Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat
Neiegkeeten

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat

Et war an engem briechend vollen Auditorium vun der Universitéit

De Mouvement Ecologique zum Bettel senger Ried!
Neiegkeeten

De Mouvement Ecologique zum Bettel senger Ried!

De Mouvement Ecologique begréisst ausdrécklech, datt de Premier Xavier Bettel

Lëtzebuerg: De Covid19 fuerdert en neit Affer
Neiegkeeten

Lëtzebuerg: De Covid19 fuerdert en neit Affer

Och bei eis am Land dréift den onséilege Coronavirus Covid19

Brauch et eng Reform vum politesche Congé?

D‘Buergermeeschter am Land géifen un d‘Grenze vum zäitlech machbare gerode fir hir Funktioun korrekt ze erfëllen

Brauch et eng Reform vum politesche Congé?

Am Kontext vun den themateschen Atelieren, déi am Kader vun der Reform vum Kommunalgesetz organiséiert ginn, ass de Volet „politesche Congé“ ee vun den zentrale Sujeten. Vill Lokalpolitiker, hei natierlech virun allem d‘Buergermeeschter, stelle fest, datt déi aktuell Regel déi de politesche Congé bestëmmt, net méi zäitgeméiss ass, an dësen dréngend muss reforméiert ginn.

Fir d‘Unhänger vun dëser Reform steet fest, datt wann sech näischt um politesche Congé fir d‘Leit aus dem Schäfferot an fir d‘Buergermeeschter deet, da gëtt et komplizéiert. Bei engem Pensum dee labber op 60 Stonne kënnt misst de Lokalpolitiker méi Zäit zougestane ginn. Wier dat net de Fall, da géif ee riskéieren, datt sech geschwënn kee mir esou ee Mandat fanne léisst.

Anescht ausgedréckt, fir Buergermeeschter oder Schäffen ze sinn, huet ee besser et schafft ee beim Staat oder et ass e pensionéiert. Woubäi een hei net tëscht „Präsenz“ a reeller „Aarbechtszäit“ dierf ënnerscheeden. Och „Representéieren“ (grad fir Buergermeeschter aus enger touristesch aktiver gemeng) kascht Zäit a muss fir de geleeschten Opwand beim Congé berécksiichtegt ginn.

E Buergermeeschter kritt den Ament jee no Awunnerzuel ënnerschiddlech säi politesche Congé¹, an dat géif net emol Usazweis duergoen – zumindest an gréissere Gemengen an därer déi een als touristeschen Hotspot bezeechnen dierf – fir hirem Mandat voll ëmfänglech gerecht ze ginn. Nieft hiren administrativen Tâche mussen si jo och „Representéieren“ an dat geet un d‘Substanz.

Et ass dann och net domatter gedoen, datt ee Präsenz bei alle Generalversammlungen an gréisseren Evenementer weist. All dës representativ Aktivitéite verlaangen datt eng dem Thema gerecht Ried geschriwwe gëtt, wat och nees Zäit verlaangt. Och eng Hochzäit ass hautdesdaags net méi wéi dat soss de Fall war, bannent enger Véierelsstonn gedoen. An dat sinn nëmmen déi klassesch Aufgaben.

Buergermeeschter als Vollzäitbeschäftegung?

Fir déi Buergermeeschter déi sech e Méindeg zu Munneref mam Thema befaasst hunn, misst een nei Kritären definéieren, unhand deenen de politesche Congé der jeeweileger Situatioun an enger Gemeng muss ugepasst ginn. Sech eleng op d‘Awunnerzuel ze bezéie géif jiddefalls der Saach net méi gerecht. Et sollt een also och de Budget an déi wirtschaftlech Lag an Zukunft berécksiichtegen.

Zudeem misst et deene Gemenge wou et sënnvoll a wahrscheinlech och ubruecht ass, esou eppes wéi e Finanzdirekter an e Jurist ginn. Gréisser Gemengen hätten esou eppes, d‘Entlaaschtung fir de Buergermeeschter a de Schäfferot wier deementspriechend konsequent. Et ass och verständlech, datt hei d‘Gemenge mat Entreprise verglach ginn, dat awer nëmmen am Kontext vum Opwand.

A „klenge“ Gemengen ass d‘Beschäftegung vun engem Finanzdirekter / Jurist awer och eng Fro vu Geld, dat si esou gesi guer net hunn. Zudeem wieren och déi zwee net geduecht fir beispillsweis e PAG auszeschaffen, dofir bréicht et „Techniker“. Aktuell awer muss sech de Buergermeeschter mat sengem Schäfferot dorëms këmmeren an d‘Matière selwer gëtt och ëmmer méi komplex.

Wann een dann nach berécksiichtegt, datt vill Buergermeeschter och nach an der Chamber sëtzen an och do entspriechend Zäit mussen opwannen (Kommissiounen, Sëtzungen a Rieden) da gesäit ee séier wéi opwänneg d‘Mandat vun engem Buergermeeschter ka ginn. An dësem Kontext stellt sech dann awer och nees d‘Fro vum Cumul vun de Mandater. Vill Kapen op ze hunn, heescht Zäit hunn.

Am Inneministère gesäit een den Ament dann och kee Grond op de Wee vun enger Reform ze goen. Fir unzefänke muss jo och emol d‘Reform vum Kommunalgesetz ugepaakt ginn, iert ee sech iwwert d‘Doleance vun ee puer Buergermeeschter ënnerhale kann. Hei gëtt zudeem drop higewisen, datt d‘Gemengen sech bei „Problemer“ jo ëmmer un de Ministère wenne kënnen…

¹ De politesche Congé fundéiert op der Unzuel vun Awunner an der Gemeng. Dat bedeit, datt ee Buergermeeschter tëscht 9 a 40 Stonnen d‘Woch, d‘Schäffen nach 5 bis 20 Stonnen d‘Woch an d‘Conseilleren tëscht 3 a 5 Stonne politesche Congé zougesprach kréien. Dat schéngt tatsächlech net méi den Ufuerderunge vun der haideger Zäit ze entspriechen.

Ähnlech Sujeten Buergermeeschter, Conseiller, Kommunalgesetz, politesche Congé, Reform, Schäffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel