Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den Debutkonzert vun den doudege Boxen!
https://moien.lu/24-dating-a-35-year-old/

What the Fakt – Den Debutkonzert vun den doudege Boxen!

Trotz konservativem Däitschland um Ufank vun den 80er Joer hu

dating a skinny dude
https://moien.lu/24-dating-a-35-year-old/

dating a free spirit reddit

Am Virfeld vum Vältesdag besichen d‘Floristen a Gäertner d‘Entscheedungsdréier a

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!
https://moien.lu/24-dating-a-35-year-old/

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!

Am Joer 2011 war et den Nils Beierlein aus Mainz,

D‘Reform vum Wahlgesetz dierft net allen entgéint kommen

De Cumul vun de Mandater betrëfft haut 26 vun de 60 Deputéierten

D‘Reform vum Wahlgesetz dierft net allen entgéint kommen

Nodeems déi lénk dem Premierminister Xavier Bettel d‘lescht Woch hir Propositiounen zur Reform vum Wahlgesetz schrëftlech ënnerbreet hunn, war et un der Zäit emol eng Kéier nozekucken, wien dann alles esou um Krautmaart d‘Mandater cumuléiert.

E Fait dee scho mam Referendum vun 2015 denoncéiert gouf, woubäi sech nëmmen 30% vun de Wieler fir eng zäitlech Begrenzung op 10 Joer (zwou Legislaturperioden) vum Mandat als Minister ausgeschwat haten. No de Chamberwahle vum Oktober 2018, wier däitlech ervirkomm, datt dat aktuellt Wahlgesetz, virun allem de „grousse“ Parteien entgéint kënnt, wat ondemokratesch ass.

Dat huet sech de Xavier Bettel zu Häerze geholl an bei de Parteien nogefrot, an eng vun de Froe bezitt sech dann och op de Cumul vun de Mandater. Esou sollt am Gesetz definéiert ginn, datt ee sech als Politiker misst entscheeden: entweder Minister oder Buergermeeschter/Schäffen a senger Gemeng. Als Gemengeconseiller dierft een also och weiderhin e Sëtz um Krautmaart anhuelen.

Esou zumindest d‘Fuerderung vun déi lénk. Géif d‘Propose vun déi lénk (a si sinn domadder net eleng) Uklang fannen an d‘Gesetz nach an dëser Legislaturperiod ugeholl ginn, da geséich et fir därer 26 Deputéierter schlecht aus. Tatsächlech ass bal d‘Hallschent vun den Deputéierten an der Chamber an dëser Zwéckmillchen. Woubäi zu hirer Verdeedegung ze soen ass, dat huet Traditioun.

Wien de (politeschen) Hals net voll kritt

Interessanterweis ass et nees déi gréissten Oppositiounspartei, déi chrëschtlech-sozial Vollekspartei (CSV), déi sech ervirdeet. 15 vun hiren 21 Deputéierte sinn zugläich entweder Buergermeeschter (8) oder Schäffen (7). De Podium vervollstännegen déi Liberal (DP) mat 6 vun 12 Deputéierten an d‘Sozialisten (LSAP) mat 3 vun 10 Deputéierten. Béi déi gréng sinn et der 2 vun 9 déi cumuléieren.

Géif een de Cumul och op d‘Mandater als Gemengeconseiller auswäiten, wieren dës Zuele vill méi héich, an et wieren och quasi all déi aner Parteie méi oder manner betraff. Dofir kann op dëser Plaz zumindest awennen, datt wann een de Cumul vun de Mandater géif wierklech Eescht huelen, et heesche misst: Gemeng oder Chamber! Ass deem net esou, mécht een allen Argumenter d‘Dier op.

Huele mir do zum Beispill d‘Buergermeeschtesch aus der Stad Lëtzebuerg, déi jo awer net manner wéi 119.215 Bierger administréiert an op där aner Säit den CSV-Deputéierten Emile Eicher, dee Buergermeeschter vu Klierf ass, mat 5.340 Administréierten. Hei wier et einfach ze behaapten, datt d‘Charge vum Mandat ënnerschiddlech ass, firwat een differenzéiere misst. Esou einfach ass et net.

Eng éierlech Politik gëtt et net?

Wann een et zumindest rhetoresch guttheesche kann, datt et ënnerschiddlech „Realitéite“ gëtt, dat am Kontext vun der Gréisst déi eng Gemeng huet a wéi en Opwand hei vum Buergermeeschter an dem Schäfferot ze leeschten ass, esou leeft ee Gefor dat Grondsätzlecht aus den Aen ze verléieren.

Wahlgesetz

D‘Reform vum Wahlgesetz gëtt scho länger ugestrieft. Et ass eis awer kee bekannt, dee bereet wier eng Kap néierzeleeën. Och den Alex Bodry, war e ferventen Notznéisser vum Cumul vun de Mandater. Firwat sollt grad hie senge Komeroden dëse Privileg net vergënnen?

Esou kann een et dréinen a kéiere wéi ee wëll, als Vetrieder vun der Gemeng (an dat gëllt natierlech och fir d‘Conseilleren, egal wéi ee sech dozou positionéiert) an Deputéierten, vertrëtt ee ganz ënnerschiddlech Interessen, wat duerchaus zum Kaméidi féiere kann, wéi et de kierzlech notéierten Dissens tëscht dem Josée Lorsché (déi gréng) an dem Claude Wiseler (CSV) verdäitlecht huet.

D‘Josée Lorsché ass Schäffen zu Beetebuerg, wou si mat der CSV vum Buergermeeschter Laurent Zeimet an der Koalitioun ass. Beetebuerg huet e Problem mat enger Jughurtsfabrick, mee an der Regierungskoalitioun (DP/LSAP/déi gréng) huet een e Problem mat Beetebuerg, well een sech fir de Projet staark gemaach huet, an net bereet ass dëse wéinst Detailer zur Ëmwelt opzeginn.

Wou de Schong dréckt a wat méiglech ass

Ähnlech gesäit et beim Contournement vu Käerjeng aus. De Buergermeeschter vu Käerjeng (Michel Wolter – CSV), de Schäffe vun Dippech (Max Hahn – DP), de Buergermeeschter vu Suessem (Georges Engel – LSAP) hunn an dësem Dossier net nëmmen d‘Positioun vum Gemengerot vertrueden, mee hu sech och um Krautmaart fir oder géint de Projet misse stellen.

Där Beispiller wou een de Politiker en Interessekonflikt labber ënnerstelle ka gëtt et masseg. Dat ofzestellen dierft awer eng Saach vun der Onméiglechkeet sinn. D‘Paritéit war schonn eppes wéi e politesche „Rubik‘s Cube“, well sech vill Parteie schwéier dinn Dammen (déi och nach solle kompetent sinn) ze fannen déi sech politesch abrénge wëllen. Et misst sech awer eppes doen…

Zudeem ass den Ament vill rieds vun „Erneierung“, an de Verzicht op de Cumul vun de Mandater bis hin zum Conseiller, géif zumindest de jonken opstriewende Kandidaten an de Parteien entgéint kommen. De Gemengerot ass déi beschte Plaz fir sech Erfarung a Kompetenz unzëeegnen, dat och da wann ee fir d‘Partei nëmmen an enger Kommissioun siegéiert. Et wier also e Fortschrëtt?

Net zwéngend. Et hätt awer de risege Virdeel, datt de Wieler fir sech entscheede kann, ob e Politiker seng Interesse besser an der Gemeng oder um Krautmaart vertrëtt. Et soll jo elo kee Kandidat, dee sech fir d‘Kommunalwahlen opstellt, dru gehënnert ginn sech zur Wahl fir d‘Chamber opzestellen. Gëtt en an de Gemengerot gewielt, sollt hien net méi fir d‘Chamber kandidéieren (oder ëmgedréint).

Illustratioun: Ee Mandat pro Politiker a basta! Dat ass ee vun de grousse Chantiere bei der Reform vum Wahlgesetz. Wann awer 26 vu den insgesamt 60 Deputéierten zugläich Buergermeeschter a Schäffe sinn (d‘Conseillere goufen hei net berécksiichtegt) kéint ee sech virstellen, datt et do zolidd Awänn dierfte ginn, de Cumul ofzeschafen.

Ähnlech Sujeten Chamber, Cumul vun de Mandater, Krautmaart, Reform, Wahlgesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel