Search

You may also like

Russland setzt sech am UN-Sécherheetsrot duerch
International Meenung WTF

Russland setzt sech am UN-Sécherheetsrot duerch

Si hunn sech de Mond fuseleg geschwat, fir um Enn

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?
International Meenung WTF

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?

Nodeems Lëtzebuerg sech scho virun e puer Wochen, fir ee

surprise
Eng „kuerz“ politesch Vakanz
International Meenung WTF

Eng „kuerz“ politesch Vakanz

Neijoerschdag ass nach net ganz verdaut, do heescht fir eis

surprise

Fir de Referendum a Katalounien

Fir de Referendum a Katalounien

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt a Spuenien d‘Demokratie mat all senge Vir- a Nodeeler ukomm wier. Mam Mariano Rajoy awer ass e richtege Rietskonservativen, fir net ze soen e Populist, un der Regierungsspëtzt. Mat der „Alianza Popular“ ass de Franquismus nees do.

Wien op säi Recht besteet iwwert sech selwer dierfen ze entscheeden, drop besteet dierfen e Referendum ofzehalen, wäert awer och de Rajoy net opgehale kréien. Woubäi grad dee gëschter op der Tëlee gefuerdert huet: „Gitt iech endlech a verzicht op dëse Radikalismus an ongehuersam“. Domatter mécht sech de Staatschef net beléift.

Engem d‘Recht op Selbstbestëmmung ze verweigeren an dat eleng mam Verweis op eng Verfassung déi dat net hir gëtt, verhënnert den demokratesche Prozess. Buergermeeschter a gewielte Volleksvertrieder vum Regionalparlament ze verhaften, féiert zu enger erzwongener Radikalisatioun. Net d‘Separatisten dreiwen et op d‘Spëtzt, nee hei ass et d‘Zentralregierung déi erausfuerdert.

An et ass tatsächlech richteg, datt grad déi vill ze verléieren huet. A mat all weider Mesure déi getraff gëtt, mat all weiderem Mënsch deen aus politesche Grënn agespaart gëtt, stäerkt d‘Regierung zu Madrid d‘Lager vun de Separatisten a Katalounien. Datt sech do elo och d‘Sozialisten op d‘Säit vun der konservativer Regierung stellen ännert un der Situatioun näischt.

De Mariano Rajoy sollt awer uecht dinn. Wa bis virun ee puer Méint all Referendum sech éischter géint d‘Onofhängegkeet ausgeschwat hätt, esou féiert déi aktuell politesch Ausenanersetzung d‘Leit an déi aner Richtung. Wien sech nach bis viru Woche géint d‘Onofhängegkeet ausgeschwat hätt, wëll a wäert d‘Methode vu Madrid géint déi eege Leit net matdroen.

Also op de Referendum elo legal ofgehale geet oder net, e wäert Stattfannen an um Dag selwer mat gréisster Gewalt musse verhënnert ginn. Dat kann a muss Schief goen. Datt Madrid esou u Katalounien festhält, ass dann och net well se fäerten hir Bridder a Schwësteren ze verléieren. Hei sinn eenzeg an eleng wirtschaftlech Grënn déi zielen.

Verléiert Spuenien d‘Regioun, da verléiert se déi Regioun déi d‘Geld an d‘Staatskeess erabréngt. An dat versicht déi konservativ Zentralregierung elo mat aller Gewalt ze verhënneren. Allerdéngs: „D‘Bestätegung vun der staatlecher Autoritéit ouni politesch Alternativ, kéint katastrophal Konsequenzen hunn“, esou den Enric Juliana vu „La Vanguardia“.

Foto: Während d‘Police virum katalanesche Regionalparlament versicht d‘Leit ënner Kontroll ze halen, klëmmt d‘Zuel vun deenen déi sech fir ee Referendum ausschwätzen. 13 Membere vun der katalanescher Regionalregierung si festgeholl ginn, Buergermeeschter gi viru Geriicht geruff. D‘Zentralregierung zu Madrid ass derbäi eng Katastroph ze provozéieren. (© Lluis Gene/AFP)

Related topics Katalounien, Mariano Rajoy, Spuenien
Next post Previous post