Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech
grind dating app Neiegkeeten

sugar mummy hookup agency in singapore

E Mëttwoch, den 12. Juni sinn zu Dikrech dräi nei

https://moien.lu/dating-myself-quotes/
grind dating app Neiegkeeten

Editorial: Wann de Patron dech am A huet

Elo ass et dann entscheet ginn. Déi national Kommissioun fir

Weess du a wéi enge Gemengen des Uertschafte leien?
grind dating app Neiegkeeten

Weess du a wéi enge Gemengen des Uertschafte leien?

Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dat heescht nach laang net,

Reform vum Aarbechtsrecht dréift d‘Leit op d‘Strooss

Reform vum Aarbechtsrecht dréift d‘Leit op d‘Strooss

En hat et versprach an en zitt et duerch. Dem Emmanuel Macron seng Reform vum Aarbechtsrecht ass dann awer e rout Duch fir d‘Gewerkschaften. Déi haten hir Leit mobiliséiert an uechtert ganz Frankräich waren der dann och e ganze Koup op d‘Strooss gaangen.

„Fir eng Première ass et eng gutt Première“, esou d‘Nummer 1 vun der CGT, Philippe Martinez zum Aktiounsdag. Deen, organiséiert mat „Solidaires“, FSU an der Unef, war vu ville Militante begleet ginn. D‘Autoritéite wëllen der 223.000 gezielt hunn, d‘Gewerkschaften hunn der 400.000 gesinn. Zuelen, déi deene vum 9. Mäerz 2016 gläichen. D‘Police hat der deemools 224.000 an d‘CGT eng ronn 450.000 gezielt. Trotz dëser „klenger“ Differenz, huet de Regierungsspriecher „eng gewësse Mobiliséierung“ unerkannt. „Mir héieren d‘Suergen a mussen Äntwerte fannen“, esou de Christophe Castaner.

„Den Appell vun der CGT ass schlussendlech awer net vun deenen anere Sozialpartner matgedroe ginn. Déi hunn op den Text gewaart, deen net d‘Vulleschäich ass, déi gäre virgefouert gëtt“, esou de Castaner.

Uneneegeroden

Zu Paräis hat et e Protestmarsch tëscht „Bastille“ an der „place d‘Italie“ ginn. Deelgeholl hu laut Police 24.000 Leit, d‘Gewerkschaft seet et wieren der 60.000 gewiescht. Wéi och ëmmer. D‘Manifestatioun war ugefouert vun enger Fanfare déi vu Forainen animéiert ginn ass, dorënner e Grupp deen sech als Clowne verkleet hat.

Den Cortège ass verschiddentlech ugehale ginn, dat wéinst Rabbelkäpp, déi dem Gedanken, sech mat der Police mussen unzeleeën, eppes konnten ofgewannen. D‘Police hat domatter elo net wierklech e Problem an hunn sech gewiert a mat Tréinegas an enger Waasserkanoun geäntwert.

D‘Präfektur wëll am Cortège eng 300 vermummten Individuen ausgemaach hunn a bestätegt verschidden Akte vu Vandalismus. Véier Persoune wiere festgeholl an e blesséierten ënner de Manifestanten hätt missen an Spidol gefouert ginn.

Ënnert de Manifestanten och politesch Perséinlechkeeten. Esou de Benoît Hamon, Kandidat vum PS (Sozialisten) an de Pierre Laurent, nationale Sekretär vum PCF (Kommunisten). Op de Plakater war ze liesen „D‘Lidderhanesse sinn en Marche“ oder „Macron, du bass am Aarsch, d‘Lidderhanesse sinn op der Strooss“. Dat als Äntwert op dem President seng Ausso: „Ech verspriechen net de Lidderhanesse, de Zyniker oder den Extremen nozeginn“.

Mathematesch, Militant, Marseille

Zuelen an dat wat se wäert sinn: Marseille wéist hei mat enger Differenz vun 52.500 déi gréissten Diskrepanz op. (Police: 7.500 – Gewerkschaft : 60.000) Zu Le Havre, der Stad vum Premierminister Edouard Philippe, wëll d‘Police der awer wéinstens 3.400 gesinn hunn. Zu Nantes huet et géint zum Enn vun der Manif Ausenanersetzunge ginn an och zu Marseille si Manifestanten a Police net laanscht enee komm. Laut dem Inneministère sinn uechtert Frankräich 13 Persoune festgeholl ginn. Zu Marseille hat sech de Leader vun der „France Insoumise“ de Jean-Luc Mélenchon dem Cortège ugeschloss. De militante Lénken huet versprach de franséische President „zeréck ze drängen“ well „dëst Land wëll keng liberal Welt“.

Manifestante fuerderen de Retrait vun den Ordonnancen déi d‘Aarbechtsrecht a Fro stellen. (© Jean-Philippe Ksiazek/AFP)

D‘Gewerkschaften oneens

D‘Deckelung vun den Entschiedegungen, d‘Zesummeleeë vun de Personalvertrieder an den Entreprisen, d‘Reform vum Penibilitéitscompte, méi Raum vir de Firmenaccord: d‘Ordonnance bezéien sech op d‘Wahlversprieche vum President. Wann dem Patronat soll d‘Angscht huele Personal anzestellen, esou gesinn d‘Gewerkschaften hei d‘Beschneidung vum Aarbechtsrecht.

Allerdéngs sinn sech d‘Gewerkschaften net eens. FO (Force Ouvrière) schléisst sech dem Mouvement net un. Och wa FO 2016 nach mat derbäi war an sech eng Partie vun de Militanten entscheet huet matzegoen. Esou och verschidde Sektioune CFDT, CFE-CGC, CFTC oder Unsa. Zu Paräis, Bordeaux a Rennes, waren d‘Fändele vu FO gutt ze gesinn.

Eréischt den Ufank

Fir den Emmanuel Macron steet vill um Spill. Deen ass iwwerzeegt, datt dës Reform de Chômage däitlech reduzéiert. D‘Lag ass dann awer delikat fir de jonke President, dee sech um Dënschdeg an den Antillen en eegent Bild vum Schued duerch den Orkan Irma gemaach huet. D‘Sondagen si fir den Emmanuel Macron net gënschteg. Zur gläicher Zäit wéi d‘Cortège duerch d‘Stroosse vu Frankräich gezu sinn, huet d‘Aarbechtsministerin Muriel Pénicaud bei engem Colloque verséchert, datt „d‘Land zeideg wier fir e franséische Modell vun der flexibeler Sécherheet ze erfannen“.

D‘Gewerkschaft CGT huet zum selwechten Ament schonn eng nei Aktioun versprach an d‘Militanten opgeruff sech den Aktioune vum 21. September unzeschléissen. Dat wier de Virowend zu der Presentatioun vum Projet am Ministerrot an zwee Deeg virun der Manif vun der „France Insoumise“. Den Dag vu gëscht war dann och vu Streikaktioune gepräägt: perturbéierten ëffentlechen Transport, Eiffeltuerm nëmme partiell op.

mam Céline Loubette, Bertille Ossey-Woisard an de regionale Büroen/AFP

Foto: „De Macron entmuechten“ esou de Banner, mat deem d‘Ordonnance vum franséische President veruerteelt ginn, wëll déi d‘Aarbechtsrecht op d‘Kopp stellen. (© Loic Venance/AFP)

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Emmanuel Macron, Frankräich, Gewerkschaften
Nächsten Artikel Virrechten Artikel