Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt X: Ass et zu Paräis roueg, klappen se sech an der Provënz
Money Neiegkeeten

Giel Gileten Akt X: Ass et zu Paräis roueg, klappen se sech an der Provënz

Et war schonn deen zéngte Samschdeg hannertenaner, datt sech de

City Shuttle – Déi autonom elektresch Navette gëtt Realitéit
Money Neiegkeeten

City Shuttle – Déi autonom elektresch Navette gëtt Realitéit

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch huet vergaangenen Dënschdeg de

LGBTI: Commemoratiounsdag zu Esch/Uelzecht
Money Neiegkeeten

LGBTI: Commemoratiounsdag zu Esch/Uelzecht

D’Gay Pride ass nieft alle Manifestatiounen, déi dem Gefill vu

money

Wat bréngt d‘Reform vum Faillittegesetz?

Handelskummer kritiséiert a sengem Avis d‘Approche vun der Regierung

Wat bréngt d‘Reform vum Faillittegesetz?

Elo läit de Gesetzestext 6539 zur Reform vun der Legislatioun fir d‘Faillitten um Dësch, an den 2016 designéierte Rapporteur Franz Fayot (LSAP) muss sech elo och nach mat der Kritik aus dem Avis vun der Handelskummer ausenanersetzen. Dobäi sollt et eigentlech zu engem Enn kommen.

An d‘Kritikpunkte vun der Handelskummer sinn net vun der Heck gepléckt. An hirem Avis stellt d‘Handelskummer fest, datt de Preventiounsvolet ze kuerz gräift, dofir awer d‘Repressioun soll verschäerft ginn. Eng „Repressioun“ déi net géif ënnerscheeden tëscht „éierlechem Geschäftsmann“ an „onéierlechem Geschäftsmann“. Hei géif net ënnerscheet, tëscht „Echec“ a „Bedruch“.

Dobäi hat ee sech iwwert déi noutwenneg Moderniséierung vum Gesetz gefreet, mee dësen Text mat all sengen Amendementer géif den Erwaardungen a Besoine vun de Lëtzebuerger Entreprisen an Entrepreneuren net gerecht. Dëst Gesetz géif sech net op déi geliefte Realitéit vun de ganz klengen a mëttlere Betriber bezéien, wou déi awer 99% vun der Wirtschaftskraaft ausmaachen.

Zudeem wier et net domatter gedoen, Entreprisen opzespieren déi a Schwieregkeete geroden, fir enger Faillitte virzegräifen. Wann een hei net op de Wee geet, en Analys vun den Ursaachen, déi d‘Entreprise a Gefor bréngen, ze maachen ass um Enn kengem gehollef. Zu dësem Punkt hat d‘Handelskummer 2011 schonn emol eng konkret Analys vun de Problemer virgeluecht.

De Faktor „Mënsch“

Sengerzäit haten d‘Analyste vun der Handelskummer notéiert, datt d‘Hallschent vun de Faillitten zu laaschte vum „Patron“ ginn. Deem kann a sollt een entgéintwierken, wat natierlech och vun der Zesummenaarbecht vun der betraffener Entreprise ofhängeg ass. Eng aner Ursaach: onbezuelte Rechnungen. Vill Betriber ginn tatsächlech d‘Bach an, well hir Rechnungen net beglach ginn.

Wat d‘Fäegkeeten am Kontext vun der Gestioun betrëfft, esou ass een op der Handelskummer der Usiicht, datt ee Léisungsusaz an der „Begleedung“ läit. Wann also festgestallt gëtt datt eng Firma wirtschaftlech Problemer huet, sollt een hinne qualifizéiert Leit zur Säit stellen, deenen et méiglech ass de Problem ze identifizéieren, an zesumme mam Patron Léisungen auszeschaffen.

An esou e System huet d‘Handelskummer mat sengem Service „one-stop-to-shop-to-prevent“ och schonn instauréiert. Mat dëser Initiativ kënne Selbststänneger an Entrepreneuren de Punkt maachen, iwwert déi wirtschaftlech, wei och finanziell Situatioun vun hirem Betrib. Et ass, och wann et sécherlech net ëmmer einfach ze liewen ass, ëmmer besser den Tatsaachen an d‘Aen ze kucken.

Ze repressiv

Am Kontext vun der „Repressioun“ huet d‘Handelskummer déi gréisste Kritik geäussert. Hei huet ee kaum bis kee Versteesdemech dofir, datt d‘Verantwortung vum Entrepreneur am Fall vun engem Echec nach verstäerkt gëtt. Am neien Text gëtt all Patron, deen net bannent engem Mount gemellt huet seng Rechnungen net méi bezuelen ze kënnen, „Bankrott“ erkläert an um Penal condamnéiert.

Wat de Verbuet eng Entreprise ze féiere betrëfft, esou ass den Ament nach esou, datt d‘Justiz deen Entrepreneur bestrooft deen e schwéieren a charakteriséierte Feeler begaangen huet, deen zur Faillitte gefouert huet. Mat den Amendementer ass d‘Notioun „charakteriséiert“ ewech gefall, an d‘Schrauf fir de „schwéiere Feeler“ am Kontext vun der Faillite zolidd bäigezu ginn.

Esou gesäit d‘Gesetz vir, datt den Entrepreneur géintiwwer dem Steieramt fir d‘Scholde vun der Entreprise verantwortlech ass, a gläichzäiteg d‘Notioun „Feeler“ ewechfält. Domatter gëtt den Entrepreneur mam Réck widder d‘Mauer gestallt, wat säitens de Handelskummer als inakzeptabel bezeechent gëtt. Dës Ännerung verbitt den Ermiessungsspillraum vun der Administratioun.

Scheitere soll zoulässeg sinn

Et ass dann och säitens der Handelskummer ze bedenke ginn, datt ee gutt berode wier am Fall vun der Faillite ze ënnerscheeden: tëscht dem Entrepreneur mat engem ongléckleche Geschäftsmodell, an dem Geschäftsmann dee seng Creanciere beduckse wëll. Wann ee sech net drop eenege kann datt e Geschäftsprojet och scheitere kann, dann ass de Message: „nëmmen näischt riskéieren“.

Mat deem Gesetzestext, jiddefalls gëtt keen encouragéiert eng Entreprise ze kreéieren oder sech als Independant ze etabléieren. An dat géif däitlech am Widdersproch zum Wëlle stoen, Lëtzebuerg als „Startup-Nation“ ze etabléieren. Et ass zudeem net am Prinzip vun der „zweeter Chance“ an Aklang ze bréngen, deen am 5. Plan-PME vum Minister Lex Delles enthalen ass.

D‘Handelskummer gëtt ofschléissend ze bedenken, datt all fënneften erfollegräichen Entrepreneur an der Unioun, un sengem éischte Projet gescheitert ass. Mat enger Approche wei se an dësem Gesetz enthalen ass, géif et dës Leit net méi ginn. Och en Echec ass eng Erfarung, déi duerchaus zum Erfolleg féiere kann. Dofir muss mat der „Schan vum Scheiteren“ Schluss sinn.

Ähnlech Sujeten Faillittegesetz, Gesetz 6539, Handelskummer, Start-up Natioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel