Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Test däi Wësse ronderëm d’Atert!
International Neiegkeeten

Test däi Wësse ronderëm d’Atert!

Et ass villäicht net dee längste Floss vum Land, mee

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!

Et muss sech méi fir eis Lëtzebuerger Traditioune, Bräich an

Theatere vun der Stad Lëtzebuerg: Programm 19/20
International Neiegkeeten

Theatere vun der Stad Lëtzebuerg: Programm 19/20

Och wann de Programm vun der Saison 2018/2019 vun de städteschen

Frankräich wëll eng Reform vun der SNCF duerchsetzen

Frankräich wëll eng Reform vun der SNCF duerchsetzen

Déi franséisch Regierung muss sech haut enger héich sensibeler Reform unhuelen: et geet ëm net Manner wéi d’Reform vun der SNCF, der nationaler Eisebunnsgesellschaft. Dofir gëtt sech mat der Direktioun vun der SNCF an de Gewerkschaftsvertrieder un de Verhandlungsdësch gesat.

Dat véier Deeg no der Virlag vum Rapport „Spinetta“, dee vun den Eisebunner als en Ugrëff op den ëffentlechen Déngscht betruecht gëtt. „D’Zerstéierung vum ëffentlechen Déngscht ass, wann een un der aktueller Situatioun festhält!“, esou d’Äntwert vun der Transportministesch Elisabeth Borne.

„Mir wäerte ganz sensibel Sujeten uschwätzen. Et ass ee besuergt an et gëtt forcement vill Froen, dat ass legitim. Mir mussen den Dialog opbauen an Äntwerten op d’Froe virleeën“, versprécht d’Ministesch mam Hiwäis, datt „d’Method an de Kalenner dëse 26. Februar zu Matignon ugekënnegt ginn“.

Iert et zur Ukënnegung kënnt, gëtt et den 22. Februar awer emol e Streik am ëffentlechen Déngscht- Eisebunner a Cliente ginn zesumme vun der Gewerkschaft CGT-Cheminots zu enger „nationaler Manifestatioun“ zu Paräis opgeruff. Esou soll „eng qualitativ Déngschtleeschtung“ verdeedegt ginn. Un hirer Säit „La France Insoumise“ (LFI), esou d’Bestätegung vum Deputéierten Alexis Corbière.

Et gëtt u villen Aspekter geschafft

Bei enger éischter Entrevue um haidege Méindeg zu Matignon, gesinn sech: de Guillaume Pepy, President vum Grupp a PDG vun SNCF-Mobilitéit; de Frédéric Saint-Geours, President vum „Comité de Surveillance“; an der Patrick Jeantet, PDG vun SNCF-Reseau. Si sollen en éischten Debat iwwert déi prekoniséiert Reformen, esou wéi am Rapport genannt, féieren.

Déi véier representativ Gewerkschafte vun der SNCF (CGT, Unsa, SUD an CFDT) gi separat am Transportministère empfaangen. De Premierminister Edouard Philippe wëll, iwwert déi ganz verdeelt, mat de Vetrieder vun de Bunnbenotzer an de Regiounen iwwert d’Noutwennegkeet vun dëser Reform schwätzen.

Tëscht de „Pisten“ déi am Rapport opgewise ginn, dee beim ex-President vun Air France, Jean-Cyril Spinetta „bestallt“ gi war: d’Verännerung an eng „national Gesellschaft mat ëffentlechem Kapital“ vun den zwou Haaptkomponenten SNCF-Mobilitéit an SNCF-Reseau, déi haut en „Etablissement Public“ mat industriellem a kommerziellem Charakter sinn.

Zudeem soll de Statut „Cheminot“ ewechfalen, an de Secteur fir d’Konkurrenz (Privatiséierung) opgemaach ginn. Dat gëllt ab 2020 fir de Service TGV, an ab 2023 fir den TER (Regionalverkéier).

D’Gewerkschafte bekloen eestëmmeg ee „Sabotage vum franséischen Eisebunn-Secteur“, esou d’Ausso vun CGT-Cheminots; mat „Rentabilitéitsmoossnamen déi eenzeg an eleng op eng Rationaliséierung vum Schinnentransport ausgeluecht sinn“, wéi et vun der Unsa-Ferroviaire betount gëtt.

D’Gewerkschafte warnen, datt wann de Statut vum Cheminot a Fro gestallt gëtt, d’Regierung e „casus belli“ (Krichsfall) erbäiféiert. Et wier d’Eisebunnspolitik vun de leschte Joerzéngten, tëscht iwwerhiefleche Projeten an enger schlechter Maintenance vum Reseau, déi zu der aktueller Kris gefouert hätt.

Op där aner Säit de „Chef“ vun der „La Republique en Marche“ (LREM) Christophe Castaner, deen nach e Freideg dësen noutwennege Schratt verdeedegt huet: „Et muss ee sech endlech zoumudden d’Tabuen an d’Privilegien op den Dësch ze leeën!“.

Déi territorial Fraktur

Am Kader vun hirem eventuellen Transfert bei neien Operateuren, mussen d’Eisebunner déi zentral Elementer vun hirem Statut an engem „soziale Rucksak“ dierfe mathuelen. Esou d’Transportministesch Elisabeth Borne e Sonndeg. „Dat soll et hinnen erlaben op der selwechter Plaz ze bleiwen, déi selwecht Aarbecht auszeféieren an hir Rechter ze behalen“.

Mee datt géif den „éischte Problem“ net léisen, esou d’Gewerkschaften, déi domatter op d’Schold vun SNCF-Reseau hiweisen, déi fir 2018 iwwer 50 Milliarden Euro chiffréiert gëtt. Eng „Dette“ déi integral vun der Regierung misst iwwerholl ginn, well se „duerch de Choix vun den ëffentlechen Investissementer entstanen ass, an net vun den Eisebunner ze droen ass“, esou CFDT-Cheminots.

D’Fro zum Risk vun enger „Rupture vun der Gläichheet vun der Bierger“ an der Zounam vun der „territorialer Fraktur“ läit och um Dësch. Dat ugesicht dem Rot dausende Kilometer Schinnenetz zouzemaachen, an d’Verantwortung un d’Regiounen ofzeginn.

Dës Regioune weisen sech dann och besonnesch besuergt, a sinn net mat enger Recommandatioun averstanen, déi der Regierung e Fräibréif géif ginn, d’Verträg „Staat-Regiounen“ (CPER) net mussen anzehalen.

„Wie soll zukünfteg fir d’Landesplanung zoustänneg sinn, eng Funktioun déi haut d’Regierung erfëllt, wann d’Entreprise eng Privatgesellschaft gëtt?“, wëll de Xavier Bertrand, President vun der Regioun „Hauts-de-France“ wëssen. Hie bezitt sech mat dëser Fro op d’Schléissung vu de Linnen, wouduerch sech géif erginn, datt d’Clienten (Reesender wéi Pendler) séi grouss Verléierer vum Rapport wieren.

Matignon huet awer verséchert, datt „déi enk Gespréicher mat de Regiounen an den Territoiren“ am Respekt vun den CPER géife gefouert ginn. D’CGT erënnert hirersäits, datt „vill Rapporten si an den Archive vu de Ministère verschwonnen. Et ass nach vill Plaz an de Schief“.

mam Gaëlle Geoffroy/AFP

Update 11:00: Verschidde Korrekturen

Ähnlech Sujeten CFDT-Cheminots, CGT-Cheminots, Edouard Philippe, Eisebunn, Eisebunnergewerkschaft, Elisabeth Borne, SNCF, Unsa-Ferroviaire
Nächsten Artikel Virrechten Artikel