Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADAPTO: Entrevue tëscht OGBL an Transportminister
Meenung Neiegkeeten

ADAPTO: Entrevue tëscht OGBL an Transportminister

De Generalsekretär vum Departement vun den Aarbechter mat spezifesche Besoinen

Iwwert Ëffnungszäite legiferéieren, bedeit iwwert d‘Liewensqualitéit vum Salariat ze legiferéieren
Meenung Neiegkeeten

Iwwert Ëffnungszäite legiferéieren, bedeit iwwert d‘Liewensqualitéit vum Salariat ze legiferéieren

Eng Delegatioun vum OGBL, ugefouert vun hirem President André Roeltgen,

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?
Meenung Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?

Halloween réckelt mi no, a vill Leit notzen d’Zäit, fir mat

Recovery Fund: En historescht Ofkommes, awer och en historesche Feeler

Wann d'Rechtsstaatlechkeet um Altor vum Kompromëss geaffert gëtt

Recovery Fund: En historescht Ofkommes, awer och en historesche Feeler

Ufank der Woch huet den Europäesche Rot eng Eenegung zum „Recovery Fund“ an zum Méijäregen Finanzkader (MFR)erziilt. An dësem Kader huet gëschter eng ausseruerdentlech Plenarsëtzung stattfonnt, bei där d’Europaparlament dem Rot an der EU-Kommissioun säi Fuerderungskatalog virgeluecht huet. Et sief drun erënnert, datt d’Europaparlament seng Zoustëmmung muss ginn, fir datt den MFR ab 2021 a Kraaft triede kann.

De Christophe Hansen begréisst déi historesch Eenegung, déi weist, datt: „den europäesche Verhandlungs- a Kompromessmodell nach ëmmer lieweg ass a Friichten droe kann.“ E warnt awer virdrun, datt eng Eenegung iwwert de Wiederopbau vun der Europäescher Wirtschaft déi laangfristeg Prioritéiten a Wäerter vun der EU net gefäerde soll.

„Datt et tëscht de Staats- a Regierungscheffe vun de 27 iwwerhaapt zu enger Eenegung komm ass, ass fir mech eng kloer Victoire fir Europa – a weist, datt den Europäesche Modell nach ëmmer lieweg ass a Resultater liwwert! Mechanismen, wéi d’Ophuele vu Scholden um EU-Niveau, wat virun e puer Méint nach net denkbar gewiescht wier, ginn elo zur Realitéit“, sou de Christophe Hansen.

Den Hansen gesäit des Weideren Versäumnisser beim sougenannte Rechtsstaatlechkeetmechanismus: „ De betreffende Wuertlaut ass schwammeg an erlaabt et alle Säiten doran ze liesen, wat hinne gefält. Deementspriechend gëtt Polen oder Ungarn erméiglech, nach ëmmer d’Grondwäerter vun der EU ongestrooft mat Féiss ze trëppelen an dat ass fir mech inakzeptabel!

Ni virdru war d’Rechtsstaatlechkeet an esou ville Memberstaaten an esou engem schlechten Zoustand; nach ni virdrun stoungen esou vill Steiergelder um Spill. De Rechtsstaatlechkeetsmechanismus, wéi e vun der Juncker-Kommissioun 2018 proposéiert ginn ass, sollt endlech vum Rot virubruecht ginn an eng Rotspositioun muss spéitstens Enn Oktober um Dësch leien, falls de Rot wëll, datt d’Europaparlament nach an dësem Joer gréng Luucht fir den MFR gi soll.

De Standpunkt vum Parlament dozou ass säit iwwert engem Joer ausgeschafft a bekannt. De Rechtsstaatlechkeetsmechanismus muss zum Ufank vum neien MFR voll funktiounsfäeg sinn – mir brauchen dofir definitiv a fix Garantien. D’Zäiten, an deenen mir den Autokraten erlaabt hunn, den EU-Haushalt als Goldiesel ze benotzen, fir hiren Autoritarismus ze finanzéieren, muss en Enn hunn.“

Des Weideren monéiert den Europadeputéierten d’Kierzung vun EU-Programmer, déi onerlässlech fir déi onmëttelbar a laangfristeg Zukunft vun der EU sinn. Esou zum Beispill d’Erasmus an Horizon Fërderprogrammer an de Beräicher Bildung Fuerschung an Innovatioun.

„Dës Ofkommes ass ouni Zweiwel historesch, mee mir musse sécherstellen, datt mir elo keen historesche Feeler maachen. Déi Europäesch Unioun braucht e staarken an zukunftsorientéierten méijäregen Haushalt, den ech elo nach net erkennen an dofir wäert ech mech mat aller Kraaft dofir asetzen, datt dësen noverhandelt gëtt“, sou de Christophe Hansen ofschléissend.

Matgedeelt vum Christophe Hanse, EU-Deputéierte vun der CSV

Opmaacherbild vun www.christophehanseneu.lu

Ähnlech Sujeten Christophe Hansen, Eenegung, Europa, Europadeputéiert, Europaparlament, Méijäregen Finanzkader, Rechtsstaatlechkeetsmechanismus, Recovery Fund
Nächsten Artikel Virrechten Artikel