Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg
Neiegkeeten

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter

„Die Ladenhüterin“ weist eng komplett aner Perspektiv op d’Gesellschaft an ass dobäi witzeg!
Neiegkeeten

„Die Ladenhüterin“ weist eng komplett aner Perspektiv op d’Gesellschaft an ass dobäi witzeg!

Et ginn Tonne Bicher op der Welt. Esou verwonnert et

dislike
E Facebook-Flashmob fir de Fernand Kartheiser
Neiegkeeten

E Facebook-Flashmob fir de Fernand Kartheiser

Politiker deelen all Dag Artikelen op de sozialen Netzwierker. Mol

Réckruffaktioun fir de „Kong Strong Sugar Free Energy Drink XXL“

Réckruffaktioun fir de „Kong Strong Sugar Free Energy Drink XXL“

Déi fir Liewensmëttelsécherheet zoustänneg Administratioun huet matgedeelt, datt si vu LIDL informéiert goufen, datt de „Kong Strong Sugar Free Energy Drink XXL“ falsch, respektiv net ausféierlech seng Ingredienten opgelëscht huet.

An dësem – virun allem bei jugendleche – beléifte Gedrénks gëtt als Ersatz fir den Zocker, déi chemesch Mëschung „Aspartamm“ (E951 *) agesat. Wëll dësen Inhaltsstoff net an der Lëscht vun den Ingrediente vermierkt ass, mussen de Produit vum Maart geholl ginn.

Dës „Mark“ gëtt zu Lëtzebuerg vun der Geschäfter „LIDL“ verdriwwen. D‘Enseigne huet direkt no Feststellung vun dësem „Feeler“ d‘Wueren aus de Regaler geholl. Bis dat bemierkt gouf, sinn awer e sëlleche Produkter duerch d‘Kees gaangen, waart zu engem sanitäre Risk féiere kann.

D‘Autoritéite weisen drop hin, datt sech d‘Gefor „a Grenzen“ hält, wëll eigentlech an dësem Fall, nëmme Persoune mat enger Onverdréiglechkeet vu „Phenylalanin“ (ee vun de Stoffer déi an de faarwlose Kristaller enthale sinn) betraff sinn. All déi aner dierfen d‘Produkt konsuméieren.

Wien also betraff ass sollt folgend Produkt zréck bréngen oder entsuergen:

  • NUMM: Energydrink – Kong Strong Sugar Free Energy Drink XXL
  • Eenheet: 500 Milliliter
  • Mindesthaltbarkeetsdatum: 28.02.2020
  • Barcode: 4 056489 118411

Matgedeelt vun:

  • Division de la sécurité alimentaire
  • 7A, rue Thomas Edison
  • L-1445 Strassen
  • Tél. : (+352) 247-75620
  • e-Mail : info@securite-alimentaire.public.lu
  • www.securite-alimentaire.lu

* Aspartamm ass e synthetesche Séissstoff deen als Zousatzmëttel an der Liewensmëttelindustrie agesat gëtt. Laut EU soll een eng Dagesdosis vu 40 Milligramm net iwwerschreiden. Dëst „Mëttel“ war 1965 éischter zoufälleg vun engem Chemiker entwéckelt ginn. Jee nodeem wiem een hei freet, ass den Aspartamm emol kriibserreegend, dann awer och nees gesond.

Ähnlech Sujeten Aspartamm, Kong Strong Sugar Free Energy Drink, LIDL, Liewensmëttelsécherheet, Phenylalanin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel