Search

You may also like

dislike
Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien
Neiegkeeten

Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet haut Washington opgefuerdert

Informatioun vum Aussen- an Europaminister zu den däitschen Grenzen
Neiegkeeten

Informatioun vum Aussen- an Europaminister zu den däitschen Grenzen

Déi däitsch Bundesregierung huet Lëtzebuerg de 14. Juli als Risikogebitt

Den Ierfgroussherzog besicht de Krautgaart zu Stengefort
Neiegkeeten

Den Ierfgroussherzog besicht de Krautgaart zu Stengefort

Gëschter huet S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume de „Krautgaart“ zu Stengefort

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei

Dat ronnt Gebai zu Sandweiler, an deem d‘Gemeng ënnerbruecht ass, kënnt an den Alter a soll dem Buedem gläich gemaach ginn. No 20 Joer wier d‘Zäit komm, wou een sech eng nei Märei gënne sollt, dat zumindest mengt de schwaarz-grénge Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot. Eng Iddi déi bei der Oppositioun op Widderstand gestouss ass.

Wann emol Abstraktioun dovunner mécht, datt den Ament éischter soziale Wunnraum, wéi en neit Verwaltungsgebai, gebraucht gëtt, muss en och respektéieren, datt d‘Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz (CSV) eng Märei wëll hunn, déi den haitegen Erausfuerderunge gerecht gëtt. Richteg ass dann och, dat léist sech net bestreiden, datt dëst Gebai en negativen Energiebilan huet.

Datt een an engem ronne Gebai och eppes éischter ageengt ass – d‘Gemeng ass jo an de leschten 20 Joer och Demographesch gewuess – war awer schonn „deemools“ villen opgefall, mee et sollt emol fir unzefänken ee schéint Haus ginn. Aus Feeler léieren, schéngt keng politesch Viraussetzung ze sinn an elo läit d‘Kand am Buer. An Zäite vu Covid19, Wirtschafts-, Logement- a Sozialkris misst et dann awer vläicht aner Prioritéite ginn, och an der Gemeng Sandweiler. Mee et huet Argumenter.

Esou verweist d‘Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz op eng Rei Iwwerleeungen hin, déi sech am Virfeld zur Decisioun, dee ganze Krëppeng ofzerappen, erginn haten. Renovéiere wat do eng Pist, déi laut der Berechnung gutt 3,5 Millioune kascht hätt. Datt dann awer ouni och nëmmen ee Quadratmeter zousätzleche Raum ze gewannen. Och d‘Gemeng „plënneren“ war eng Optioun.

Hei war un en Transfert an d‘Izeger Strooss geduecht ginn. Dës alternativ konnt dann awer net zeréckbehale ginn, well de Standuert engersäits net zentral genuch ass, an et déi noutwenneg Renovatioun vum bestoenden Objet net verhënnert hätt. Anescht ausgedréckt: eng Reaffektatioun vun der aler Märei hätt och Käschte mat sech bruecht. Et gëtt nach insistéiert, datt et dem Schäfferot net liicht fält de „politesche Kreesverkéier“ ofzerappen, mee et elo ee funktionellt Gebai brauch.

Elo sollen d‘Bierger entscheeden

D‘Oppositioun, bestoend aus DP an LSAP, huet eng aner Approche a gesäit net wierklech an, datt et de richtegen Zäitpunkt fir esou ee Projet ass. Si hunn dann och an dësem Kontext eng Petitioun op de Wee bruecht, mat där net manner wéi ee Referendum, gefuerdert gëtt. Dës Petitioun huet bei de Bierger Uklang fonnt, firwat et net schwéier war déi noutwenneg Ënnerschrëften anzesammelen.

Laut der LSAP-Conseillère Jacqueline Breuer ass de Quota vun engem Fënneftel vun de Wieler an der Gemeng erziilt ginn, an elo huet de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot dräi Méint Zäit, dëse Referendum ze organiséieren. D‘Jacqueline Breuer verweist nach drop, datt den Architekt zum Ausdrock bruecht hätt, datt een dëst Haus fir manner wéi 1 Millioun Euro kéint renovéieren. Ënnerlagen déi dës Ausso géife stëtzen, kann d‘Oppositioun leider net virleeën.

Wou een dann der Oppositioun nees ka Versteesdemech entgéint bréngen, ass beim Argument, datt et an dësen Zäite wuel éischter ubruecht wier, d‘Geld bessere Verwendungen zouzeweisen. Hei hält d‘Simone Massard-Stitz dergéint, a weist op ganz eng zolidd Finanzsituatioun hin. Wat elo eng nei Konstruktioun kascht, dat ass hir den Ament och net bekannt. Dat ass jo awer scho wichteg, oder?

Zum Referendum gouf et da säitens der Koalitioun keng Ausso. Esou ass net ofschléissend gekläert ob dësen dann och wäert stattfannen. Zudeem muss beduecht ginn, datt – an de Buergermeeschter vu Wäisswampech, Henri Rinnen (CSV) huet ee Prezedenzfall geschafen – esou ee Gemengereferendum beschtefalls „consultative Charakter“ huet. Fir den Ament steet dat ronnt rout Gebai nach, an den Dissens tëscht Koalitioun an Oppositioun dierft de Bierger erhale bleiwen…

Foto: Am Joer 2005 – d‘Opnam ass vum 24. Juli 2005 – war d‘Märei nach am schéine Mausgroe-Look, déi rout Faarf koum méi spéit. Elo soll d‘Gebai enger funktioneller véiereckeger Këscht weechen, déi mindestens zwee Stéck soll hunn. Et bréicht ee méi Plaz fir d‘Servicer, esou d‘Buergermeeschtesch. Datt ee Service déi kee Kontakt mam Public hunn, kéint anerwäerts ënnerdaach bréngen an endlech och Wunnengsbau (abordabel a sozial) bedreiwe sollt stoung wuel net zur Diskussioun. (Source: Johnny Chicago/lb.wikipedia)

Related topics Jacqueline Breuer, Logementskris, Märei, Referendum, Sandweiler, Simone Massard-Stitz
Next post Previous post