Search

You may also like

Gar Lëtzebuerg: Keen Damp ouni Feier
International Neiegkeeten

Gar Lëtzebuerg: Keen Damp ouni Feier

Wéinst engem Feier an eng Büro innerhalb der Gar Lëtzebuerg,

money
D‘Indextranche gëtt den 1. Januar 2020 fälleg
International Neiegkeeten

D‘Indextranche gëtt den 1. Januar 2020 fälleg

De STATEC hatt en Enn November am sengem Bulletin „Konjunktur-Flash“

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“
International Neiegkeeten

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen

Referendum zum Avortement an Irland: wat seet d’Gesetz a wat ka sech änneren?

Referendum zum Avortement an Irland: wat seet d’Gesetz a wat ka sech änneren?

Um haidege Freideg mussen sech d’Iren mëttels Referendum fir oder géint d’Liberalisatioun vun der Ofdreiwung ausdrécken. An Irland ass den Avortement nëmmen erlaabt, falls d’Liewe vun der Mamm bedreet ass. Dat féiert dozou, datt all Joer, Dausenden Irinnen am Ausland ofdreiwen.

Wat awer seet dat aktuellt Gesetz?

Den 8. Amendement zur irescher Verfassung, deen 1983 per Referendum agefouert ginn ass „erkennt d’Recht um Liewe vum Kand dat soll gebuer ginn, ënner Berécksiichtegung vum gläiche Recht op d’Liewe fir d’Mamm“. Domatter ass den Avortement och verbueden: am Fall vun enger Vergewaltegung, Inzest, oder Mëssbildung vum Foetus.

2012 dann, den Dout vum Savita Halappanavar, enger Fra vun 31 Joer. Hir Schwangerschaft hat „Komplikatiounen“ an Si hat e Schwangerschaftsofbroch gefuerdert, deen d’Dokteren hir refuséiert hunn.

Dat hat déi ëffentlech Meenung skandaliséiert an d’Gesetz ass 2013 geännert ginn. Et koum zur Ausnam, déi en Avortement zouléisst, wann d’Liewe vun der Mamm a Gefor ass. Dat gëllt och am Fall wou de Risk vun engem Selbstmord bestätegt ass. Ënnert dëser Dispositioun ass et 2015 zu 26, an 2016 zu 25 Ofdreiwunge komm.

Am Ausland den avortéieren

Den 13. Amendement zur irescher Verfassung garantéiert „d’Fräiheet an en anere Staat ze reesen“ fir de Schwangerschaftsofbroch virzehuelen. Déi eenzeg Optioun fir vill Fraen, an déi gëtt dann och genotzt.

Laut de Statistike vum britesche Gesondheetsministère, vum iresche „Planing Familial“ compiléiert, sinn an England a Wales tëscht 1980 an 2016, iwwer 168.000 Ofdreiwunge bei Fraen ënnerholl ginn, déi eng Adress an Irland uginn hunn. Dat sinn an der Moyenne 13 Avortementen den Dag.

Als Beispill: 2011 war d’Irin Amanda Mellet gezwongen op Liverpool ze goen, wou si e Foetus ofdreiwe konnt, deen eng déidlech Mëssbildung hat. Si huet sech als Affer vun der irescher Legislatioun gesinn an d’UN-Kommissioun vun de Mënscherechter saiséiert, déi hir Recht ginn hunn. Dublin huet dorops der Fra eng Entschiedegung vun 30.000 Euro zougestanen.

Wéi gëtt een an Irland informéiert?

D’Diffusioun vun den Informatiounen, déi d’Méiglechkeeten zu engem Schwangerschaftsofbroch opweisen, ass an Irland och streng encadréiert. No der Aféierung vum 8. Amendement, hat d’Justiz et den Agencen ënnersot, Frae bei hiren Demarchë fir am Ausland ofzedreiwen, ze ënnerstëtzen.

1992 huet et e 14. Amendement per Referendum ginn. Mat deem ass d’Recht garantéiert ginn „Informatiounen ze erhalen oder zur Verfügung gestalt ze kréien, wéi eng Servicer an engem anere Land legal zougänglech sinn“.

E Recht dat 1995 vum „Regulation of Information Act“ strikt encadréiert gëtt. Dat Gesetz verbitt notamment „d’Promotioun oder d’Recommandatioun“ vun engem Avortement. Et zwéngt déi Persounen, déi berufflech schwanger Frae begleeden, hinnen all bestoend alternativ „Optiounen“ zur Ofdreiwung opzeweisen, wann déi envisagéiert gëtt.

Wéi eng Reform kann de Referendum bréngen?

Beim Referendum ginn d’Iren agelueden sech zur Ofschafung vum 8. Amendement auszedrécken. Dëse soll duerch de Saz: „Et kënnen am Gesetz zur Reguléierung vum Schwangerschaftsofbroch Dispositiounen elaboréiert ginn“.

Sollt de „Jo“ duerchkommen – woufir et laut Sondagen eng kleng Majoritéit gëtt – ass et un der Regierung e neie Gesetzprojet virzebereeden, deen, wann e vum Parlament ugeholl gëtt, den Avortement an den éischten 12 Woche vun der Schwangerschaft soll erlaben. Hei wier dann och aus Gesondheetsgrënn en Ofbroch bis zu 24. Woch méiglech.

mam Julien Lagache an dem Antoine Pollez/AFP

Related topics Avortement, Irland, Referendum
Next post Previous post