Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge
Neiegkeeten

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge

En Donneschdeg, den 23. Mee 2019 luet déi sechskäppeg Band

Chrëschtdag an enger Stad mat Bensin am Blutt
Neiegkeeten

Chrëschtdag an enger Stad mat Bensin am Blutt

Net nëmme Stied an Dierfer hu wonnerschéi Chrëschtmäert. Och d’Autostad

Attack op d’UNO am Mali: néng Doudeger
Neiegkeeten

Attack op d’UNO am Mali: néng Doudeger

E Méindeg sinn bei zwou geziilten Attacken op d’UNO-Missioun MINUSMA

Réckruff vu Produiten vun STE Fromagere de la Brie

Réckruff vu Produiten vun STE Fromagere de la Brie

De Supermarché Delhaize huet déi lëtzebuergesch Liewensmëttelsécherheet doriwwer informéiert, datt beim Kéis vu STE FROMAGERE DE LA BRIE Listeria- Bakterië fonnt gi sinn.

Bei der Consommatioun kënnen duerch dës Bakterië Féiwer, an deelweis schlëmme Kappwéi verursaacht ginn. Virun allem schwanger Fraen, Persoune mat geschwächtem Immunsystem an eeler Persounen si vun dëse Symptomer am meeschte Betraff. D’Bakterie kënnen den Ausbroch vun enger Listerios, eng uerg Krankheet, bei der d’Inkubatiounszäit bis zu 8 Wochen dauere kann, provozéieren.

De Produit ass natierlech aus der Vente gezu ginn. Trotzdeem ass schonn een Deel vum Kéis verkaaft ginn, wouduerch Dir gebiede gitt, de Kéis vun STE FROMAGERE DE LA BRIE net ze konsuméieren! Déi genau Lëscht vun de concernéierte Produiten fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Keis, Liewensmëttelsécherheet, Réckruff, STE FROMAGERE DE LA BRIE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel