, déi vun dësen illegale Substanze Gebrauch mëscht ëm 2.200 läit. Dëst sinn 5,8 Notzer pro 1.000 Awunner tëschent 15 a 64 Joer. Am Joer 2000 louch dës Unzuel bei 9 Notzer pro 1.000 Awunner, woumat mir ee vun den héchsten Tauxen an der Europäescher Unioun haten.

D’Tendenz vum Réckgang kann een awer och bei den Drogen, déi gesprëtzt ginn, beobachten. Hei ass d’Unzuel vu 5,7/1.000 Leit am Joer 2009 op 3,8/1.000 Leit am Joer 2015 erof gaangen. Dobäi kann ee feststellen, datt Substanzen, déi inhaléiert ginn, mëttlerweil méi konsuméiert ginn, wéi déi Drogen, déi gesprëtzt ginn.

„Duerch eng aktiv Aarbecht zur Reduktioun vun de Risike konsuméiere 54% vun den Notzer aus de Fixerstuffe mëttlerweil duerch Inhalatioun, wat eng Consomatioun mat geréngertem Risiko bedeit, mat enger Reduktioun vun Iwwerdosis an Infektiounskrankheeten“, ënnersträicht den Dr. Alain Origer, nationale Koordinator bei den Drogen.

Eng aner Feststellung ass, datt den Alter vun de Konsumenten an de leschten 12 Joer ëm 10 Joer an d’Luucht gaangen ass, wouduerch mir aktuell bei engem Alter vun 39 Joer leien. No der leschter Etüd (EHIS 2016) kann een och dovun ausgoen, datt de Konsum vun illegalen Drogen an der genereller Populatioun vu Lëtzebuerg ënnert dem duerchschnëttlechen Niveau vun der Europäescher Unioun läit. Generell gekuckt läit de Grand-Duché och ënnert den Nopeschlänner.

Bei den 13 bis 18 järegen ass Cannabis déi am heefegste konsuméiert Drog ënnert de Jonken. Säit Ufank vum 21. Joerhonnert konnt een och hei ee Réckgang am Konsumverhale feststellen. Momentan schätzt een, datt 17,1% (22,6% am Joer 2006) vun de 15 järegen op mannst ee Mol an hirem Liewe Cannabis konsuméiert hunn (HBSC 2914). Tëscht 2010 an 2014 ass den Taux stabil bliwwen. De Gebrauch vu Cannabis an de leschten 30 Deeg ass liicht erop gaangen.

cannabis

Behandlung an Offeren zur Reduktioun

D’Unzuel vu Konsumenten, déi a Behandlung sinn, huet eng steigend Tendenz. Ähnlech gesäit et och aus bei de Leit, déi aner Hëllefsstrukturen an Usproch huelen. Donieft ass d’Unzuel vun de sterillen Nolen, déi am Kader vum nationale Programm verdeelt ginn, an d’Luucht gaangen. Am Joer 2013 konnt een 190.257 Nolen zielen, 2017 waren et der 437.946. De globalen Taux vu benotzten Nolen, déi zeréck gi ginn, läit momentan bei 92%.

Morbiditéit an Doudesfäll am Bezuch op den Drogekonsum

Tëscht 2014 an 2016 konnt een op nationalem Niveau eng Erhéijung vun neien HIV Infektiounen duerch Drogeninjektiounen observéieren. Dëst läit ënnert anerem och dorunner, datt an de leschte Joren d’Sprëtze vu Kokain méi beléift ginn ass. Eréischt d’Donnéeë vun 2017 hunn an dësem Beräich nees ee Réckgang ugewisen.

D’Donnéeë vun 2018 confirméieren de Réckgang

De Minister Étienne Schneider ënnersträicht, datt dës Resultater ermuddegent sinn, woubäi ee sech och ëm Mesurë këmmere muss, déi d’Konsumenten, déi vun der Gesellschaft ausgeschloss sinn mat anzebezéien. Schonn eleng duerch d’Verbreedung vu Krankheeten, wéi Hepatite C ënnert den Drogenofhängegen, ass dëst eng wichteg Prioritéit.

Säitdem d’Mesuren um nationalen Niveau gesteigert gi sinn kann een och ee Réckgang vun den Doudesfäll duerch Iwwerdosis feststellen. Waren et am Joer 2000 nach 26 Opfer, déi un enger Iwwerdosis gestuerwe sinn, esou waren et 2017 nach 8 Persounen. D’Zuele vun 2018 sinn nach net komplett, an awer geet een vun nach enger Baisse zum Joer virdrun aus.

drogen

De weltwäiten an europäeschen Niveau

Kuckt een d’Bevëlkerung tëscht 15 a 64 Joer, sou hu weltwäit op mannst 275 Millioune Leit schonn ee Mol an hirem Liewen illegal Droge konsuméiert. Dat mëscht 5,6% vun der Weltbevëlkerung an dëser Altersklass aus. Een héije Risiko besteet bei ronn 31 Millioune Persounen, wouvun 10,6 Millioune Leit sech d’Substanze sprëtzen.

Un der Spëtzt vum Konsum steet awer nach ëmmer de Cannabis mat 192 Milliounen Notzer. Opputschmëttel vum Typ Amphetamin (STA) gi vu 34 Millioune Persoune konsuméiert. Bei Opiater geet een vun ongeféiert 19 Millioune Konsumenten aus.

Den europäeschen Observatoire fir Drogen an Ofhängegkeet (OEDT) gëtt un, datt an der EU 92 Millioune Persounen tëscht 15 a 64 Joer schonn op mannst ee Mol an hirem Liewen illegal Drogen zou sech geholl hunn. Hei ass de Konsum vu Kokain liicht an d’Luucht gaangen, woubäi verschidde Länner méi staark betraff sinn, wéi anerer.

Ongeféier 1% vun der europäescher Bevëlkerung konsuméieren all Dag Cannabis. 14,1% vun de jonken Europäer tëscht 15 a 34 Joer hunn am leschte Joer dës Drog zou sech geholl. Et konnt een awer och feststellen, datt d’Unzuel un neie psychoaktive Produiten a leschter Zäit ugestigen ass. Duerch den technologesche Fortschrëtt an den Internet gëtt d’Entwécklung vun engem oppene Marché gefërdert, zemools wat synthetesch Droge betrëfft.

De Rapport RELIS 2018 kann um Site vun der Santé erofgeluede ginn.

Ähnlech Sujeten Cannabis, Drogen, Iwwerdosis, Kokain, Konsum, Ofhängegkeet, RELIS 2018
Nächsten Artikel Virrechten Artikel