Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Geféierlech oder just duerchgeknallt?
Auto International free dating in paris

catholic online dating reviews

Wéi den Donald Trump Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt,

https://moien.lu/are-supergirl-and-mon-el-dating/
Statt grouss ze féieren, stellt d‘ALEBA d‘Fuerderungen an de Virdergrond
Auto International free dating in paris

Statt grouss ze féieren, stellt d‘ALEBA d‘Fuerderungen an de Virdergrond

Fir d‘ALEBA, d‘Gewerkschaft vun de Salariéeën aus dem Banken- a

De CGDIS an d’Dronen: Wéi flitt Lëtzebuerg?
Auto International free dating in paris

De CGDIS an d’Dronen: Wéi flitt Lëtzebuerg?

Dronen – onbemannt Loftgefierer mat meeschtens véier Probeller an equipéiert

EU-Parlamentarier verwerfen d’Reform vun den Autorerechter

EU-Parlamentarier verwerfen d’Reform vun den Autorerechter

Bréissel wollt sech eng „Copyright-Direktiv“ ginn, mee um Donneschdeg huet d’Europa Parlament de Reformprojet verworf. Den Text war mat Hänn a Féiss vu sengen Auteure verdeedegt ginn, mee d’Internet-Giganten an d’Militante fir e „fräien Internet“ haten sech dergéint opgestallt.

Vu 627 EU-Deputéierten déi zu Stroossbuerg uwiesend waren, hunn der 318 géint den Text gestëmmt, 278 waren derfir, 31 hunn sech enthalen. Domatter ass d’Parlament net autoriséiert Verhandlungen zu der Reform mat de Memberlänner an der Komissioun opzehuelen.

Den Text, deen d’EU-Deputéiert bis an déi eege politesche Gruppéierunge spléckt, soll dann awer an der Plenière vum September nach emol virgeluecht ginn. Virun dësem Debat, wou sech all d’Parlamentarier dierfen ausdrécken, kënnen Amendementer agereecht ginn.

An engem Communiqué huet d’EDiMA, e Gruppement deen d’Interesse vun de „GAFA“ (Google, Apple, Facebook an Amazon) an anere groussen Nimm aus dem Technologiesecteur verdeedegt, „eng Victoire fir d’Demokratie“ begréisst.

„D’GAFA, déi d’Artiste beklauen a keng Steiere bezuelen, hunn eng Schluecht gewonnen. Wat eng Naivitéit vun deenen déi mengen d’Konsumenten ze verdeedegen“, twittert déi franséisch Sozialistin, Pervenche Berès.

Vill (ze vill) Drock

E staarke Lobbyismus begleet zanter Méint dës Reform, bei där sech d’Kreateure vun „Inhalter“ aus der ganzer Welt fir den Text ausgeschwat hunn. Hinnen hunn sech d’Gigante vum Internet mat den Aktiviste géinteniwwer gestallt. D’Argumenter vun de Reformgéigner haten d’Nues vir.

„Et ass enttäuschend festzestellen, datt d’Europa Parlament, nodeems si engem enormen Drock vun de Reformgéigner – déi falsch Argumenter virgeluecht hunn – ausgesat waren, d’Rechter vun den Auteuren net ënnerstëtzt hunn“, esou de Jean-Michel Jarre, President vun der CISAC.

De franséischen EU-deputéierte Marc Jouland (PPE) huet eng „brutal Lobby-Campagne“ denoncéiert, déi vun de GAFA orchestréiert gi wier. „Et huet een d’Bierger manipuléiert an deem mat hiren Ängschte gespillt ginn ass. Deputéierter si mat militäreschen Zensore verglach ginn, se goufe beleidegt an et huet esouguer Morddreeunge ginn (…) nidderträchteg an zynesch Methoden“.

Elo ass d’Haaptzil vun der Reform, déi vun der EU-Kommissioun am September 2016 virgeschloe ginn ass, d’Modernisatioun vun den Autorerechter am Zäitalter vun der numerescher Revolutioun. Déi lescht Legislatioun zum Thema datéiert vun 2001.

En Fro vun der Verantwortung

De Gedanken ass et, Plattforme wéi beispillsweis Youtube, ze zwéngen d’Kreateure vun Inhalter besser ze bezuelen (Artikel 13). Den Text gesäit hei och fir, datt d’Plattformen déi juristesch Verantwortung fir den Inhalt, deen d’Notzer eroplueden, iwwerhuele mussen.

Als Zeeche vum „Protest“ konnt den Internetlexikon „Wikipedia“ a wéinstens dräi europäesche Länner net opgeruff ginn. Déi leit déi hannert dëser Plattform stinn, hunn Angscht, datt d’Reform d’Fräiheet vun den Utilisateuren aschränkt.

Och an der Direktiv virgesinn: d’Schafe vun engem neien „droit voisin“ fir d’Presseorganer (Artikel 11). Dee géif et den Zeitungen, Zäitschrëften a Presseagencen erméiglechen, hir Beiträg bezuelt ze kréien, wann se online genotzt an/oder verëffentlecht ginn.

D’GAFA, mee och EU-Deputéierter vun den Ekologisten an de Liberalen, grad wéi Juristen, behaapten, datt dëse Projet déi grouss Mediegruppe géif géintiwwer onofhängege Medien a Startups benodeelegen. Dat géif de Risk enthalen, datt d’Meenungsfräiheet op der Streck bleift.

Richteg argumentéieren

„Dat ass gelunn!“ esou d’Äntwert vum Rapporteur, dem däitschen Axel Voss (PPE), e puer Sekonne virun der Ofstëmmung. „Hei ginn d’Rechter vun den Utilisateuren net beschnidden“.

D’Organisatioune vun de Press-Editeuren an der EU sinn och op d’Barrikade geklommen, an weisen drop hin, datt ouni gerecht Bezuelung, d’Medien, déi eng essentiell Roll am Pluralismus vun der Informatioun an der Demokratie spillen, net iwwerliewe kënnen.

An engem Communiqué huet den Ekologist Pascal Durand säi Vott verdeedegt: „De Vott vun haut, ass kee Vott géint den Text u sech, mee e Vott fir d’Erëffnung vu neien Diskussiounen am Parlament. D’Majoritéite waren tatsächlech schwaach. Mir wëllen e méi equilibréierten Text“.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Autorerechter, EU-Direktive, EU-Kommissioun, EU-Parlament, GAFA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel