Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!
https://moien.lu/how-are-isotopes-used-in-radioactive-dating/

What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!

„Ceci n’est pas une pipe“ – wien kennt et net?

confidential local dating
https://moien.lu/how-are-isotopes-used-in-radioactive-dating/

Déi éischt Regierungsrotsëtzung – wat koum eraus?

Gëschter war déi éischt Sëtzung vun der neier Regierung ënnert

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert
https://moien.lu/how-are-isotopes-used-in-radioactive-dating/

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert

Fir de Leit e besseren Zougang zu de Medikamenter an

Réckgang vum Drogekonsum zu Lëtzebuerg

Réckgang vum Drogekonsum zu Lëtzebuerg

De nationale Bericht zu der Lag vum der Drogeproblematik an der Toxikomanie zu Lëtzebuerg ass um Donneschdeg virgeluecht ginn. Am „RELIS 2016“ ass dann och rieds vun engem Réckgang vum Konsum. Et bleiwen awer weider Erausfuerderungen deenen sech d‘Land ze stellen huet.

Et ass dann och de Gesondheetsministère deen d‘Baisse beim Konsum vun (illegalen) Droge festgestallt huet. Laut den Zuele vum Ministère, ginn d‘Autoritéiten dovunner aus, datt d‘Zuel vun de Leit déi Droge konsuméieren haut bei 2.200 misst leien. Dat wiere sechs Drogekonsumenten op 1.000 Awunner am Alter tëscht 15 a 64 Joer.

Géintiwwer dem Joer 2000, wou et der nach néng fir 1.000 Awunner waren, eng zolidd Baisse. Erfreelech dann och, datt dëse Réckgang och am Beräich vum intravenöse Konsum festgestallt konnt ginn. Huet den Taux 2009 nach bei 5,7/1000 geleeën, esou ass deen 2015 op 3,8/1000 gefall.

Kuckt een sech elo d‘Resultater vun der leschter nationaler Enquête un (EHIS 2016), esou kann ee feststellen, datt de Gebrauch vun illegalen Drogen zu Lëtzebuerg, wäit ënnert der europäescher Moyenne läit. Dat bedeit net datt d‘Situatioun „gutt“ wier, mee et schéngt een um gudde Wee ze sinn.

Hëllef fir betraffe Persounen

Wann et op den éischte Bléck erschreckend ass, esou ass de Constat datt et nach esou vill Leit ginn huet déi sech „hëllefe“ loossen, dann awer éischter positiv. Zuel vun de „Kontakter“ mat zoustännege Strukture geet zanter Joren an d‘Luucht. Rieds ass hei vun 150.000 Kontaktepisoden am Joer 2016.

Datt eng grouss Partie vun de spezialiséierten Offere fir Drogenofhängeger am ganze Land ugebuede ginn, dréit natierlech dozou bäi. Mee och d‘Bereetschaft eppes u sech ze veränneren, spillt eng grouss Roll.

Aus dem Dokument geet dann och nach ervir, datt d‘Verdeelung vu sterille Sprëtzen zougeholl huet. Am Kader vum nationale Programm vum Sprëtzenaustausch huet sech tëscht 2013 a 2016 villes gedoen. Sinn 2013 nach 190.257 Sprëtzen ëmgetosch ginn, esou waren et der 2016 scho 423.060 Sprëtzen. De Récklaf u gebrauchte Sprëtzen huet och zougeholl an läit aktuell bei 94%.

D‘Riske vum Drogekonsum

Datt ee säi Liewen op d‘Spill setzt, dierft all Drogekonsument bewosst sinn. Wéi schnell ee „Krank“ gëtt an op een dorunner stierft hänkt vu ville verschiddene Faktoren of. Dat ass zum engen d‘Qualitéit, de Grad vun der Veronrengegung, d‘Aart vun der Substanz, mee och déi finanziell Situatioun vum Drogenofhängegen.

Net ze vergiessen, datt d‘Aart a Weis wéi déi Droge konsuméiert ginn och en Impakt huet. Esou muss een zu Lëtzebuerg eng Zounam vun AIDS– an Hepatiteinfektiounen notéieren. Datt betrëfft an éischte Linn d‘Konsumenten déi sech d‘Droge sprëtzen.

A wann een um Gesondheetsministère iwwert de Réckgang vum Konsum u sech erfreet ass, esou muss een Opmierksam bleiwen, well de Grad un Infektiounen ass am „Milieu“ extrem héich. E Risiko dee grouss ass an och nach wäert bleiwen, och wann eng ganz Rei Mesuren a Campagnen hei ganz wäertvoll Léisungsusätz bidden.

Ähnlech Sujeten AIDS, Drogekonsum, Gesondheetsministère, Hepatite
Nächsten Artikel Virrechten Artikel