Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du kucks vill Filmer a Serien? Da kenns du bestëmmt des Schauspiller!
Neiegkeeten

Du kucks vill Filmer a Serien? Da kenns du bestëmmt des Schauspiller!

Op jonk, op al: jiddereen huet op mannst e puer

Barrièrefräiheet fir all ëffentlech Plazen!
Neiegkeeten

Barrièrefräiheet fir all ëffentlech Plazen!

Gëschter huet d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) de Gesetzprojet zur Barrièrefräiheet,

Réckgang vum Drogekonsum zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Réckgang vum Drogekonsum zu Lëtzebuerg

De nationale Bericht zu der Lag vum der Drogeproblematik an

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un

Wéi d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) an den Direkter vun der TNS-Ilres, Charles Margue, et um Dënschdeg matgedeelt hunn, wier d‘Reform vum Elterecongé e grousse Succès.

Fir dës Reform, déi den 1. Januar a Kraaft getrueden ass, hat de Ministère e Sondage an Optrag ginn an déi Resultater si virgestallt ginn. An de Sondage ass a villen Hisiichten interessant. Hunn am Zäitraum 2016-2017 eng 17.640 Persoune vum Elterecongé gebrauch gemaach, esou geet aus dësen Zuelen eng Steigerung vu 70% ervir.

Elterecongé

Wat kann iwwerraschen, ass de Fait, datt et besonnesch d‘Pappe sinn, déi sech 2017 massiv fir den Elterecongé entscheet hunn. Dobäi gëtt et och bei de Mammen eng konstant Erhéijung. Bei de Männer huet sech d‘Zuel vun 2016 op 2017 bal verdräifacht (+190%), bei de Fraen ass d‘Progressioun mat +18% stabil.

Eng breet Majoritéit weist sech zefridden. An dach wëll een nach weider Verbesserunge bréngen!

Laut dem Sondage wiere 85% vun de Befrote Persounen „extrem“ oder „ganz“ zefridde mat der Reform. Dat si gutt Nouvelle fir d‘Familljeministesch, déi der Usicht ass, datt een hei gutt Fundament geluecht huet. Et misst een sech elo awer deene Punkten unhuelen, déi nach keng Zefriddestellung bréngen.

Esou wier et nach e laange Wee bis ee Familljeliewen an Aarbecht an Aklang kéint bréngen. Nëmme 7% vun de Sondéierten haten dat als éischt Äntwert uginn. Mee am grousse Ganzen ass dësen éischte Bilan gutt. Zudeem wéist d‘Zounam vun der Gender-Gläichheet (2016 huet sech den Elterecongé op 75,3% Frae verdeelt, 2017 sinn et nach just 55,4%) datt een um richtege Wee ass.

Ähnlech Sujeten Charles Margue, Corinne Cahen, Elterecongé, Familljeministère, TNS-Ilres
Nächsten Artikel Virrechten Artikel