Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

20 Joer CIGL Esch: Är Besoinen, eis Projeten
hook up webster Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-sites-kentucky/

Zanter elo 20 Joer iwwerhëlt de CIGL (Zenter fir lokal

hate dating app android
hook up webster Neiegkeeten

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China

De Locataire gëtt keng Rou an schéngt sech virgeholl ze

D’Gewënner vum 8e Lëtzebuerger Filmpräis
hook up webster Neiegkeeten

D’Gewënner vum 8e Lëtzebuerger Filmpräis

E Samschdeg, den 22. September huet déi 8. Editioun vum

Ass eng Reform vum Asyl-System an Europa méiglech?

Ass eng Reform vum Asyl-System an Europa méiglech?

Haut gesinn sech d‘EU-Inneminister um Kierchbierg, fir iwwert e Kompromëss ze debattéieren, mat deem d‘Reform vum europäeschen Asyl-System soll virugedriwwe ginn. Den Drock op d‘Inneminister ass grouss, net zur Lescht, well déi italienesch Regierung Moossname fuerdert.

An et ass dann och déi bulgaresch Presidence, déi d‘Friichte vu ville Méint Aarbecht muss op den Dësch leeën, vun deenen sech erhofft gëtt, dann se en Auswee aus der Sakgaass bidden. Den Dossier hat sech am Sträit iwwer nei Quote verfaangen, mat deene sollt festgeluecht ginn, wéi een d‘Refugiéeën an Asyl-Demandeure besser an der Unioun kann opdeelen.

Eng Mesure déi d‘Solidaritéit an der EU a Fro gestallt huet, a besonnesch duerch d‘Haltung vun de Memberlänner aus dem Osten, zu gréisserem Gestreits gefouert huet. Et kënnt um Dënschdeg net zu enger Entscheedung, mee d‘Ministere musse soen op si averstane sinn, datt d‘Propositioun déi hinne virgeluecht gëtt, beim EU-Sommet vum 28-29. Juni, vun de Staatscheffen diskutéiert gëtt.

D‘Memberlänner haten dëse Sommet dann och als „Stéchdatum“ festgeluecht, fir e Konsens zur Reform vun der „Dublin-Regel“ ze fannen. E Reglement dee faktesch ongerecht ass, well domatter d‘Haaptlaascht am Bezuch op den Asyl, deene Länner opgedroe gëtt, déi an der éischter Linn stinn. Dat ass beispillsweis bei Griicheland an Italien erwisenermoossen de Fall.

Elo huet den Zoustroum, dräi Joer nom traurege Rekord vun 2015 (1,26 Milliounen Demande fir Asyl) däitlech ofgeholl, mee et ass den Europäer net gelongen, d‘Solidaritéit an der Unioun nennenswäert ze verbesseren. Dobäi ass et noutwenneg Dispositiounen ze fannen, déi verhënneren, datt eenzel Länner sech eleng mam „Problem“ erëmschloe mussen.

Ubruechte Kritik oder Populismus?

„Italien a Sizilien kënnen net de Refugiéescamp vun Europa sinn“ hat de Matteo Salvini, neien Inneminister vun Italien a Leader vun der rietsextremer Lega Nord, bei sengem Besuch zu Pozzallo géintiwwer de Medien erkläert. De Salvini ass haut net zu Lëtzebuerg, wat hien awer net ofgehalen huet eng Reform ze kritiséieren, déi entgéint den Interesse vun de mediterrane Länner ass.

Dorops Äntwert um Dënschdeg den Emmanuel Macron: „Mir kréien de Problem nëmme geléist, wa mir alleguerten zesummen um Schutz vun den EU-Grenze schaffen, eis Reegelen a Rechter am Bezuch op den Asyl openaner ofstëmmen“. De franséische President affirméiert dann awer och, datt den Dialog mat Roum muss weidergefouert ginn.

Laut den Dokumenter déi d‘AFP konnt agesinn, ziilt de bulgaresche „Kompromëss“ drop of, déi Länner, déi an der éischte Linn stinn, ze entlaaschten. Gläichzäiteg soll déi „sekundär Bewegung“, also den Transfert an aner Länner gebremst ginn. Den Text enthält Mesuren, déi op eng Opdeelung vun den Asyl-Demandeuren an der EU hiweisen, mee déi sinn éischter „Hallefhäerzeg“.

Dat läit dann och an éischter Linn u Warschau a Budapest. Déi weigeren sech standhaft Refugiéeën opzehuelen, well si der Usiicht sinn, datt een „esou Mënschen“ net integréiere kann. An d‘Géigner vun de Quoten ënnersträichen, datt déi wou 2015 bestëmmt goufen, net zu engem Véierel vun den 160.000 „Relokalisatioune“ gefouert hunn.

Et geet fir d‘Éischt ëm d‘Geld, dann ëm de Mënsch

Fir sech d‘Refugiéeë „vum Hals ze Halen“, war sech d‘EU net ze schued e knaschtegt Geschäft mat der Tierkei anzegoen, an esou ganz niewebäi sech senger Verantwortung ze entzéien. A laut der bulgarescher Propose, kann et nëmmen zu obligatoresche „Relokalisatioune“ kommen, wann hei eng finanziell an technesch Ënnerstëtzung séchergestallt ass, besonnesch am Krisefall.

Mee domatter net genuch: et kann eng Opnam nëmmen an Ausnamefäll „erzwonge“ ginn, an dann och nëmmen no engem Vott mat enger qualifizéierter Majoritéit vun de Memberlänner. Zudeem ass an der Propose eng „Flexibilitéit“ enthalen, déi et engem Land erlaabt, d‘Zuel vun de Leit déi him duerch en automatiséierte System zougewise ginn, ze reduzéieren.

An den Text dierft och schonn dowéinst bei de Griichen an den Italiener op wéineg Zoustëmmung treffen, well d‘Contrainte fir d‘Länner, an deenen d‘Refugiéeën ukommen, nach emol verschäerft goufen. D‘Verantwortung vun der administrativer Behandlung soll elo op 8 Joer erweidert ginn. Aktuell läit déi bei 18 bis 24 Méint.

Wéi een do behaapte kann, datt déi bulgaresch Proposen eng „gutt Basis“ duerstellen, erschléisst sech och den Experten net. Déi sinn zudeem der Meenung, datt och dës „haart Linn“, d‘Géigner vun enger Reform net dierften iwwerzeegen. D‘Laascht vun der Opnam muss op méi Schëllere verdeelt ginn, an dat permanent an net nëmmen a Krisenzäiten.

mam Cédric Simon/AFP

Ähnlech Sujeten Asyl-System, Bulgarien, EU-Inneminister, Europa, Griicheland, Italien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel