Search

You may also like

London: de Covid19 iwwerhëlt d‘Regierungsgeschäfter
Neiegkeeten

London: de Covid19 iwwerhëlt d‘Regierungsgeschäfter

Et war de Boris „King of the World“ Johnson „himself“

Stuerm iwwer Griicheland
Neiegkeeten

Stuerm iwwer Griicheland

Nom Passage vum Wierbelstuerm „Ianos“ an engem weidere Stuermdéif: ëmgestierzte

En Aarbechtsgrupp, dee Froen opwërft
Neiegkeeten

En Aarbechtsgrupp, dee Froen opwërft

D‘Lëtzebuergescht huet sech a leschter Zäit zu engem beléiftene Sujet

OPGEPASST: Salmonellen an der katalanescher Wurscht vu SOLA

OPGEPASST: Salmonellen an der katalanescher Wurscht vu SOLA

D’Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet deele mat, datt sech an der katalanescher Wurscht vun der Mark SOLA, déi am Auchan verkaaft ginn, Salmonelle befannen an de Produit dofir zeréckgeruff gëtt.

Et handelt sech souwuel ëm d’Wurschte vum Typ natur, mat Kraider, schwaarzem Peffer,roudem Peffer, wäissem Peffer, Knuewelek, Zwiwwel a Rosmarin.

De concernéierte Produit gouf direkt aus der Vente gezunn. Salmonelle kënne 6 bis 72 Stonnen no der Consommatioun zu Iwwelzechkeet, Bauchkrämp, Duerchfall, Féiwer, Kappwéi oder Iwwergi féieren.

Huet een de Produit zou sech geholl a weist een oder méi vun dëse Symtpomer op, gëtt geroden en Dokter opzesichen.

SOLA

Weider Detailer zu de betraffene Produiten:

  • Numm: Fuet Catalan, Fuet Catalan fines herbes, Fuet Catalan poivre noir, Fuet Catalan poivre rouge, Fuet Catalan poivre blanc, Fuet Catalan ail, Fuet Catalan oignons, Fuet Catalan rosmarin
  • Mark: SOLA
  • Unitéit: 150 g
  • EAN: 8420941003106, 8420941219019, 8420941219026, 8420941219033, 8420941219040, 8420941219057, 8420941219064, 8420941219071
  • Stempel: ES 10.12147/B CE, ES 10.01924/B CE
  • Lot: All
  • Halbarkeetsdatum: All
Related topics Auchan, Réckruff, SOLA, Wurscht
Next post Previous post