Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen
Neiegkeeten

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen

Hie war de Pop-Star vun der nordamerikanescher Polit-Zeen, hat de

Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras
Neiegkeeten

Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras

De Steampunk Festival am Fond-de-Gras, kann sech op säi Succès

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!
Neiegkeeten

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!

Am Januar 2019 huet den ULC an der Chamber eng

Reegele sinn net do fir gebrach ze ginn

Reegele sinn net do fir gebrach ze ginn

Dat et net einfach ass sech op de gesonde Mënscheverstand ze verloossen, huet sech an enger Rei Bistroen an der Haaptstad an zu Esch alt nees erwisen. Vun e Samschdeg op e Sonndeg huet et verstäerkt Kontrollen am Horesca-Secteur ginn, an et gëtt wéineg Erfreeleches ze beriichten.

Wärend sech an der Chamber tëscht Majoritéit an Oppositioun iwwert d‘Sënnhaftegkeet gestridde gouf, datt d‘Entreprisen aus dem Horesca-Secteur mussen um Mëtternuecht – an net wéi eigentlech üblech um 1 Auer – mussen zou maachen, sinn et nach ëmmer d‘Beamte vun der Police déi un der Front fir d‘Anhale vun de Gesetzer suerge mussen. A wann et och richteg ass, datt sech déi allermeeschte Gestionnairen un déi beschlosse Mesuren halen, esou huet et ëmmer schwaarz Schof.

An engem Stater Bistro waren d‘Zankerten och éischter „not amused“, wëll kuerz virun hallwer zwou Moies hunn sech hei nach eng 40 Leit am „geschlossene Raum“ opgehalen. Vun Ofstand a soss Gest Barrière war näischt ze gesinn. Bis op eppes „Gemauls“ hunn sech d‘Leit awer ouni gréisser Opreegung heemschécke gelooss. Fir Chef vum Bistro awer wäert et Folgen hunn.

Zu Esch-Uelzecht waren et direkt dräi Etablissementer, déi besser gehat hätten hir Aueren an hir Clienten am ze behalen. Och hei huet d‘Police ëmmer ee „vollt Haus“ virfonnt, an natierlech huet sech och an dëse Bistroe keen un d‘Obligatiounen a Recommandatioune gehalen. Dat alles awer kee Spaass an esou huet d‘Police entspriechend misse protokolléieren. Dat dierft zimmlech deier ginn, stinn dach op esou ee Verstouss bis zu 4.000 Euro Geldbouss am Gesetz.

A mat enger Geldbouss eleng dierft et net gedoe sinn. Esou muss d‘Police dës Verstéiss och dem Wirtschaftsministère mellen. Et kann also duerchaus sinn, datt dës Etablissementer fir eng gewëssen Zäit hir Aktivitéit mussen astellen, wat hire jo awer wärend dem Lockdown a Matleedschaft gerode Finanze kaum wäert entgéint kommen. D‘Kolleegen aus dem Secteur gesinn dat all mat Suerg.

Dofir nach emol: déi allermeeschte beméien sech ënnert schwieregen Ëmstänn hire Clienten an hirem Personal déi gréisstméiglechst Sécherheet ze bidden. Si kënnen hir Raimlechkeeten den Ament net am gewinnten Ëmfang notzen, wat och wirtschaftlechen Drock ob si ausüübt. Si hunn d‘Präisser net gehéicht, dierfen dofir awer (wou et sech maache léist) hir Terrasse méi grousszügeg notzen. D‘Fermeture um Mëtternuecht gëtt dann och vun de meeschte streng agehalen.

Wann een elo kéint eenzeg op d‘Dommheet vun de Gestionnairen hiweisen, esou wier dat dach eppes ze kuerz gegraff. Och d‘Cliente sinn hei an der Verantwortung. Gesäit emol dovunner of, datt och si kënne protokolléiert ginn, esou suergen si mat hirem Beholl wier zousätzleche Schued. Et ass nämlech net dovunner auszegoen, datt si dem Wiert de Protokoll an de Verdéngschtausfall ersetzen.

Illustratioun: Um Mëtternuecht sollt et esou ausgesinn. Leider huet d‘Police misse feststellen, datt e puer Etablissementer an de Widderstand agetruede sinn. Dat dierft fir déi Betraffen net grad bëlleg ginn, an de Fall gesat si kriten elo och nach eng „Fermeture Administrative“ operluecht, kann dat zur wirtschaftleche Konsequenze féieren, vun deenen si sech net méi wäerten erhuele kënnen. © Edi Libedinsky / unsplash

Ähnlech Sujeten HORESCA, Kontroll, Police, Save to Serve, Verstéiss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel