Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet
International Stories WTF

EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet

Gëschter sinn zu Lëtzebuerg um europäesche Geriichtshaff d‘Kloe vun Ungarn

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten
International Stories WTF

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten

An enger Säitestrooss vun der Ettelbrécker Foussgängerzon steet e Golem

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!
International Stories WTF

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!

Als Minister fir Kommunikatioun a Medie war de Xavier Bettel

surprise

D’Acteure vum Referendum a Katalounien, erkläert

D’Acteure vum Referendum a Katalounien, erkläert

Muer ass et esouwäit, dat gëtt a Katalounien e Referendum ofgehalen (oder och net) deen déi spuenesch Regioun an d’Onofhängegkeet kéint féieren. Iwwert d’Aktualitéit hu mir bericht. Fir de bessere Versteesdemech, stelle mir op dëser Plaz déi verschidde Protagoniste vum Konflikt vir.

Mariano Rajoy

E Konservative vu 62 Joer, Chef vun der Vollekspartei PP (Partido Popular), dirigéiert hien als Ministerpresident d’Regierung zanter 2011. Säit de Walen 2016 regéiert de Rajoy mat enger Minoritéitsregierung déi vun der liberaler Partei „Staatsbierger“ (Partido de la Ciudadanía) gedroe gëtt.

Katalounien

Mariano Rajoy © Javier Soriano/AFP

D’Ciudadanos ass eng katalanesch politesch Formatioun déi gegrënnt ginn ass fir géint d’Onofhängegkeet virzegoen. De Partido Popular ass a Katalounien extrem onpopulär an huet hei knapp 13% vun de Wielerstëmme bei de Parlamentswahle kritt. Zudeem stellt de PP a Katalounien just ee Buergermeeschter.

De Mariano Rajoy huet och alles versicht fir de neie Statut, dee Katalounien 2006 zougestane krut, ze kippen. Op seng Demande hin hat d’Verfassungsgeriicht 2010 grouss Deeler vum Statut annuléiert, deen der Provënz méi Rechter ginn hat. Dat ass Katalounien net gutt ukomm an huet d’Katalanen op d’Barrikade gedriwwen.

Dem Rajoy seng Géigner aus den eegene Reie geheien him vir, den Dossier schleefe gelooss ze hunn an esou d’Begier no Onofhängegkeet gefërdert ze hunn. De Ministerpresident stäipt sech dann awer mat alle Mëttel géint de Referendum vun der Selbstbestëmmung, dee géint d’Verfassung verstousse geíf.

Carles Puidgemont

De fréiere Journalist vu 54 Joer ass e Militant fir d’Onofhängegkeet säit senge jéngste Joren. De Carles Puidgemont ass am Januar zum President vun der katalanescher Provënz erhuewe ginn, wéi d’Fraktioun vun der extrem-lénker an der Koalitioun d’Ofsetzung Artur Mas duerchgesat huet. Deem war eng Austeritéitspolitik virgeworf ginn.

Katalounien

Carles Puidgemont © Josep Lago/AFP

De Carles Puidgemont wëll egal wéi de Referendum duerchzéien. Bei enger Victoire vum „Si“ an egal wéi d’Bedeelegung ausgesäit, wëll hie Katalounien vu Spuenien trennen. D’Autoritéite, also d’Zentralregierung zu Madrid, huet eng Enquête géint hien ugestrieft fir: Ungehorsam, Amtsbeugung a Verontreiung vun ëffentlechem Geld (fir d’Organisatioun vum Referendum).

Oriol Junqueras

Den 48 Joer ale President vun der republikanescher Lénker vu Katalounien (ERC – Esquerra Republicana de Catalunya) gehéiert zu der radikaler Fraktioun am katalanesche Parlament. Den ERC dee scho säit 1931 fir d’Onofhängegkeet militéiert, ass och an de „katalanesche Länner“ (déi autonom Gemeinschafte Valencia a Balearen) aktiv. Hei op Lëschten aus dem lénken a grénge Spektrum.

Katalounien

Oriol Junqueras © Pau Barrena/AFP

Geschichtsprofesser op der Universitéit, ass och den Oriol Junqueras mat enger Enquête beduecht ginn. Et sinn dann och déi selwecht Virwërf wéi beim Carles Puidgemont, déi d’Grondlag bilden.

Carme Forcadell

Si ass d’Galliounsfigur vun de gigantesche Manifestatioune fir d’Onofhängegkeet vu Katalounien. D’Carme Forcadell presidéiert säit 2015 d’Regionalparlament vu Katalounien, wou déi separatistesch Parteien d’Majoritéit vun de Sëtzer, net awer vun de Stëmmen (47,6%) huet.

Katalounien

Carme Forcadell © Lluis Gene/AFP

D’Carme Forcadell war schwéier an d’Kritik geroden, wéi dat katalanescht Parlament an der Urgence a quasi ouni Debat, zwee Gesetzer ugeholl hat (déi direkt vum Verfassungsgeriicht suspendéiert goufen) fir de Referendum an d’Onofhängegkeet ze organiséieren.

De Bouquet huet sech déi 61 Joer Linguistin geleescht, wéi si virum Geriicht zu Barcelona manifestéiert huet, wou verhafte Beamten sech wéinst hirer Bedeelegung un der Organisatioun vum Referendum hu missen dem Riichter stellen. Si ass selbstverständlech och vun der selwechter Enquête betraff.

Soraya Saenz de Santamaría

Vizepresidentin vun der Rajoy-Regierung, ass si dem Mariano Rajoy seng lénks Hand. Déi 46 Joer jonk Juristin këmmert sech dann och ëm de ganz sensibele Portefeuille „territorial Administratiounen“.

Katalounien

Soraya Saenz de Santamaría © Curto de la Torre/AFP

D’Soraya Saenz de Santamaría hätt dann och sollen den Dialog mat de katalanesche Separatiste sollen engagéieren. D’Regierung war esouguer bereet Katalounien bis 2020 eng Investitiounsprime an héicht vun 4,2 Milliarden Euro ze verspriechen. Eng Offer déi vill ze spéit gemaach ginn ass an zudeem als ze niddreg ugesi gi war.

Ada Colau

Déi 43 järeg katalanesch Aktivistin a Buergermeeschtesch vu Barcelona war bis 2015 politesch betruecht, en onbeschriwwent Blat. An de Gemengewahlen op der Plattform „Barcelona en Camú“, déi vu Podemos ënnerstëtzt ginn ass, opgesat, huet d’Ada Colau déi meeschte Mandater kritt. Fir déi absolut Majoritéit war et awer net duer gaangen.

Katalounien

Ada Colau © Pau Barrena/AFP

D’Mam vun engem Jong huet sech mat hirem Mann (PAH aktivist an Ökonom) Adrià Alemany, virun alle e Numm gemaach, wëll si sech géint d’Expulsioun vun iwwerschëlte Familljen aus hire Wunnenge staark gemaach huet. D’PAH (Plataforma de Afectados por la Hipoteca) war am Februar 2009 als parteionofhängeg Biergerinitiativ gegrënnt ginn.

D’Ada Colau verséchert „ni eng Onofhängegkeetsmilitantin“ gewiescht ze sinn“. Si fuerdert e Referendum zur Selbstbestëmmung am legale Kader. D’Buergermeeschtesch vu Barcelona erkläert, datt d’Separatisten eleng ni d’Onofhängegkeet kënnen ausruffen, déi och vu kengem unerkannt géif ginn.

Ouni de Verbuet vu Madrid ze ëmgoen, huet d’Ada Colau dem regionale Parlament erlaabt zu Barcelona (1,6 Milliounen Awunner) Wahlbüroen anzeriichten.

mat AFP

Foto: Nach um Freideg hunn d’Studenten de Franquismus vum Mariano Rajoy veruerteelt an sech fir de Referendum ausgeschwat. Zu Barcelona eleng gëtt et 2.300 Wahlbüroen. Madrid huet versprach all Mëttel anzesetze fir de Referendum ze verhënneren. © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Katalounien, Onofhängegkeet, Referendum, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel