Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Dan Kersch beim Lëtzebuerger Rout Kräiz
International Neiegkeeten

Den Dan Kersch beim Lëtzebuerger Rout Kräiz

Haut de mueren huet de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial-

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss
International Neiegkeeten

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss

Op enger ganzer Säit am Quotidien huet sech de Matbegrënner

De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert
International Neiegkeeten

De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert

Et ass net all Dag, wou en esou ambitiéise Projet

Viviane Reding: US-Stroftaxe sinn “eng desastréis Decisioun”

An engem Bréif fënnt d'Politikerin kloer Wierder

Viviane Reding: US-Stroftaxe sinn “eng desastréis Decisioun”

Dem Donald Trump seng Decisioun, Stol an Aluminium, deen importéiert gëtt, ze taxéieren, trëfft op wéineg Géigeléift. D’Viviane Reding (CSV), Member vum EU-Parlament a fréier Vize-President vun der Europäescher Kommissioun huet elo d’Wuert ergraff.

An engem Bréif un Cecilia Malmström vun der Europäescher Kommissioun kritiséiert d’Viviane Reding dëst schaarf. “Esou eng desastréis Decisioun kéint dramatesch Implikatiounen fir de Welthandel an d’europäesch Wirtschaft hunn”, schreift d’EU-Politikerin. D’Cecilia Malmström ass déi aktuell EU-Kommissarin vum Handel.

Dës Mesure stellen eng Bedreeung fir Lëtzebuerg duer

Virun allem fir Lëtzebuerg géing dës Aktioun eng Bedreeung duerstellen. ëmmerhi géingen an eisem Stolsecteur 4.000 Leit beschäftegt sinn an iwwert 2 Millioun Réistool am Joer produzéiert ginn. D’Viviane Reding fuerdert vun der Europäescher Kommissioun staark, awer proportionell Mesuren ze ergräifen, soubal dës Tariffer implementéiert wieren. Viraussetzung wier dobäi och d’Anhale vun de Reegele vun der WTO.

D’Europäesch Unioun kann kee blannt A fir politesch, wirtschaftlech a geostrategesch Blannheet hunn

Viviane Reding

“D’Europäesch Unioun kann kee blannt A fir politesch, wirtschaftlech a geostrategesch Blannheet hunn”, schreift d’Viviane Reding weider. Eng Strategie vum Allenggang wier dozou verdamt ze scheiteren a géing alle Länner a Secteure schueden. D’Europäesch Unioun misst hei hirer Roll als Leader gerecht ginn an dofir suergen, datt Reegelen agehale ginn an net d'”Law of the Jungle” herrsche géing.

 

Ähnlech Sujeten Donald Trump, EU, Lëtzebuerg, USA, Viviane Reding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel